Andeem dir dësen Internetsite benotzt, sidd Dir mat Cookien d'accord, déi äert Surfe verbesseren an eng Statistik iwwert d'Kucke vun de Säiten erstellen. Méi Informatioun.
D’Sonndesmass vum 15. August gouf vun der Giischterklaus iwwerdroen. D’Chorale Sängerfrënn vun der Giischterklaus sangen d’Mass, ënnert der Leedung vum Thomas P. Osborne a begleet vum Organist Jos Majerus.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée
Präludium in G (BWV 568)
J. S. Bach
Agangslidd
Réveille les sources de l’eau vive
J. Akepsimas, M. Scouarnec (LD 326)
Kyrie
gëtt gebiet
Gloria
Gloria/Ehre sei Gott
J. Berthier, Heino Schubert (GL 168,1-2)
Zwëschegesank
Wirf dein Anliegen auf den Herrn
Klaus Heizmann, Sebastian Rau
Alleluja
Allelula
J. Berthier (LD 204)
Credo
gëtt gebiet
Offertoire
Bewahre uns, Gott
Anders Reuth, Eugen Eckert (GL 453)
Sanctus
Sanctus
J. Berthier (LD 254)
Agnus Dei
Lamm Gottes
Jean-Marie Kieffer (GL 205)
Kommioun
Fughette in C über BACH op. 123a
Josef Gabriel Rheinberger
Schlusslidd
Helleg Maria, du prächtig Fra (Hieselter Madonna)
Laurent Drees, Mathias Feider
Sortie
Fugue in E minor
Et séngt en ad hoc Grupp vu Sängerfrënn vun der Giischterklaus
Direktioun: Thomas P. Osborne
Organist: Jos Majerus
Tëleesmass op der Giischterklaus
Et ass esou lues zu enger Traditioun ginn : mat enger Tëleesmass gëtt den Ufank vun der Muttergotteswoch op der Klaus ëm d’Fest vu Mariae Himmelfaart gefeiert. Dëst Joer gëtt déi musikalesch a gesanglech Gestaltung vun engem ad hoc Grupp vu Sängerfrënn vun der Giischterklaus a vum Organist vun der Basilika, dem Jos Majerus, zesumme mat deene Leit, déi sech do reegelméisseg an de Gottesdéngschter treffen, assuréiert. D’Kapell vun der Hieseleter Madonna ass zu engem Uert vun der Rou a vum « Ressourcement » gi fir vill Leit, déi dohinner komme fir e Gottesdéngscht, eng Andacht, eng Vesper, e Gebiedsmoment oder eng einfach Visite. Dëst Joer invitéiert de Choix vun de Lidder ons fir déi verbuerge Quelle vun Hoffnung, Liewen a Kraaft an ons, an onsem Glawen an an onser Gemeinschaft nei ze entdecken a lieweg ginn ze loossen. « Réveille les sources de l’eau vive qui dorment dans nos cœurs », esou d’Lidd vum Jo Akepsimas a Michel Scouarnec. Esou Quelle si liewensnoutwenneg an der Wüstenzäit, déi mir an onser Welt op ganz verschidden Art a Weisen erliewen : « Bewahre uns, Gott, behüte uns, Gott, … sei Quelle und Brot in Wüstennot… ». Häerzlech Aluedung !