Lampech
Limpach

Kierch Lampech (by Jim Wanderscheid - intranet.cathol.lu [cc by-nc-nd])

Zu Lampech gouf et eng al Kierch aus dem Joer 1612. Dës Zuel fënnt ee rechts op engem Steen beim Säitenaltoer.

Vu 1779 bis 1781 gouf déi nei Kierch gebaut.

Den 18.8.1782 ass d‘Kierch geweit ginn.

1890 ass se ënnert dem Paschtouer Majerus ëm eng Kierchefënster vergréissert ginn.

Den Haaptpatroun ass den Hellege Niklos, den Niewepatroun den Hellege Rochus.

D’Kiermes gëtt um Sonndeg virum 6. Dezember gefeiert. Déi kleng Kiermes fält op de Sonndeg nom 15. August.

D’Kierch besteet aus engem eenzege Schëff. Lénks ass eng Säitekapell ugebaut. Den Tuerm vun der Kierch ass 24 m héich.

Den Hunn um Tuerm vun der Kierch war fréier aus Holz a gouf 1940 bei enger Wett erofgeschoss. Doropshin ass e vun dem Schützen duerch en neien ersat ginn.

Baussen iwwert der Agangsdier gesäit een d’Wope vun der Famill de Geisen.

Am Chouer gesi mir dräi Altär am Barockstil vum Meeschter Greef vun Altwies aus dem Joer 1725. Dësen Datum steet hannert dem Muttergottesaltoer.

1972 war e Feier an der Kierch, bei deem d’Bild vum Niklos um Haaptaltoer verbrannt ass. Haut ass op där Plaz e Bild ze gesi vun der Presentatioun vum Jesus am Tempel. Um Antependium ass d‘Lamm Gottes mam Buch mat de 7 Sigelen.

Dat Kräiz op der lénker Säit staamt aus der Kapell vun der rue de Reckange, déi 2003 ofgerappt gouf.

Niewent dem Haaptaltoer steet riets eng Statu vun der Helleger Margareta a lénks eng Statu vum Hellege Willibrord.

Um rietse Säitenaltoer gesäit een iwwert der Statu vum Hellege Rochus de Johannes mat sengem Symbol, dem Adler. Um Antependium ass d‘Zeeche vu Christus IHS.

Um lénke Säitenaltoer ass iwwert der Muttergottes Gott de Papp duergestallt. Um Antependium gesäit een d‘Maria Immaculata.

Virun de Säitenaltär hänken op de Sailen Tafelen aus Holz, déi vum ale Priedegtstull stamen.

Den Altoer an den Ambo sinn aus dem Joer 1982.

Iwwert dem Agank hänkt e Missiounskräiz.

An de Fënstere gesi mir riets de Jesus mat der Margareta Maria Alacoque.

Lénks ass d’Muttergottes mam Jesuskand an dem Hellegen Dominique.

An der Sakristei ass eng Fënster mam Hellege Jousef.

No 1800 huet kee méi an der Kierch dierfe begruewe ginn. Dowéinst hunn sech d’Schlasshäre vu Lampech eng eege Kapell gebaut. An dëser Säitekapell sinn d’Griewer vun den Herrschaften de Villers, de la Fontaine an de Geisen.

Iwwert dem Altoer ass e Bild vun der Himmelfaart an um Antependium e Bild vu Maria beim Jesus sengem Graf.

Haut gëtt d‘Kapell als Sakristei benotzt.

Am Klackentuerm hänken 3 Klacken.

Déi grouss Klack vun 1874 ass dem Hellege Niklos geweit, huet den Toun La, weit 504 kg an ass vun der Firma Mabilon vu Saarburg gegoss ginn.

Déi mëttelst Klack heescht och Niklos, ass op den Toun Si gestëmmt a weit 300 kg.

Déi kleng Klack gëtt Rochus genannt, huet den Toun Do# an ass 220 kg schwéier.

Déi mëttelst an déi kleng Klack goufen 1985 och vun der Firma Mabilon aus Saarburg gegoss.

Zënter 1973 ginn d’Klacken elektresch gelaut.

Um Kierfecht rechts niewent der Kierch kann een nach schéin al Kräizer gesinn.


👉 Hei fannt Dir eng vollstänneg Dokumentatioun vun de Fënsteren:
Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e.V., Mönchengladbach

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement