Die frühen Christen. Von den Anfängen bis Konstantin

Harmut Leppin


Home GoBack Print Kontakt Mir liesen

An deene leschte Wochen hunn ech eng Rei ganz interessant Bicher gelies, déi éischter historesch sinn.
Dat éischt Buch, dat ech iech wëll virstellen, ass vum Hartmut Leppin: „Die frühen Christen. Von den Anfängen bis Konstantin“. Den Harmut Leppin ass Professer fir Al Geschicht un der Universitéit vun Frankfurt/Main. Hie geet a sengem Buch der Fro no, wéi d’Chrëschten an der éischter Zäit gelieft hunn. Villes ass eis net bewosst. Wéi hunn si sech an enger Welt, déi ganz aner Glawensvirstellungen hat, kënnen behaapten an aus enger eigentlech klenger jüddescher Sekt zu enger grousser Relioun ginn? Mir kennen duerch d’Neit Testament vun eiser Bibel sécherlech Villes, wat d’Chrëschten an deenen éischten Joerzéngten beweegt huet. An awer wësse mir nëmme ganz wéineg iwwert hiert Liewen an Handelen an enger Welt, déi vun der griichescher an réimescher Kultur beherrscht war.
D’Chrëschten waren mat hire Virstellungen esou gänzlech aneschters. Si sinn a ville Punkten opgefall, jo och ugëeckt an deemno och mësstrauesch ugekuckt ginn.
Den Hartmut Leppin zéit als Quellen engersäits d’Neit Testament erun an anerersäits awer och vill Texter a Berichter, déi soss aus dem Ëmfeld vun de Chrëschten selwer stamen wéi vun aneren, déi vu baussen op d’Chrëschten gekuckt hunn. Sou ergëtt sech een äusserst interessant a spannend Bild vum Liewen vun eise Virfaren als Chrëschten. Mech huet dëst Bild ganz déif beréiert an och ugesprach, weist et eis dach eng Zäit, wou d’Chrëschten an der absoluter Minoritéit waren, wou si deelweis verfollegt goufen. Wann ech dann eis Zäit vun haut kucken, da musse mir gesinn, dass mir mëttlerweil och net méi d’Majoritéit vun der Gesellschaft duerstellen. Mir geroden als Glawensgemeinschaft ëmmer méi an een Eck, wou mir och erëm schif ugekuckt ginn. Fir mech war et interessant ze liesen, wéi d’Chrëschten deemools mat all deem ëmgaange sinn. Natierlech kann een hiert Handelen net eent zu eent an eis Zäit iwwerhuelen. An awer si munch Verhalensweisen opschlossräich a kéinten eis haut hëllefen mat esou munchem eens ze ginn, wat eis plot. Chrëschten hunn sech deemools aus enger absoluter Randstellung eropgeschafft, bis si schliisslech ënnert dem Keeser Konstantin unerkannt goufen. Op dat natierlech elo glécklech war, sief dohigestalt. Dëse Wee weist eis awer, dass mir och haut net musse fäerten zu deem ze stoen, vun deem mir iwwerzeegt sinn. Deemools hunn eng Hand voll Chrëschten an enger Gesellschaft gelieft, déi ganz aneschters geduecht a funktionéiert huet. Awer si hunn hire Wee gesicht a fonnt. Mir sollten eis haut erëm méi op dat Wesentlecht vun eisem Glawen konzentréieren, da géife mir sécherlech och Weeër fannen haut an enger zum gréissten Deel erëm heednescher Welt eens ze ginn an ze liewen. De Bléck an d’Geschicht mécht engem dacks d’Aen op, well Villes, wat mir als nei empfannen, war schon ënnert iergendenger Form do. Et ass allefalls ee ganz ureegend Buch, dat nëmmen ze recommandéieren ass.

Harmut Leppin, Die frühen Christen. Von den Anfängen bis Konstantin,
Verlag C. H. Beck, München 2018, 512 Seiten, 29,95 €

Carlo Morbach

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement