Gott essen

Eine kulinarische Geschichte des Abendmahls


Home Back Print Kontakt

Am Moment erlieft eis Kierch schonn eng ganz speziell Zäit. Mir gesinn, dass ëmmer manner Leit sech un de Gottesdéngschter / Masse bedeelegen. Wat bedeit eis Massfeier eigentlech? Wou kënnt si hier? Ass si vum Jesus gestëft oder agesat, wéi mir et grad um Gréngen Donneschdeg all Joer erëm nei soen?

Duerch Zoufall sinn ech op d‘Buch vum Anselm Schubert gestouss, dat hie schonn 2018 publizéiert huet. Als Historiker huet hien hei eng ganz speziell Geschicht geschriwwen, déi awer d’Fundament vun eisem liturgesche Feiere betrëfft an dann och esou Munches an een neit Liicht fir eis réckelt. Kann ee wierklech soen, dass de Jesus eis Massfeier gestëft huet? Wat wollt de Jesus a wat hunn d’Chrëschten am Laf vun de Joerhonnerten doraus gemaach? Déi Fro huet sech den Anselm Schubert gestalt a hie versicht eng Äntwert ze ginn. D’Buch ass eng Aart Kierchegeschicht vun der wesentlechster Feier vun eiser Relioun. Schonn eleng dofir ass et héich interessant dëst Buch ze liesen. Wa mir an d’Ufäng vun eiser Relioun kucke ginn, dann ass et guer net esou däitlech, wou d’Feier vun der Mass hier kënnt. Déi éischt Chrëschten hunn am Fong dat gemaach, wat och all aner Leit an hirem Ëmfeld gemaach hunn. Si hunn sech a privaten Haiser versammelt an do zesumme giess a gedronk. Des Reunioune waren do fir d’Gemeinschaft ze fleegen. D’Chrëschten hunn hei eigentlech ee „Symposion“ gehalen, sou wéi et bäi de Griichen an de Réimer üblech war. Am éischte Kapitel vum Buch kann een noliesen, wéi dat alles funktionéiert huet. Am éischte Korintherbréif fanne mir eng Parallel zu der Traditioun vun de reliéise Feieren als gemeinschaftlech Moolzecht. An da musse mir gesinn, dass et duerchaus en Ënnerscheed gëtt tëschent dem Denken an Handele vum Jesus als historescher Persoun an der reliéiser Verkënnegung aus der fréier Zäit vun der Kierch. An der Geschicht bis 120 hu mir laut dem Auteur scho vill offe Froen, déi hie behandelt an diskutéiert. Et ass ganz einfach net alles esou kloer mat der Entsteeung vun eiser „Massfeier“, wéi dat ëmmer nach behaapt gëtt.

Ab dem 2. Joerhonnert entwéckelt sech dann aus dëse gemeinsame Moolzechten een „Afferkult“, wéi en och am Juddentum oder an heednesche Kulten an den Tempele gefeiert gouf. (S. 33) Laang war d’Entwécklung, déi zu enger klorer Trennung tëschent gemeinsamer Moolzecht an Eucharistie bzw. Massfeier gefouert huet. Um Konzil vu Laodicäa 363/364 gouf des Trennung endgülteg vollzunn an d’Chrëschten hunn sech ganz däitlech vum Juddentum a vun deene pagane Reliounen ofgesat.

Waren am Ufank vun der Beweegung vun de Chrëschten nach keng Hierarchien ze gesinn, sou hunn sech déi ëmmer méi eraus geschielt an et ass ee Priistertum entstanen, dat elo am Numm vun de Leit d’Affer duer bruecht huet, wéi dat eben och am Tempel zu Jerusalem oder an den heedneschen Tempelen de Fall war. Et entwéckelt sech deemno eng kultesch Form vun de Versammlungen a lues a lues verschwannen déi al Traditiounen, wou d’Chrëschten sech bäi gemeinsame Moolzechte getraff hunn. Sécherlech sinn d’Zuele vun de Mënschen, déi sech als Chrëschte bekannt hunn, ëmmer méi grouss ginn. Et gouf schwiereg, fir sech a privaten Haiser ze treffen an et war och komplizéiert wéi bäi ale Symposien sech zu enger gemeinsamer Moolzecht zesummen ze fannen. Ee Symposion konnt nëmme mat enger begrenzter Zuel vu Leit stattfannen.

Am Laf vun de Joerhonnerten ass dann ëmmer nees diskutéiert ginn, wat a wéi Materialie sinn, déi fir d’Eucharistie solle gebraucht ginn. Besonnesch dee Moment, wou d’Chrëschten sech an nei Regioune vun der Welt ausgebreet hunn, wou et weder Brout nach Wäin als normal Liewensmëttel gouf, si vill nei Froen opkomm. Villfach sinn dofir dann och ganz ënnerschiddlech Liewensmëttel fir d’Massfeier gebraucht ginn. Et ass eng duerchaus interessant Geschicht all deem mat Hëllef vum Buch nozegoen. Dobäi entdeckt een, dass et eng immens grouss Vilfalt gouf. An dann ass natierlech och d’Verständnis, wat mat dëse Gowe geschitt, interessant. Gi Brout a Wäi real an de Läif an an d’Blutt vu Christus verwandelt, oder ass et nëmmen ee Bild. Wéi soll een also mat deene geweiten oder consecréierte Gowen ëmgoen? Muss d’Liturgie ëmmer genee esou gefeiert ginn, wéi si an de Reegele vun der jeeweileger Kierch virgeschriwwen ass? Och dat ass eng Fro, déi dacks am Laf vun der Geschicht gefouert gouf a haut erëm ganz aktuell ass.

Am Laf vun de Joerhonnerten huet sech dat reng Kultescht ëmmer méi duerchgesat an ass och ëmmer méi eenheetlech ginn. Konzilien hu mat ëmmer méi Reegele festgeluecht, wéi esou eng Mass sollt gefeiert ginn. Allerdéngs mierke mir haut un den Zuelen, dass mir lo schonn erëm a villen Dierfer kéinten esou Symposien, wéi an der Anticke, aféieren an eis ganz nei kéinten als Chrëschten organiséieren. Vläicht wier et elo esou lues un der Zäit, fir erëm op de Jesus selwer zeréck ze kommen. Hien huet no allem, wat mir wëssen, mat senge Frënn ganz reegelméisseg zesumme giess a gedronk. Do huet hien seng Léiere verkënnegt. Do huet hie mat de Mënschen zesumme Gott gelueft. Meng Fro ass hei, op hien net grad dora säi Wee gesinn huet. D’Buch ass eng spannend Erausfuerderung fir nei iwwer déi wesentlechst Feier vun eiser Relioun no ze denken

Carlo Morbach


Anselm Schubert Gott essen Eine kulinarische Geschichte des Abendmahls. C.H.Beck Verlag München 2018, 271 Seiten, 24,95 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement