Léif Léit alleguer,
Ech freeë mech vun Häerzen, mech haut bei Iech als Ären neie Paschtouer virstellen ze dierfen. Mäin Numm ass Jacques Bruns an ech si gebierteg vu Sandweiler, wou ech och opgewuess sinn. Am Seminaire an der Stad an zu Tréier, an och wärend engem Joer zu Dublin, hunn ech mäi Studium gemaach. No Stagen (an der Stad an zu Miersch) a mengem Diakonat (an der haiteger Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord) sinn ech 2018 zum Priister geweit ginn. Den Här Äerzbëschof huet mech doropshin zum Kaploun a Paschtouer an der Par Mamerdall Saint-Christophe an 2021 zousätzlech an der Par Steesel-Walfer Sainte-Trinité ernannt.
Den 1. Juli huet den Här Äerzbëschof mech zum neie Paschtouer vun Äre béide Paren Äischdall Saint-François-et-Sainte-Claire a Mess-Réibierg Sainte-Famille ernannt.
Et ass mir eng grouss Freed an och eng Verantwortung, zesumme mat Iech um Wee vu Christus ze goen. Et wäert net einfach gi fir eleng d’Aarbecht vu mengen zwee Virgänger, dem Pater Nico Turmes SCJ an dem Paschtouer Paul Muller, virun ze féieren. Merci wëll ech och dem Paschtouer Charles Bremer soen, deen déi lescht puer Méint an der Par Äischdall d’Vertriedung gemaach huet.
Mäi Wonsch ass, datt eis Pare Plaze vu Gebiet a Solidaritéit bleiwen, wou all Mënsch sech doheem fille kann. Ech freeë mech drop, Iech no an no besser kennenzeléieren an d’Freed an d’Suerge vum Alldag mat Iech ze deelen.
Ech bieden Iech, mir dobäi zur Säit ze stoen, mat Ärem Gebiet, Ärer Ënnerstëtzung an Ärer Begeeschterung fir d’Liewen an der Par. Zesumme kënne mir staark a voller Hoffnung an d’Zukunft goen.
Mat häerzleche Gréiss an der Freed op di kommend Zäit,
Jacques Bruns
Chers amis,
Je me réjouis de tout cœur de pouvoir aujourd’hui me présenter à vous comme votre nouveau curé. Je m’appelle Jacques Bruns et je suis originaire de Sandweiler, où j’ai également grandi. J’ai fait mes études au séminaire à Luxembourg-Ville et à Trèves, ainsi qu’une année à Dublin. Après des stages (en Ville et à Mersch) et mon diaconat (dans l’actuelle paroisse Äischdall-Helpert Saint-Willibrord), j’ai été ordonné prêtre en 2018. Par la suite, Monseigneur l’Archevêque m’a nommé vicaire et curé dans la paroisse Mamerdall Saint-Christophe et, en 2021, également dans la paroisse Steesel-Walfer Sainte-Trinité.
Le 1er juillet, Monseigneur l’Archevêque m’a nommé nouveau curé de vos deux paroisses Äischdall Saint-François-et-Sainte-Claire et Mess-Réibierg Sainte-Famille.
C’est pour moi une grande joie, mais aussi une responsabilité, de marcher avec vous sur le chemin du Christ. Il ne sera pas facile de poursuivre seul le travail de mes deux prédécesseurs, le Père Nico Turmes SCJ et l’abbé Paul Muller. Je tiens également à remercier l’abbé Charles Bremer, qui a assuré la suppléance dans la paroisse Äischdall au cours des derniers mois.
Mon souhait est que nos paroisses demeurent des lieux de prière et de solidarité, où chacun peut se sentir chez soi. J’ai hâte de mieux vous connaître progressivement et de partager avec vous les joies et les soucis de la vie quotidienne.
Je vous demande de bien vouloir m’accompagner dans cette mission, par votre prière, votre soutien et votre enthousiasme pour la vie de la paroisse. Ensemble, nous pourrons avancer avec force et espérance vers l’avenir.
Avec mes salutations cordiales et dans la joie de ce temps à venir,
Jacques Bruns