D’Bibel op Lëtzebuergesch
Déi véier Evangelien

Och als E-Book disponibel

2009 ass den „Evangeliar“ mat deenen Evangelientexter op Lëtzebuergesch erauskomm, déi an der Liturgie vun de Sonndeger an de Feierdeeg virgelies ginn, an an de Joren 2018 an 2019 koumen noeneen d’Evangelien nom Matthäus, nom Johannes, nom Markus an nom Lukas als eenzel Bicher eraus.

Duerno huet den Aarbechtsgrupp „D’Bibel op Lëtzebuergesch“ di ganz Texter nach eng Kéier kritesch iwwerlies an se zu engem eenzege Buch zesummegestallt, dat och mat enger Rei vun usprochsvolle Fotoen aus dem Hellege Land illustréiert ass.

D’Texter aus dem Neien Testament aus dem griichesche Referenztext sinn an e gutt a richtegt Lëtzebuergesch iwwersat ginn, an dat am Respekt vun deenen neitsten Erkenntnesser vun der Bibelwëssenschaft an der Exegees.

Dëst handlecht Buch [A5] ass geduecht fir doheem am private Gebiet, an der Famill, a Bibelkreesser, vrun allem awer och an der Katechees gebraucht ze ginn. Ëmmer méi Leit – jonker an eelerer – sollen an de biblesche Schrëften en deegleche „Kascht“ fir hiert Liewe fannen!

aus dem Virwuert vum Jean-Claude Kardinol Hollerich,
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

D’Bibel op Lëtzebuergesch. Déi véier Evangelien kann ee fir de Präis vu 34,99 € op folgende Plaze kréien:

  • an der ErwuesseBildung (5, avenue Marie-Thérèse)
  • am Centre Jean XXIII (52, rue Jules Wilhelm)
  • am Bistum (4, rue Génistre)
  • och als E-book disponibel (Books on Demand)

Den Erléis ass fir d’Fondatioun Sainte-Irmine.


Bibliographesch Angaben

Äerzbistum Lëtzebuerg (Hrsg.), D’Bibel op Lëtzebuergesch. Déi véier Evangelien, Norderstedt, Books on Demand, 2023, 280 Säiten (ISBN 978-3-7504-9814-3, 34,99 €).


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement