fr lb

Um Wee zu „eiser neier Par“

2016


Home Go Back Print Kontakt Parbüro Eis Par

Dëst Aarbechtsjoer si mer invitéiert, eis mat de Pargemeinschaften vum Dekanat Iechternach an dem Parverband Lënster zesummen op de Wee ze maachen,
zu enger « Neier Par ».
Mir hunn eis als Pastoralteam iwwerluet, fir sou vill Leit wéi méiglech mat op dëse Wee ze huelen.
Dofir invitéiere mir Iech alleguer, déi Dir an eiser Kierch, am Dekanat Iechternach an am Parverband Lënster, engagéiert oder interesséiert sidd, fir datt eis Kierch eng lieweg Gemeinschaft bleift/gëtt.
Mir brauchen Äer Ënnerstëtzung:
Zesummen wëlle mir iwwerleeë, wéi a wou mir op de verschiddene Plazen als chrëschtlech Gemeinschaft zesummekommen an eis engagéieren kënnen.

Fir Iddien z’entwëcklen, engagéiert Leit zesummenzeféieren, e gemeinsame Projet ze starten, an d’Zukunft vun eiser Gemeinschaft un d’Rullen ze bréngen, ass eng éischt Méiglechkeet, a verschiddene Versammlungen zesummen ze kommen. Do wëlle mer de Projet erklären an Iddien sammlen, awer och Mënsche fannen, déi sech konkret mat abrénge wëllen.

Aus organisatorësche Grënn ass dës Versammlung op 10 verschiddene Plazen. Sou brauch kee wäit ze fueren, oder et kann ee sech en Datum sichen, dee passt.

D’Pastoralteam vun der « Neier Par »

Datumer an Plazen:

24.05. 20:00 Auer Beaufort Maison Theis, 8, rue de l’Auberge
25.05. 20:00 Auer Bourglinster Kierch
26.05. 20:00 Auer Bech Gemengesall (vis-à-vis vun der Kierch)
30.05. 20:00 Auer Berdorf Foyer vum Centre « A Schmadd’s »
31.05. 20:00 Auer Echternach Veräinshaus (2 rue des Desmoiselles)
02.06. 20:00 Auer Beidweiler al Schoul
09.06. 20:00 Auer Mompech Gemengesall
14.06. 20:00 Auer Junglinster Parsall (Centre Culturel, rue du Village)
15.06. 20:00 Auer Consdorf Festsall um Scheedgen
21.06. 20:00 Auer Rosport Café du Commerce „beim Beppo“

Update Juli 2016:

No 10 Versammlungen mat bal 220 Leit, déi mat eis gebiet, nogeduecht, diskutéiert a matgeschafft hunn, gi mir elo weider op dem Wee. Mir hu festgestallt, datt et bei eis e puer honnert Leit gëtt (Gruppen, Veräiner, Ekippen a.s.w.), déi sech engagéieren - vill vun hinnen zënter Joren an souguer Joerzéngten! Dëse Bilan ass sou gutt, a mir soen Merci fir all déi flott, ureegend - an deelweis opregend - Momenter, déi eis op dem Wee virun bréngen. Nëmmen wa mer all matmaachen kënne mir als lieweg Gemeinschaft vu frouen, iwwerzeegten Chrëschten Témoignage ginn, fir datt mir als Kierch net apaken, mee als lieweg Gemeinschaft d’Gesellschaft an eisem Land matgestalten.
Am Kader vun eise Versammlungen hunn sech „al“ Engagéierter fonnt, mee och nei Leit, déi sech wëllen abréngen an eng Hand mat upaken. Merci dofir!
Si hunn sech bereet erkläert mat der Pastoralekipp de Prozess ze gestalten an ze begleeden, an elo geet et an déi nächst Etappen:
Mir wäerten de Wee méi genee plangen an weider Leit sichen, déi op verschiddene Niveauen bereet sinn ze hëllefen. Nach ëmmer freeën mir eis iwwert jiddereen, dee sech bei engem aus der Ekipp oder am Parbüro mellt, fir matzemaachen.
Am September komme konkret Informatiounen, am nächste Parbréif fannt Dir méi Informatiounen.
Fir d’Pastoralékipp: Elke Grün


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement