Liens . Links
ContactAbbé Jeannot GILLEN, curé-modérateur Presbytère de Vianden Secrétariat Agenda |
Par Parc Our Saint-NicolasFestmass mam Leo Wagener an den Trinitarier zum 775. Jubiläum vun der Trinitarierkierch an zum 50. Anniversaire vun de Veiner GeschichtsfrënnFir dësen double ronne Jubiläum ze feieren, hate mir d’Trinitarier fir de Weekend vum 4. a 5. November op Veianen invitéiert. 8 Memberen vun der Famill vun den Trinitarier haten eis Invitatioun ugeholl: d’Pateren Roger Matton, Provinziol vu Canada, Frankräich a Saudiarabien, Loic Huyghues Despointes, de Minister vun hirem Haus zu Paräis, Odon Rakotoarimanana, Kaploun an der Par Saint Leu/Saint Gilles zu Paräis, an Thierry Knecht, de Minister vun hirem Haus zu Faucon, d’Bridder Georges Ramalanjona vu Cerfroid a Vincent Rakotoarivelo vu Faucon, d’Sr. Agnès Razaiarinelina, d’Oberin vun den Trinitarierinnen zu Cerfroid an de Laien Emmanuel Boutang vu Paréis. Si hu schonn samsdes mëttes um schéine Concert vun der Kammerata an der Trinitarierkierch deelgeholl.
Impressioune vun der Ausstellung iwwert d’Veianer Goldschmattskonscht
|