Bettange-sur-Mess

1389 gouf et schon eng Kapell zu Betteng. Et war eng vu 4 Kapellen „op der Mess“. Déi aner waren zu Éileng, Reckeng a Réisseng.

D’Kapell vu Betteng ass lues a lues baufälleg ginn a 1738 ass e Kontrakt opgestallt ginn, fir se ofzerappen an duerch eng nei Kierch ze ersetzen.

1739 gouf mam Bau vun der neier Kierch ugefaang. Dës Joreszuel fënnt een iwwert der Agangsdir an am Gewëllef. Iwwert der Haaptentrée gesäit een den Äerzengel Michael an de Wopen vun der Famill De Geisen.

1803 ass Betteng eng Por ginn.

Den Haaptpatroun ass den Hellege Michael an de Niewepatroun ass den Hellege Blasius.

D‘Kiirmes orientéiert sech um Fest vum Hellege Blasius a gëtt um Sonndeg nom 3. Februar gefeiert.

1881 gouf d’Bettenger Kierch ëm 5 Meter vergréissert . 2 Joër duerno ass de Kierch tuerm deelweis zerstéiert ginn, wéi de Blëtz dra geschloen ass.

De 26. Juli 1884 ass d’Bettenger Kierch konsekréiert.

1928 ass de Kierchegesank entstan an 1929 ass en Ducksall an der Kierch opgeriicht ginn.

Vun 1950 bis 1958 krut d’Kierch eng nei Fassade, en neien Daach an de Banneraum gouf erneiert an nei ugestrach.

1975—1976 ass d’Kierch no de Riichtlinne vum 2. Vatikanesche Konzil komplett restauréiert ginn.

Den neien Altoer dréit d‘Symboler vun den Evan geliste Matthäus, Markus a Lukas.

D’Symbol vum Johannes fënnt een op der hëlzener Sail, op där den Tabernakel steet.

Souwuel den Altoer wéi och d’hëlze Säil si vum Jos Birsens vu Betteng.

D’Kräiz iwwert dem Altoer ass 1,5 m héich an de Corpus dovu staamt aus dem Joër 1730.

D‘Uergel mat hire 702 Päife gouf 1990 ugeschaf.

Op de Säite vum Chouer sti Statue vu Maria a Jousef.

D‘Jousefsstatu ass ganz al. Si ass ëm d‘Grënnungs joër vun der Kierch entstan.

Deen ale Liesstänner gëtt vun engem Adler verschéinert.

De Stänner vun der Ouschterkäerz ass e Wierk vum Albert Kratzenberg vu Klierf.

Den Dafsteen staamt aus dem 18. Jorhonnert.

De moderne Kräizwee ass vun der Kënschtlerin Marie-Thérèse Gilles vu Betteng.

Bei der Renovatioun ass déi al Kommiouns bänk an d‘gliese Wand, déi de Kiercheraum vun der Entrée oftrennt, agebaut ginn.

Am Kierchtuurm hänken 2 Klacken aus dem Joër 1838.

Déi méi grouss, dréit de Numm „Hl. Michael“. Si weit 326 kg an ass op de Sol# gestëmmt. Op hir fanne mir eng latengesch Schrëft, déi iwwersat seet: „Das Herz Michaels vertreibt den teuflischen Geist aus Bettingen.“

Déi zweet Klack heescht „Hl. Blasius“. Si weit 248 kg a gouf op de La# gestëmmt. Op hir steet op Latäin geschriwwen: „Ich werde Blasius genannt und kündige den Gläubigen in und um Bettingen die heiligen Zusammenkünfte an.“

Vun 1946 un, ginn d’Klacken elektrësch gelaut.

1983 ass am Duerfkär eng kleng Kapell mat der Helleger Famill vu Bettenger Leit gebaut ginn.

Orgues_Westenfelder
Seit 1990 steht vir am Chouer eng herrlech Uurgel aus der Manufacture d’Orgues Kuxembourgeoise dei den Uurgelmeeschter Georg Westenfelder gebaut huet.

Dispositioun vun der Uurgel:

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement