Jubilé 400

Highligts am Dezember 2024


Home GoBack Print Kontakt

Jubilé 400
400 Joer Wallfaart bei d’Tréischterin

Zur Geschicht vun der Oktav

Den 8. Dezember 1624 huet de Jesuittepater Jacques Brocquart zesumme mat jonke Studente vum deemolege Jesuittekolléisch an enger Prëssessioun eng Statu vun der Muttergottes virun d’Diere vun der Stad gedroen, fir se um Glacis-Feld opzestellen. Dëst war den Ufank vun enger populärer an offizieller Frëmmegkeetsbeweegung, déi vun deemools un d’reliéist an d’ëffentlecht Liewen an der Stad Lëtzebuerg, am Land an doriwwer eraus gepräägt huet. Virun allem ass dëst de Gebuertsdatum vun der Oktav zu Eiser Léiwer Fra vu Lëtzebuerg, der Tréischterin am Leed.

Op Invitatioun vum Här Äerzbëschof, dem Kardinol Jean-Claude Hollerich, gëtt de 400. Anniversaire vun dësem bedeitende Grënnungsevenement fir d’Kierch hei zu Lëtebuerg mat engem Mariejubiläum gefeiert. Dëse Jubiläum geet vum 8. Dezember 2024 bis de Schlussoktavsonndeg, de 25. Mee 2025.

Highligts am Dezember
05. 12. 19.00 Auer an der Kathedral
Buchvirstellung vum Georges Hellinghausen senger neier Oktavgeschicht "Klagt in Leid..."
08.12. Pontifikalmass zur Erëffnung vum Jubiläum uschl. Prëssessioun mat der Tréischterin bis an d’Glaciskapell
08.12.- 15.12. Festwoch an der Glaciskapell
15.12. Retour vun der Tréischterin an
d’Kathedral mat uschl. Familljemass
De komplette Programm

ronderëm d’Jubiläumsféierlechkeete fannt dir op: www.cathol.lu/jubile400


Links:

Jubile 400

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement