Ein Kamel durchs Nadelöhr? Der Humor Jesu

Klaus Berger


Home GoBack Print Kontakt Mir liesen

Huet de Jesus gelaacht? Dat ass eng vun deene grousse Froen, déi sech iwwert all déi Joerhonnerten emol gestalt gouf. Zäitweileg gouf behaapt, dass de Jesus ëmmer eescht gewiescht wier an dowéinst wuel kaum gelaacht hätt. Hat de Jesus dann Humor? Och dës Fro muss een sech da wuel stellen. Mä wa mir eis de Jesus esou virstellen, dass hien mat senge Frënn a Jünger duerch d’Land gezunn ass, dass si och bäi verschiddene Fester derbäi waren, dass si an hie selwer och Wäin gedronk hunn, da kann een sech kaum virstellen, dass si do als normal Mënschen net och mol schéi gelaacht hunn a Freed haten. De Jesus war ee Mënsch mat allem, wat do derzou gehéiert. Deemno ass et guer net abwegeg unzehuelen, dass hien gelaacht huet an och een groussen Humor hat. Dem Jesus seng Priedegt a Verkënnegung war sécherlech ganz eescht. Hien huet iwwert wichteg Theme geschwat a gepriedegt. Hien huet méi wéi eng Kéier de Leit ganz däitlech an d’Gewësse geriet. Dat, wat hien ze soen hat, war net grad nëmmen Freed a Spaass fir d’Leit. Awer de Jesus huet dann och déi aner Säit vum Mënsch kannt an eescht geholl. Och an der Freed war hien bäi de Leit, deenen hie begéint ass. Freed a Leed gehéieren nu mol zu engem ganz mënschleche Liewen.
A sengem Buch „Ein Kamel durchs Nadelöhr?“ geet de Klaus Berger awer elo engem Jesus no, dee mat vill Biller a Wierder gewisen huet, dass hien een echten an déifgrënnegen Humor hat. Villfach si Biller, déi de Jesus gebraucht a senge Rieden, esou maasslooss iwwerzunn, dass si wuel kaum wuertwiertlech ze huele sinn. Et ass een humorvollt an drastescht Karikéieren vun enger Situatioun, déi net an der Rei ass. De Jesus hëlt a senge Biller vill Mënschen op d’Schëpp a versicht si esou ze erreechen. Si sollen opgerëselt ginn an hirem Denken an Handelen. Si sollen erkennen, dass hire Wee falsch ass. De Klaus Berger spiert a sengem Buch all dës Biller op a versicht si ze deiten an ze erklären. Vill gutt Iddien a Gedanken kann een sech aus den Iwwerleeungen vum Berger mat fir dat eegent Liewen huelen, well dem Jesus seng humorvoll Biller stellen jo net nëmmen d’Mënschen vun deemools a Fro. Si stellen och eis a Fro. A villem kann een sech selwer erëmfannen.
Dëst klengt a gescheit Buch kann eis een neien Zougang zum Jesus an iwwerhaapt zu den Evangelien weisen. Et ass derwäert, fir sech mat de Gedanken ausenaner ze setzen. D’Buch bréngt wuel munch Hannergrondwëssen. Et ass dann awer an enger liichter an net héichtheologëscher Sprooch geschriwwen, sou dass jiddereen et mat Gewënn liese kann. Mir huet et allefalls vill Freed bruecht a munch nei Erkenntnisser.

Carlo Morbach

Klaus Berger, Ein Kamel durchs Nadelöhr? Der Humor Jesu Verlag Herder Freiburg 2019, 208 Seiten, 22 €


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement