Raus aus dem Schneckenhaus!

Nur wer draußen ist, kann drinnen sein.


Home Back Print Kontakt

„De Kardinol vu Köln ass gestuerwen. Säi Papagei, deen hien all Moien am Büro mat ‚Gudde Moien Eminenz’ begréisst huet, koum op Roum bäi de Poopst. Do huet de Papagei dann och all Moien de Poopst, wann hien a säi Büro koum, mat ‚Gudde Moien Eminenz’ begréisst. Natierlech huet den Entourage vum Poopst alles gemaach, fir de Papagei derzou ze beweegen ‚Gudde Moien Hellege Vater’ ze soen. Näischt huet gehollef. „Wéi wier et, hellege Vater, wann dir mar de Moien a vollem Ornat an de Büro géift goen? Vläicht géif de Papagei sech da räsonéieren an iech korrekt begréissen“, huet et geheescht. Den nächste Moien ass de Poopst héich feierlech gekleet a säi Büro komm. De Papagei huet ee Moment gebraucht an huet du geruff: ‚Kölle Alaf, Kölle Alaf.’

Dëse Witz, deen de Martin Werlen och zitéiert, beschreift eigentlech ganz gutt, wourëm et a sengem Buch geet. Wat ass ee Pharisäer? An der Bibel sinn si eng Grupp vu Leit, déi ëmmer nees erwäänt ginn. Dachs gebraucht de Jesus si als negativ Beispiller fir reliéisen Äifer.

De Martin Werlen geet a sengem Buch op d’Sich no de Pharisäer vun haut. Hien hält eigentlech eis allen, vum Poopst bis bäi deen einfache Chrëscht oder Kierchemember, ee Spigel vir. Sinn ech selwer ee Pharisäer? Jo, ech ka vu mir soen, dass ech duerchaus och des Ëfteren ee Pharisäer sinn!

Pharisäer si Leit, déi alles versiche korrekt ze maachen. Awer dacks ass ausser enger schéiner Façade net vill Inhalt do. An eiser Kierch ass dat leider eben iwwerall och de Fall. Ritualer musse méiglechst korrekt agehale ginn. Méiglechst laang Gebieder mussen erof gebiet ginn. Op Ënnerlechkeet gëtt dacks dobäi kee Wäert geluecht. De Martin Werlen geet däitlech an d’Geriicht mat eiser dach heiansdo komescher Manéier fir eis Relioun ze liewen. Villes, sou seet hien, ass schéi Façade. Wann ech grad haut jonk Priister gesinn, déi sech erëm menge missten of ze setze vum Vollek, an sech erëm definéieren duerch hier Kleedung, déi aus der Zäit gefall ass, muss een sech scho froen, ëm wat et hinnen, jo eis allen, an der Kierch geet. A wann ech (entschëllegt den Ausdrock) d’Maskarade bäi der Schlusspressessioun, der Sprangpressessioun an anere Geleeënheete vu munche Kleriker gesinn, da muss ee wuel mam Papagei ruffen: ‚Kölle Alaf!’

Ass dat nach eis Kierch vun haut? Ass dat Glawen? Jo, de Martin Werlen huet mech perséinlech och a Villem a Fro gestalt. Hie stellt d’Hierarchie vun der Kierch a Fro. Hie kritiséiert dat almoudescht Verhale vu Kleriker. Mä hie stellt awer och Ufroen un eis all als Gemeinschaft. Och an eisen Dierfer lieft dëst Pharisäertum monter weider. Wa mir nëmmen eist Duerf kenne, nëmmen op eis selwer kucken asw, si mir als Chrëschten och Pharisäer.

Mat grousser Freed hunn ech dëst Buch gelies. De Martin Werlen geet mat esou munche Mëssstänn an eiser Kierch ganz kreativ an d’Geriicht. Ech war erstaunt, wéi däitlech seng Siicht ass. En huet ausgeschwat, wat ech scho vill Jore fillen. D’Buch léist een iwwer vill Froen an eiser aktueller kierchlecher Situatioun nodenken. Mir sollten eis all ganz éierlech de Froe stellen. Mir all, Kleriker wéi Chrëschten allgemeng, mussen aus eisem Schleekenhaus eraus. Et geet vläicht dann och nëmme lues weider, ebe wéi ee Schleek. Awer et kann nëmmen dann eng Zukunft ginn. ‚Kölle Alaf’, rifft de Papagei, wéi hien de Poopst a senger ganzer Pruecht gesäit. Froe mir eis, wéini bäi eis, de Papagei misst ‚Kölle Alaf’ ruffen!

Carlo Morbach


Martin Werlen Raus aus dem Schneckenhaus! Nur wer draußen ist, kann drinnen sein. Verlag Herder Freiburg 2020, 176 Seiten, 20,00 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement