Die Form der Reform

Anmerkungen zur Lage und Lehre der Kirche


Home Back Print Kontakt

De gudden alen Heraklit huet scho gesot, dass alles a Beweegung ass, dass déi eenzeg Konstant am Universum d’Verännerung wier. Wa mir éierlech sinn a mat oppenen Aen op eist Liewe kucken, da gesi mir, wéi wouer dat ass. Eist ganzt Liewen ass Verännerung. All Dag kënnt Neies op eis zou. D’Verhältnisser vun eisem Dosinn an der Welt wiesselen heiansdo ganz séier. Mol sinn et freedeg Momenter, déi eis Gléck bréngen, mol sinn et awer och traureg Saachen, déi eis an eng Kris geheien. Wéi séier eist Liewen sech ka verännere, mierke mir da, wa Krankheeten eis vun engem Abléck zum aneren aus der gewinnter Bunn eraus geheien. Dann heescht et, sech ganz séier deene verännerte Verhältnisser un ze passen. Den Drang, fir säi Liewen ze erhalen, léist ee ganz séier zur Vernonft kommen an et passt een sech deem un, wat gefrot ass, fir d’Gesondheet erëm méiglechst gutt hier ze stellen. Ech selwer hunn dat an deene leschte Wochen a Méint erlieft.

Hei geet et dann och net ëm Courage oder sou. Hei geet et drëm, dass ee säi Verstand aschalt an dat mécht, wat d’Situatioun erfuerdert. Et geet drëm ze handelen, sech an ze setzen an ze hëllefen, dass d’Kris an d’Krankheet kann iwwerwonne ginn. Klore Verstand also ass do wichteg, net Kloen a Jéimeren, mä en oppene Bléck fir dat, wat am Moment wichteg an noutwenneg ass.

„Déi eenzeg Konstant am Universum ass d’Verännerung.“ Den Heraklit huet richteg erkannt. Beim Ale stoe bleiwe, geet net. Et klëmmt een net zweemol an dee selwechte Floss, wéi hie seet. Kloen a Jéimeren iwwer ee Verloscht muss een och iwwerwannen, wann ee wëll aus der Noutsituatioun eraus kommen. Eist Liewen ass permanent a Verännerungen agebonnen a mir mussen eis kloer a mat seriéisem Verstand domat ausenanersetzen.

An deene leschte Joren hu mir gesinn, dass eis Kierch ëmmer méi an eng Kris geroden a krank ginn ass. Iwwer eng vill ze laang Zäit sinn d’Symptomer vun der Krankheet net wouer geholl ginn. Et ass net an d’Déift gekuckt ginn. Keen Ultraschall, kee PetScan ass gemaach ginn. De Patient Kierch ass ëmmer méi krank ginn, well keen der Realitéit an d’Ae gekuckt huet.

„Ecclesia semper reformanda“ kléngt et zënter Joerhonnerten an eiser Kierch. Awer grad an deene leschten 200 Joer ass dëst Prinzip ëmmer méi a Vergiess geroden. Festhalen un deem, wat ass a war, war déi Devise, déi net huet dierften ëmgestouss ginn. Wann ee kuckt, wat grad an deene leschte gutt 200 Joer an der Kierch alles gemaach an dekretéiert gouf, fir dass sech nëmmen näischt sollt änneren, muss et engem einfach schlecht ginn.

Iwwer déi onséileg Definitioune vun an ëm dat éischt vatikanescht Konzil (Onfeelbarkeet vum Poopst, Dogma iwwer d’onbefléckt Empfängnis vu Maria), iwwer den Anti-Modernismus-Eed, iwwer déi onverstänneg Dogmatiséierung vum Ophuele vu Maria mat Läif a Séil an den Himmel, iwwer d’Enzyklika „Humanae Vitae“, hin zu dem absolutten Zoumaache vum Dossier vun der Wei vun der Fra duerch de Poopst Jean-Paul II., si ganz einfach d’Zeeche vun der Zäit net erkannt ginn. D’Welt, d’Erkenntnis, d’Wëssenschaft a Villes méi hunn sech drastesch verännert. D’Kierch, déi sech jo eigentlech ëmmer nees sollt erneieren a reforméieren, bleift stoen, leent of, wëll net gesinn. D’Kierch steet awer net ausserhalb vun der Welt an dem Liewe vun de Mënschen. Si ass, wann si nach wëll eng Relevanz hunn, an der Welt an esou och deem Prinzip, dat den Heraklit formuléiert huet, ënnerworf. Nëmme Verännerung bedeit Liewen!

Wann de Mënsch krank ass a sech a senger Krankheet aschléisst, si net wëll wouer hunn, ass et schwiereg gesond ze ginn. D’Kierch mécht bis haut genee dat. Wann ech als Mënsch eng Infektioun am Kierper hunn, da muss ech déi geziilt mat deenen neiste Mëttel a Methode bekämpfen. An der Medezin géif haut keen op d’Iddi kommen, fir mat mëttelalterleche Methoden ze schaffen. Eis Kierch mécht dat. Si huet eng grouss Unzuel un Infektiounen. Si sinn all bekannt. Mä mir setze weider op al Konzepter. Dat bedeit den Dout vum Patient Kierch, onweigerlech!

De Wolfgang Beinert analyséiert a sengem Buch mat grousser Präzisioun de Patient Kierch. Hien detektéiert déi eenzel Infektiounen. Hie beschreift si a versicht ze klären, duerch wat si ausgeléist goufen an nach ëmmer ginn. Vill Problemfelder ginn ugeschnidden an dann och Ureegungen ugebueden, wéi een dem Patient Kierch béi der jeeweileger Infektioun kéint hëllefen. Hei geet et ganz däitlech net drëm, fir de Patient dout ze maachen oder aus ze tauschen. Wann ee Mënsch krank ass, da gëtt d’Krankheet bekämpft mat deene probate Mëttelen. Genau dat proposéiert de Beinert och a sengem Buch. Präzis a cibléiert mussen déi jeeweileg Infektiounen am Patient Kierch detektéiert a mat entspriechenden Therapië bekämpft ginn.

De Patient Kierch muss an d’Spidol, op den Operatiounsdësch. Vläicht muss dat eent oder anert Organ am Kierper ausgetosch ginn. Jiddefalls brauch d’Kierch en neit Häerz, een Häerz aus Fleesch, an net aus Steen, dat dann och matfille ka mat de Suergen an den Ängscht vun alle Mënschen. („Ich gebe ihnen ein einmütiges Herz und einen neuen Geist gebe ich in euer Inneres. Ich entferne das Herz von Stein aus ihrem Fleisch und gebe ihnen ein Herz von Fleisch.“ Ez 11, 19) An der Medezin ass haut extreem Villes méiglech. Ech sinn iwwerzeegt, dass een och dem Patient Kierch kann hëllefen. Mä de Patient a virun allem säi Kapp (Poopst, Bëscheef, Priister) muss déi aktuell Krankheet gesinn, unhuelen a wëlle bekämpfen.

Dem Wolgang Beinert säi Buch misst jidderee liesen, dee wëll, dass de Patient Kierch erëm zu Kräfte kënnt.

Carlo Morbach


Wolfgang Beinert Die Form der Reform Anmerkungen zur Lage und Lehre der Kirche. Verlag Friedrich Pustet, Regensburg 2024 240 Seiten, 24,00 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement