„Klagt in Leid …“

400 Jahre Wallfahrt zu U.L. Frau von Luxemburg, Trösterin der Betrübten


Home Back Print Kontakt

Eisen aktuellen „Dompropst“ a Professer vun der Kierchegeschicht, Georges Hellinghausen, huet zum grousse Jubiläum vun der Veréierung vun eiser Tréischterin ee ganz wäertvollt Buch geschriwwen. Wéi ech héieren hunn, dass dëst Buch iwwer d’Geschicht vun der Tréischterin sollt publizéiert ginn, war ech mir perséinlech bewosst, dass ech trotz all deene Joren, wou ech an der Kierch schaffen, duerchaus net iwwer alles informéiert sinn, wat mat der Lëtzebuerger Wallfaart zesummen hänkt. Warscheinlech ass och ausserhalb vu Lëtzebuerg d’Wëssen ëm des wichteg an och typesch Lëtzebuerger Veréierung, net besonnesch grouss. Ëm sou méi wichteg ass dëst Wierk, dat d’Potential huet fir iwwer eis Grenzen ewech des wesentlech Geschicht vun eiser, ech géif gäre soen, nationaler Identitéit bekannt ze maachen. Ech muss hei un eng Diskussioun aus eisem Studium denken.

Fir all lokal kierchlech Gemeinschaften ass et ganz wichteg, dass ee gemeinsam Bezuchpunkten huet, un déi een sech kann halen, déi eis orientéieren an déi och eng Gemeinschaft stëften. D’Veréierung vun der Tréischterin ass bäi eis esou ee ganz wichtege Repère, dee kaum ewech ze denken ass. Dat hat ech deemools an enger Ronn mat eisem Tréierer Professer vun der Kierchegeschicht, dem Prof. Sauser, gesot, well hien ebe grad des Iddi a senger Virliesung propagéiert huet. Doropshin huet hie mir widdersprach, dass jo awer schliisslech d’Veréierung zu Lëtzebuerg dat net wier, well d’Veréierung vun der Tréischterin dach vu Kevelaer hier kéim. Nun, dee gudde Mann hat sech kolossal geiert. Ech konnt hien deemools beléieren, dass d’Ofhängegkeet just ëmgedréint géif lafen. Fir mech war an ass dat een Zeechen, dass och studéiert Leit ganz dacks net alles wëssen. An deem Sënn mécht dem Georges Hellinghausen säi Buch ee wichtege Schrëtt, fir no baussen ze dokumentéieren, wéi d’Geschicht vun der Tréischterin gaangen ass a wéi si och iwwer déi véier Joerhonnerten ewech ëmmer nees ausgestraalt huet.

D’Buch bitt jidderengem ee fundéiert Wëssen iwwer eis kierchlech Geschicht. Et kann een et och als eng Aart Lexikon gesinn. An 18 sougenannten Exkursen si verschidden Aspekter opgegraff, déi een nach „Lust und Laune“ ka consultéieren. Um Enn vum Buch fënnt een 23 Säite mat Literatur. Och dat ass eng wäertvoll Hëllef fir jiddereen, deen sech nom liese vum Buch nach méi intensiv mat der Geschicht vun eiser nationaler Wallfaart wëll beschäftegen.

D’Tréischterin am Leed huet an deene laange véierhonnert Joer vill Mënschen ugezunn an hinnen eng Stäip gebueden. Bieden a sangen, pilgeren a gemeinsam säi Leed kloen ass wichteg. Mä mir all dierfen eis och iwwer des grouss Traditioun freeën. D’Wëssen, wat an der Vergaangenheet d’Mënschen animéiert huet, fir sech un d’Maria ze wenden, soll fir eis haut Virbild sinn. Iwwer all des Dimensiounen informéiert dem Auteur säi Buch. Ech kann nëmmen ureegen, fir et ze liesen a sech intensiv mat eiser Geschicht vertraut ze maachen.

Carlo Morbach


Georges Hellinghausen „Klagt in Leid …“ 400 Jahre Wallfahrt zu U.L. Frau von Luxemburg, Trösterin der Betrübten. Verlag Herder Freiburg 2024, 368 Seiten, 35,00 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement