|
lb fr
Kannerkatechees a FamilljemassenLéif Elteren, léif Kanner, Wéi déi meescht vun iech wëssen, ass ët fir eis kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg eng Zäit vun de groussen Ännerungen. Eng vun deenen Ännerunge betrëfft d’Glawensvermëttlung bei de Kanner. Zënter dem September 2017 gëtt et an der Grondschoul kee Reliounsunterrecht méi. Hei ass e groussen Deel vun der kathoulescher Glawensvermëttlung geschitt. Och d’Preparatioun op d’Eischtkommioun ass zu engem groussen Deel bis elo an de Reliounscoursen an der Schoul gemaach ginn. D’Eischtkommioun ass dat grousst Glawensfest fir eis Grondschoulkanner, wou si fir d’éischt an hirem Alter selbstänneg dierfe JO zu Gott soen. Fir dass si dëse JO awer weiderhi kënnen, sou gutt preparéiert wéi bis elo agoen, an dass si hire Wee mat an zu Gott kennen a goe kënnen, si mir als Elteren an Erwuessener aus der Par erëm méi gefuerdert. Vun der Kierch aus gëtt dës Weebegleedung a Glawenserzéiung an der Kannerkatechees proposéiert. Hei e puer Informatiounen, wéi d’Kannerkatechees an eiser Par « Mess-Réibierg Sainte-Famille » organiséiert ass. Mir schaffen a verschiddenen Altersgruppen: • Butze-Katechees (1-4 Joer) zesummen mat den Erwuessen Mir hunn 2 Aktivitéiten: • d’Familljemass Am Prinzipp fënnt ongeféier eng Familljemass pro Mount statt. Wärend der Familljenmass kënnen all d’Kanner no der Begréissung bis d’Wandlung mat e puer Elteren an den Home goen. Hei kréien si d’Evangelium vum Dag kandgerecht mat enger Geschicht, engem Rollespill erzielt. Vun der Wandlung u si mir dann erëm mat an der Kierch. Uschléissend un d’Familljenmass ass d’Kannerkatechees. Hei treffen sech ofwiesselnd déi verschidde Gruppe vu Kanner mat hiren Eltere fir wärend +/- 1,5 Stonn d’Thema vum Dag ze verdéiwen. D’Kanner maache Spiller, Bastelereien, Lidder a Gespréichsronnen zum Thema a setzen sech op hir altersgerecht Aart a Weis mat hirem Glawen auserneen. D’Eltere maachen zu der selwechter Zäit eng geleete Gespréichsronn iwwert dat selwecht Thema, dass och mir als Erwuessener eise Glawe verdéiwen an eis Kanner op hirem Wee gemeinsam ënnerstëtze kënnen. Interessant Froen
N.B. : |