Sieben Todsünden

Ignatianische Impulse, Bd. 96


Home Back Print Kontakt

Wat ass Sënd? Am Kader vun eiser Willibrordus-Oktav wollte mir eis mat dem Chouergestill vun der Basilika beschäftegen. De Biller-Programm, deen do realiséiert gouf, huet och eppes mat de Sënde vum Mënsch ze dinn. Wat sinn also Sënden? Wat sinn déi sougenannt Doudsënnen? An dësem klenge Buch vum Stefan Kiechle, dat elo schonn e puer Joer al ass, ginn des Doudsënnen ënnersicht a gedeit. No dräi Abschnitter iwwer d’Sënd am Allgemengen, beim hellegen Ignatius an an der Geschicht ginn dann déi siwen Doudsënne jeeweils no engem Schema presentéiert: an der Bibel - an der Traditioun - beim Ignatius - an der Géigewaart - Dugenden.

Wat ass also eng Sënd? Sënd ass ee Verhalen, dat engem ee Schued bréngt: mir selwer, engem aneren, engem Grupp oder Vollek oder och der ganzer Mënschheet. Sënd ass also ee Geschéien an enger Bezéiung. (S. 8.) Sënd entsteet ëmmer dann, wann ech mech selwer an d’Plaz vu Gott setzen an duerch mäin Handelen eppes Schlechtes maachen. Den hellegen Ignatius vu Loyola huet sech intensiv mat der Sënd beschäftegt. Dat sträicht den Auteur (Member vum Uerde vun de Jesuiten) ervir a stellt et och vir. Mä och an der Moraltheologie spillen d’Doudsënnen zënter ville Joerhonnerten eng wichteg Roll. Ëmmer nees gouf sech domat beschäftegt an iwwerluecht, wat fir Auswierkungen dat sëndegt Verhale vum Mënsch hätt. (3. Kapitel)

Déi siwen Doudsënnen hunn all eng Wuerzel an der Bibel, wou si mat Beispiller erwäänt ginn. Bäi der éischter Sënd, der "Völlerei" kann een un dee Räichen denken am Géigesaz zum aarme Lazarus. Mä och aner Beispiller loossen sech an der helleger Schrëft fannen. An der chrëschtlecher Traditioun gëllt des Doudsënd quasi als Mamm vun alle Sënden a léist eng reegelrecht Flut vu weidere Sënden aus. Haut kucke mir dofir vläicht éischter op déi ongesond Ernärung, déi munch Mënschen un den Dag leeën. An de kierchleche Reie gouf als Pendant zur Doudsënd vun der "Völlerei" dann d’Faaschte gesinn. Des Dugend hu mir dann haut och realiséiert a sou munche Programmer fir eng besser Ernärung asw.

An änleche Schrëtter ënnersicht de Stefan Kiechle dann all déi Doudsënnen a stellt si vir. Déi siwent Doudsënd, d’"vana gloria", d’"Ehrsucht" ass sécherlech haut och nach ëmmer en Thema. wa mir déi sozial Medie kucken, da kann ee wuel vun engem reegelrechte Boom vun dëser Doudsënd schwätzen. Wéi vill Mënschen, op jonk oder eeler, sinn dagdeeglech domat beschäftegt, fir sech selwer duerzestellen. Ëmmer nei Biller vun sech ginn an d’Netz gestalt an da waarden déi betreffend Leit op ee "like" oder ee Kommentar. Wat méi, wat besser! "Vana gloria" ass wuel haut eng vun deenen heefegsten a modernen Doudsënnen. Grad hei lount et sech, fir eng Kéier am Eescht doriwwer nozedenken.

Ee virlescht Kapitel gëllt dann der Wuerzel vun alle Sënden, der "superbia", dem "Hochmut". "Dieser Hochmut ist gleichsam ein Ego-Hochmut" (S. 80) schreift den Auteur. Domat huet hie wuel ganz recht. All Sënde kommen aus dem Wonsch, fir selwer als dichteg a grouss do ze stoen. All Mëttel sinn da gutt, fir sech dat ze beschafen. "Hochmut" ass en Narzissmus. (S. 81) De Mënsch wëll méi an anescht sinn, wéi en a Wierklechkeet ass. E lieft an der Illusioun, dass hien eleng um richtege Wee ass. Hie vergëttert sech selwer. Genee dat kann een haut an engem extreeme Moos an deene sougenannte soziale Medie gesinn: Ech sinn hei. Ech sinn dee Groussen an Dichtegen. Dat gëtt et an alle gesellschaftleche Schichten. Dat gëtt et an eiser Kierch. Dat gëtt et iwwerall. Ëmmer muss deen opgeblosenen "Ego" zur eraus gestalt ginn.

Des Iwwerleeunge féieren den Auteur da schliisslech zu enger Oplëschtung vun neien Doudsënnen. Mat engem liichte Laache kann een déi zum Deel liesen. Si sinn awer duerchaus och eescht gemengt a verleeden zum verdéiften Nodenken.

Carlo Morbach

Stefan Kiechle Sieben Todsünden Ignatianische Impulse, Bd. 96 Echter Verlag, Würzburg 2023 , 96 Seiten, 9,90€


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement