Gott der Allmächtige

Der Pantokrator der Bibel und die Theodizeediskussion


Home GoBack Print Kontakt

An de Wochen, wou mir bedéngt duerch d’Corona-Pandemie doheem waren, hunn ech mech och ëmmer nees mat dem Leed befaasst. An enger Diskussioun mat engem Frënd ass esou och de Problem opgetaucht, wéi mir da Gott als deen Allmächtegen kéinten denken. Wou ass Gott am Leed? Wéi ass do seng Allmacht ze verstoen? Wa mir an d’Geschicht zeréck kucken, da gesi mir ëmmer nees ganz grouss Problemer, déi eben just un eise Glawen erugedroe ginn, wa mir vun engem allmächtegen Gott schwätzen an do derniewent awer dann dat horrend Leed gesinn, wou Gott net agräift. Dee jüddeschen Philosoph Hans Jonas hat an den 80er Joren eng ganz beuechtenswäert Ried gehalen, déi och ëmmer nees zitéiert gëtt: „Der Gottesbegriff nach Auschwitz“. Hie plädéiert do derfir, dass Gott eigentlech zu Gonschten vun eiser mënschlecher Fräiheet seng Allmacht opgëtt. Lo ass dat natierlech och eng Geschicht, déi extrem komplizéiert ass, fir ze denken. De Michael Bachmann een evangeleschen Neitestamentler huet versicht de Begrëff vum allmächtegen Gott, sou wéi en jo och an eisem Credo Sonndeg fir Sonndeg mat bekannt gëtt, ze analyséieren. Wat heescht et, wann e Credo vum allmächtegen Gott schwätzt? Wéi kann ech esou ee Gott denken am Bléck op dat villt Leed an der Welt?

Et ass ganz interessant de Wee nozeliesen, deen den Michael Bachmann an dësem klenge Buch geet. A mir mussen him wuel Recht ginn, dass eis haiteg Iwwersetzung „Allmächtegen“ vun deem griicheschen Wuert „Pantokrator“ duerchaus net dat mengt, wat eben eis Virstellung vun Allmacht ass. Deemools war de Leit wuel nach Villes méi kloer an de Begrëffer wéi eis haut. Allmächteg associéiert bäi eis, dass do een ass, deen absolut alles kann, alles weess an och alles mécht. Awer mir gesi jo, dass Gott eben net esou ass. Grad am Leed an am Misär stousse mir deemno mat eiser haiteger Virstellung, déi een als begrenzt an der Begrëfflechkeet ka bezeechnen, u ganz grouss Schwieregkeeten.

De Michael Bachmann plädéiert dofir derfir, datt mir den Ausdrock „Pantokrator“ resp. „Allmächtegen“ als eng Aart umm huelen a net als eng Beschreiwung vun der Fäegkeet vu Gott. Hien bréngt hei nei Begrëffer an d’Spill, déi sécherlech bedenkenswäert sinn. Pantokrator kéint een eventuell als „Allherrscher“ oder als „eschatologischer Sieger“ iwwersetzen. Domadder wier dann och enger hoffnungsvoller Siicht vu Gott een neien Raum ginn. Wann een natierlech de Begrëff „Allmächteg“ vermeit, ass och net direkt all dat Schrecklecht, wat an der Welt passéiert, gekläert. Awer et wier mol eng Unnäherung un eng nei Siicht vu Gott. Als Bibeltheolog huet den Michael Bachmann ee ganz klore Bléck op d’Geschicht vun dësem Begrëff vun der Allmacht, wéi en an eiser Bibel och iwwert déi vill Joerhonnerten a Schrëften ewech gebraucht gouf. Et gouf wuel ëmmer een Rengen ëm dat richtegt Verständnis vu Gott. Mir mussen elo haut oppassen, datt mir net al Begrëffer an eisem haitegen Verständnishorrizont eleng verstinn. Genee dat féiert zu dëse grousse Problemer. Eis Zäit muss sech deemno mat enger däitlecher Klärung vun der Begrëfflechkeet befaassen. Vläicht kann dann och deen ale Begrëff vun „Allmächtegkeet“ fir eis haut zu enger Instanz vun Ermuddegung ginn.

Wann dir iech traut, iech ee wéineg mat neier a moderner Theologie ausenaner ze setzen, dann ass dëst Buch ganz wäertvoll a wichteg. Mir huet et allefalls d’Aen opgemaach fir eng ganz nei Dimensioun am Denken an am Weiderdenken vun dësem alen Problem vun dem Leed engersäits an dem Bild vu Gott anerersäits.

Carlo Morbach

Michael Bachmann, Gott der Allmächtige. Der Pantokrator der Bibel und die Theodizeediskussion Herder Freiburg 2019, 223 Seiten, 24,- €


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement