lb fr

Info – Kannerkatechees a Familljemassen

Léif Elteren, léif Kanner,

Zënter dem September 2017 gëtt et an der Grondschoul kee Reliounsunterrecht méi.

Vum Bistum Lëtzebuerg aus gëtt iech als Elteren e Glawenswee proposéiert. Dat bedeit:

  • d’Preparatioun op d’Éischtkommioun an de Kannerkatecheesen
  • dono Weiderféierung vum Glawen a verschiddene Jugendgruppen
  • an eiser Par gëtt och eng Preparatioun vun der Firmung ugebueden

Hei e puer Informatiounen, wéi d’Katecheesen an eiser Par «Mess-Réibierg Sainte-Famille» organiséiert sinn. Mir schaffen a verschiddenen Altersgruppen:

  • Butze-Katechees (1-4 Joer)
  • Midikatechees (4-7 Joer)
  • Maxikatechees (8-10 Joer)
  • Kommiounskatechees
  • Pré-Teens (10-12 Joer)
  • Jonk Teens (12-14 Joer)
  • Jugendbegleedung (vu 15 Joer un)

Familljemasse sinn ongeféier all 6 Wochen. Do gëtt d’Evangelium vum Dag kandgerecht mat Biller, Geschichten an villen aneren Hëllefsmëttelen erzielt. Ausserdeem kënnen d’Kanner do aktiv zur Gestaltung vun der Mass bäidroen.

Viraussetzung fir d’Kommioun ze maachen ass:

✓ 2 Joer Participatioun an de Katecheesen
✓ am Laf vum 3. Joer, an der Kommiounskatechees, preparéiere mir eis dann op d’Sakrament vun der Éischter Kommioun

Fir all weider Froen zu de Katecheese kënnt dir iech bei eiser Titularkatecheetin mellen.

Sonja Mack-Ernster
Tel.: 671 106 106
sonja.mack@cathol.lu

 

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement