Wenn nichts fehlt, wo Gott fehlt.


Home Back Print Kontakt

Mat groussem Interessi hunn ech an der leschter Zäit am Buch vum Jan Loffeld gebliedert. Eng ganz kritesch Analyse mécht hien iwwer eis Kierch, dat kierchlecht Liewen an de (Net-)Glawen. Zu Utrecht an der Stad vum hl. Willibrord huet den Auteur vill nei Erfarunge gemaach, déi hien derzou beweegt hunn, fir dëst Buch ze schreiwen. Mir selwer, grad och hei zu Lëtzebuerg, erliewen änlech Entwécklungen. De Mënsche gëtt an engem rasanten Tempo de Glawen un ee perséinleche Gott friem. Kierchlechersäits gëtt da versicht mat verschiddene Methoden a Konzepter deem entgéint ze wierken. An och dat, sou erliewe et mir ëmmer méi däitlech, funktionéiert net. Dobäi gesi mir, dass ëmmer nach een ale Reflex do ass: „Et war schonn ëmmer esou! – Nëmmen näischt änneren! – Et soll awer alles méi modern ginn!“

Dat ass sou ongeféier d’Meenung, wann ee Leit héiert, wann et ëm eis Kierch an hier Aufgabe geet. Alles beim Ale loossen, awer Neies fuerderen an ëmmer nees mat ale Konzepter kommen, déi zum Deel scho längstens iwwerlieft sinn! An da wonnere mir eis, dass et net viru geet. Mir fuerderen dëst an dat, op al oder nei, awer sinn da selwer net derbäi. Em wat geet et eis eigentlech? Si mir net éischter drop beduecht fir all dat, wat et fréier mol sou gouf, weider ze hunn. Mir si schliisslech am Mëttelpunkt: mäin Duerf, meng Kierch, mäi Gesank, meng Uergel, meng Mass! Ech froe mech, wou Gott an deem Ganzen ass. Brauche mir hien? Hu mir jeemools iwwerhaapt Gott „gebraucht“? Hu mir eng perséinlech Relatioun zu Gott? Ass ee Gottesdéngscht, eng Mass just eng Veranstaltung, wou mir eis selwer wëllen zelebréieren? Hu mir et jeemools gebraucht am Liewen? Huet Gott eis jeemools gefeelt? An d’Kierch goen an awer net gleewen a keng Bezéiung zu Gott hunn, dat gouf et wuel schonn ëmmer. Just fréier war et de sozialen Drock oder déi net existent Alternativen, déi Mënschen an d’Kierch bruecht hunn. Wourëm geet et eis, wa mir nei Veräiner am Donstkrees vun der Kierch grënnen, wa mir nei Uergele wëllen uschafen? Ass dat net vläicht och eise perséinlechen „Ego“ dee mir do eraus kéieren? Mir kënnt et esou vir, wéi wa mir just eis selwer wéilten no vir setzen.

D’Buch vum Jan Loffelder kéint ee warscheinlech mat dem Saz resüméieren: „Gott fehlt überall, doch es fehlt uns an nichts!“ An dat ass dann och eventuell eng däitlech Analyse vun eiser Zäit a besonnesch vun eiser Situatioun am Ëmkrees vun der Kierch.

Mech iwwerkënnt ëmmer méi de Gedanken, op mir net dach misste wierklech ganz nei ufänken, alles op Null setzen an dann ee ganz anere Wee goen. Nëmme kleng Saachen änneren, hei an do un de Stellschrauwen e wéineg dréinen, bréngt et net. Mir hunn an deene leschte Méint déi éischt Kapitele vum Buch Genesis an der Bibel gelies a studéiert. Gott setzt eng Rei Kéieren en neien Ufank. Den Noe an d’Geschicht vun der Flut ass do ganz markant. Gott wëll endgülteg ausradéieren, wat et u Schlechtegkeet gëtt an en neien Ufank setzen.

Um Enn vum Buch kënnt de Loffeld zur Conclusioun, dass et wuel kaum ouni een absolutten neien Ufank wäert goen. D’“Vollekskierch“ läit wéi een ale Bam um Buedem. Mir versuergen si nach palliativ. Awer sou kann näischt Neies wuessen. (S. 174) „Erst wenn der Abschied von alten Bilder wirklich vollzogen wird und ihre Dysfunktionalität eingestanden und akzeptiert ist, wird Neues wachsen.“ (S. 176) Mir musse grad och bäi eis zu Lëtzebuerg dat erkennen an der Realitéit an d’Ae kucken. Vläicht trëfft de Saz, deen den Dakota-Indianer zougeschriwwe gëtt, jo och op eis als Kierch zou: „Wenn du entdeckst, dass du ein totes Pferd reitest, steig ab!“

Dem Jan Loffeld säi Buch soll onbedéngt gelies a meditéiert gi vun eis all. Et ass wichteg, dass mir realiséieren, wou mir stinn. Am Leschten ass et awer och wichteg ze gesinn, dass mir selwer net alles maache mussen. Mir dierfen dann och nach eng gutt Portioun Vertrauen a Gott eraleeën. (S.177)

Carlo Morbach


Jan Loffeld Wenn nichts fehlt, wo Gott fehlt. Das Christentum vor der religiösen Indifferenz. Verlag Herder Freiburg 2024, 191 Seiten, 22,- €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement