Der Sinn des Lebens.


Home Back Print Kontakt

Wat ass de Sënn vun eisem mënschleche Liewen an dëser Welt? Déi Fro huet sech d’Mënschheet schonn zënter Joerdausende gestalt. Vill Denker, op Philosophen, Theologen, oder aner Wëssenschaftler hu versicht eng Äntwert ze fannen. De Manfred Lütz ass studéierte Medezinner, Theolog a Philosoph. Hien ass „Facharzt“ fir Psychiatrie a Psychotherapie. Bekannt ass hien duerch seng vill Bicher a Virträg.

An dësem neiste Buch stellt hien déi al Fro nom Sënn vum Liewen nei a versicht eng dach onkonventionell Äntwert ze ginn. Mir gesi jo haut, wéi déi grouss Konzepter vun de chrëschtleche Kierchen sech lues a lues op ze léise schéngen. Villes, wat Mënsche fréier een Halt, jo och ee Sënn, ginn huet, gëtt net méi gesinn a beréiert net méi. Eis Welt ass zimmlech komplex ginn a Mënsche verstinn sech net méi esou richteg. Eis Sprooch polariséiert, seet de Lütz.[1] Dofir war et him een Uleies mat Hëllef vu Konschtwierker der Fro nom Sënn vum Liewen nozegoen. „Ich würde die These wagen, dass ein Rechts- und ein Linksradikaler, die sich die Pietà von Michelangelo in Rom wirklich intensiv mehrere Stunden lang anschauen, anschliessend ein bisschen netter, menschlicher, miteinander umgehen werden.“[2]

Wann een dem Auteur säi Buch duerchliest an déi eenzel Statioune selwer ganz gemitterlech kuckt a meditéiert, da kritt ee schonn ee ganz groussen Abléck an d’Geschicht an an d’Denke vum Mënsch. Et ass quasi wéi ee „Reiseführer“ duerch d’Konschtwelt vu Roum an awer och ee Buch dat doriwwer eraus féiert. Vill Froe stellen sech beim Betruechte vun deene schéine Konschtwierker aus verschiddenen Zäiten. Si soe Villes aus doriwwer, wat Mënschen sech iwwer hiert Liewen, iwwer Gott an hire Glawe geduecht hunn.

Haut, sou seet et de Manfred Lütz, gi mir vu ville Säite mat Angeboter iwwerrullt, déi eis eis Zäit verdreiwen an doutschloe loossen. Mir Mënsche konsuméieren iwwer wäit Strécke just nach. De Mënsch „konsumiert und amusiert sich zu Tode.“[3] Deem stellt de Lütz elo mat senger Aluedung, fir déi Konschtwierker an der Staat Roum nei ze kucken, seng „Meditatiounen“ entgéint. Konscht ass eppes, dat eis aluet mat dem Du vum Kënschtler a Bezéiung ze trieden a sech vun him begeeschteren ze loossen.[4]

Am Buch gëtt vill vum Glawe geschwat. Et kann de Lieser ureegen erëm selwer iwwer säi ganz perséinleche Glawen nozedenken an sech eventuell och erëm nei ze orientéieren. Ech si begeeschtert vun dësem schéine Buch, dat niewent deene villen Informatiounen a Gedanken och ganz wäertvoll Biller vun deenen eenzelnen Konschtwierker presentéiert. An der Konscht kann eis „Éiweges“ begéinen. „Ob wir diesem Gefühl von Ewigkeit, das uns im Kunsterlebnis ergreifen kann, Wirklichkeit zu trauen. Diese Frage zu beantworten hat jeder Mensch ein Leben lang Zeit. Nicht länger.“[5]

[1] Interview Manfred Lütz, in: Trierischer Volksfreund vom 30.3.2024, Seite 24.
[2] Ebd.
[3] Ebd.
[4] Vgl. ebd.
[5] Manfred Lütz, Der Sinnd es Lebens, s. 357.

Carlo Morbach


Manfred Lütz Der Sinn des Lebens. Mit einem Geleitwort von Elke Heidenreich. Kösel Verlag München 2024, 368 Seiten, 30,00 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement