D’Bibel op Lëtzebuergesch
Dote vun den Apostelen (Apostelgeschicht)

och als e-Book ze kréien

Mat dëser Publikatioun vun den Dote vun den Apostelen (Apostelgeschicht) kritt d’lëtzebuergesch Bibellandschaft e weidere Grondsteen. No de véier Evangelien (2023) läit elo och dëse lukaneschen Text an eiser Sprooch vir, iwwersat aus dem griichesche Referenztext. Dat ass méi wéi eng nei Editioun: Et ass e Wee, fir dem Herrgott säi Wuert nach méi no un d’Häerzer, un d’Denken an un d’Liewen hei am Land ze bréngen.

E grousse Merci geet un d’Membere vum Iwwersetzergrupp, déi mat Gedold, Kompetenz a vill Séil un dëser Aarbecht geschafft hunn. […] Si hunn domat net nëmmen en Text iwwersat, mee eng Dier opgemaach: fir d’Gemeinschaften, fir d’Liturgie, fir d’Katechees, fir Bibelgruppen a fir jiddereen, deen an der Stëmm vun der Helleger Schrëft och e Stéck vun der eegener Sprooch erëmfënnt.

Datt dës Dote vun den Apostelen (Apostelgeschicht) elo op Lëtzebuergesch ze liese sinn, ass eng Invitatioun: d’Wuert am Alldag heemesch ginn ze loossen. An eiser Sprooch kënnen d’Froen an d’Freed, d’Zweiwel an d’Begeeschterung vun dëser éischter Kierch méi direkt mat äis schwätzen. Et ass eng Sprooch vum Gebiet an der Verkënnegung, vun der Katechees an der perséinlecher Lectio, eng Sprooch, déi d’Bréck schléit tëscht Traditioun a Géigewaart.


Ech wënschen dëser Iwwersetzung vill Lieserinnen a Lieser. Si soll d’Gemeinschaften an eise Paren a Beweegunge begleeden, awer och eis Kanner an der Katechees an hir Familljen. An si soll äis hëllefen, mat deem selwechte Geescht vun Opbroch a Vertrauen ze liewen, deen d’Dote vun den Apostelen (Apostelgeschicht) duerchzitt: datt den Herrgott och haut weider schreift, an datt seng Geschicht mat äis net ofgeschloss ass.

aus dem Virwuert vum Jean-Claude Kardinol Hollerich,
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Dote vun den Apostelen (Apostelgeschicht) kann ee fir de Präis vun 8 € op folgende Plaze kréien:

Den Erléis ass fir d’Fondatioun Sainte-Irmine.


Bibliographesch Angaben

Äerzbistum Lëtzebuerg (Hrsg.), Dote vun den Apostelen (Apostelgeschicht), Hamburg, Books on Demand, 2026, 140 Säiten (ISBN 978-3-6957-0070-7, Paperback, 12x19 cm, 8 €).


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement