|
4. Sonndeg am Joereskrees B - 27./28.1.2024
4. Sonndeg am Joereskrees B - 27./28.1.2024
Léif Matchrëschten! “Die Menschen waren voll Staunen über seine Lehre.”, sou heescht haut am Evangelium. Kënne mir nach staunen iwwer dat, wat de Jesus gesot a gemaach huet? Ka seng Léier bäi eis nach eppes bewierken? Mir sinn opgeruff, eis mat dem Wuert vu Gott bzw. vu Jesus Christus ausenaner ze setzen. Villes gëtt et nach ze entdecken. Loosse mir dofir eisen Här Jesus ëm säin Erbaarmen a seng Hëllef uruffen.
Kyrie
Här, Jesus Christus, duerch däi Wuert hues du d'Muecht vum Béise gebrach. Kyrie eleison. Här, Jesus Christus, du bass ëmmer erëm an dengem Wuert bei eis. Christe eleison. Här, Jesus Christus, hëllef eis, eist Häerz an eis Oueren op ze maache fir däi Wuert. Kyrie eleison.
Dagesgebiet
Här, eise Gott, du hues eis all erschafen, fir datt mir dech luewen. Gëff, datt mir dech mat ganzem Häerz ubieden an och all Mënsche gär hunn, déi’s du gär hues. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här. Amen.
Accorde-nous, Seigneur, de pouvoir t'adorer sans partage, et d'avoir pour tout homme une vraie charité. Par Jésus Christ.
Gott und Vater Jesu Christi, du gibst deinem Sohn die Vollmacht, Worte unzerstörbaren Lebens zu verkünden. Öffne unsere Ohren und unser Herz, dass wir seine Botschaft aufnehmen und aus ihr leben durch ihn, der mit dir und dem Heiligen Geist in unserer Mitte lebt jetzt und in Ewigkeit.
Liesungen: Dtn 18, 15-20 / 1 Kor 7, 32-35 / Mk 1, 21-28
Lesung aus dem Buch Deuteronomium. Mose sprach zum Volk: Einen Propheten wie mich wird dir der HERR, dein Gott, aus deiner Mitte, unter deinen Brüdern, erstehen lassen. Auf ihn sollt ihr hören. Der HERR wird ihn als Erfüllung von allem erstehen lassen, worum du am Horeb, am Tag der Versammlung, den HERRN, deinen Gott, gebeten hast, als du sagtest: Ich kann die donnernde Stimme des HERRN, meines Gottes, nicht noch einmal hören und dieses große Feuer nicht noch einmal sehen, ohne dass ich sterbe. Damals sagte der HERR zu mir: Was sie von dir verlangen, ist recht. Einen Propheten wie dich will ich ihnen mitten unter ihren Brüdern erstehen lassen. Ich will ihm meine Worte in den Mund legen und er wird ihnen alles sagen, was ich ihm gebiete. Den aber, der nicht auf meine Worte hört, die der Prophet in meinem Namen verkünden wird, ziehe ich selbst zur Rechenschaft. Doch ein Prophet, der sich anmaßt, in meinem Namen ein Wort zu verkünden, dessen Verkündigung ich ihm nicht geboten habe, oder der im Namen anderer Götter spricht, ein solcher Prophet soll sterben.
Kv Hört auf die Stimme des Herrn; verhärtet nicht euer Herz!
Kommt,
lasst uns jubeln dem Herrn, *
Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Schwestern und Brüder! Ich wünschte aber, ihr wäret ohne Sorgen. Der Unverheiratete sorgt sich um die Sache des Herrn; er will dem Herrn gefallen. Der Verheiratete sorgt sich um die Dinge der Welt; er will seiner Frau gefallen. So ist er geteilt. Die unverheiratete Frau aber und die Jungfrau sorgen sich um die Sache des Herrn, um heilig zu sein an Leib und Geist. Die Verheiratete sorgt sich um die Dinge der Welt; sie will ihrem Mann gefallen. Dies sage ich zu eurem Nutzen: nicht um euch eine Fessel anzulegen, vielmehr, damit ihr euch in rechter Weise und ungestört immer an den Herrn haltet.
Halleluja. Halleluja. Das Volk, das im Dunkel saß, hat ein helles Licht gesehen; denen, die im Schattenreich des Todes wohnten, ist ein Licht erschienen. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. In Kafarnaum ging Jesus am Sabbat in die Synagoge und lehrte. Und die Menschen waren voll Staunen über seine Lehre; denn er lehrte sie wie einer, der Vollmacht hat, nicht wie die Schriftgelehrten. In ihrer Synagoge war ein Mensch, der von einem unreinen Geist besessen war. Der begann zu schreien: Was haben wir mit dir zu tun, Jesus von Nazaret? Bist du gekommen, um uns ins Verderben zu stürzen? Ich weiß, wer du bist: der Heilige Gottes. Da drohte ihm Jesus: Schweig und verlass ihn! Der unreine Geist zerrte den Mann hin und her und verließ ihn mit lautem Geschrei. Da erschraken alle und einer fragte den andern: Was ist das? Eine neue Lehre mit Vollmacht: Sogar die unreinen Geister gehorchen seinem Befehl. Und sein Ruf verbreitete sich rasch im ganzen Gebiet von Galiläa.
Lecture du livre du Deutéronome. Moïse disait au peuple: Au milieu de vous, parmi vos frères, le Seigneur votre Dieu fera se lever un prophète comme moi, et vous l’écouterez. C’est bien ce que vous avez demandé au Seigneur votre Dieu, au mont Horeb, le jour de l’assemblée, quand vous disiez : « Je ne veux plus entendre la voix du Seigneur mon Dieu, je ne veux plus voir cette grande flamme, je ne veux pas mourir ! » Et le Seigneur me dit alors : « Ils ont bien fait de dire cela. Je ferai se lever au milieu de leurs frères un prophète comme toi ; je mettrai dans sa bouche mes paroles, et il leur dira tout ce que je lui prescrirai. Si quelqu’un n’écoute pas les paroles que ce prophète prononcera en mon nom, moi-même je lui en demanderai compte. Mais un prophète qui aurait la présomption de dire en mon nom une parole que je ne lui aurais pas prescrite, ou qui parlerait au nom d’autres dieux, ce prophète-là mourra.»
R/ Aujourd’hui, ne fermez pas votre cœur, mais écoutez la voix du Seigneur.
Venez,
crions de joie pour le Seigneur,
Entrez,
inclinez-vous, prosternez-vous,
Aujourd’hui
écouterez-vous sa parole ?
Lecture de la première lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens. Frères, j’aimerais vous voir libres de tout souci. Celui qui n’est pas marié a le souci des affaires du Seigneur, il cherche comment plaire au Seigneur. Celui qui est marié a le souci des affaires de ce monde, il cherche comment plaire à sa femme, et il se trouve divisé. La femme sans mari, ou celle qui reste vierge, a le souci des affaires du Seigneur, afin d’être sanctifiée dans son corps et son esprit. Celle qui est mariée a le souci des affaires de ce monde, elle cherche comment plaire à son mari. C’est dans votre intérêt que je dis cela ; ce n’est pas pour vous tendre un piège, mais pour vous proposer ce qui est bien, afin que vous soyez attachés au Seigneur sans partage.
Alléluia. Alléluia. Le peuple qui habitait dans les ténèbres a vu une grande lumière. Sur ceux qui habitaient dans le pays et l’ombre de la mort, une lumière s’est levée. Alléluia.
Évangile de Jésus Christ selon saint Marc. Jésus et ses disciples entrèrent à Capharnaüm. Aussitôt, le jour du sabbat, Jésus se rendit à la synagogue, et là, il enseignait. On était frappé par son enseignement, car il enseignait en homme qui a autorité, et non pas comme les scribes. Or, il y avait dans leur synagogue un homme tourmenté par un esprit impur, qui se mit à crier : « Que nous veux-tu, Jésus de Nazareth ? Es-tu venu pour nous perdre ? Je sais qui tu es : tu es le Saint de Dieu. » Jésus l’interpella vivement : « Tais-toi ! Sors de cet homme. » L’esprit impur le fit entrer en convulsions, puis, poussant un grand cri, sortit de lui. Ils furent tous frappés de stupeur et se demandaient entre eux : « Qu’est-ce que cela veut dire ? Voilà un enseignement nouveau, donné avec autorité ! Il commande même aux esprits impurs, et ils lui obéissent. » Sa renommée se répandit aussitôt partout, dans toute la région de la Galilée.
Priedegt
Léif Matchrëschten! „Und die Menschen waren voll Staunen über seine Lehre; denn er lehrte sie wie einer, der Vollmacht hat, nicht wie die Schriftgelehrten.” (Mk 1, 22) Dëse Saz ass schonn iergendwéi erstaunlech. Hie léist opmierksam ginn. Déi sougenannt „Schrëftgeléiert“ waren an engem gewësse Sënn d’„Intelligentia“ vun der Zäit. Si hunn déi helleg Schrëften an Traditioune studéiert an doraus dann Uweisunge fir ze handele gezunn. Awer, an dat ass wuel haut ganz änlech, hat dat nach eppes mat dem Liewe vun de Mënschen ze dinn? Konnten déi einfach Mënschen sech an deem erëm fannen, wat d’„Schrëftgeléiert“ gesot hunn?
Mir feieren haut de Sonndeg vum Wuert vu Gott. Eigentlech war dee schonn dee leschte WE. Mä well mir jo net iwwerall all WE ee Gottesdéngscht hunn, hu mir et an eiser Par op zwee Sonndeg verdeelt. D’Wuert vu Gott, dat ass zumindest emol eis Virstellung an der Kierch, ass festgehalen an de Schrëfte vun eiser Bibel, am éischten oder alen Testament wéi och am zweeten oder neien Testament. Des Schrëften si vun hirem Inhalt hier wéi och vun hirer Zilsetzung ganz ënnerschiddlech. Villes dora versteet een net einfach esou. Et muss deemno erkläert ginn. Dofir gëtt et dann och haut an eiser Kierch eng Zort „Schrëftgeléiert”. Heiansdo, sou ass et mäin Androck, si mir dobäi awer eben och ganz wäit ewech vun deem, wat Mënsche brauchen a wëllen héieren. Déi ganz Theologie, déi sech lues a lues am Laf vun de Joerhonnerten entwéckelt huet, ass esou komplizéiert a komplex, dass och d’„Schrëftgeléiert” kaum alles iwwerblécken a verstinn. An all Kéiers, wann ech d’Evangelium vun haut liesen, ertappen ech mech bäi deem Gedanken, dass deen zitéierte Saz wuel och mech viséiert. De Jesus géif och haut ganz anescht d’Mënsche léieren an hinne begéinen, wéi ech oder mir als Kierch et maachen. Mir sinn als ausgebilt Theologe ganz dacks onheemlech wäit ewech vun deem, wat gleeweg Mënsche wëllen. Ech ertappe mech och des Ëfteren dobäi, dass ech ganz einfach an enger anerer Welt liewen a schwätzen.
De Sonndeg vum Wuert vu Gott misst eis eng Ermanung sinn, fir erëm op d’Basis vun eiser Kierch a vun der Theologie zeréck ze fannen, eben op dëst Wuert vu Gott. Heiansdo misste mir grad d’Evangelien duerchliesen an emol méi genee versichen ze gesinn, wéi dann de Jesus de Mënsche begéint ass, wéi hie mat hinne geschwat huet, wéi seng „Vollmacht” war, mat der hien d’Leit iwwerzeegt huet. Woura läit dat Speziellt, dat d’Mënschen deemools esou ugezunn a begeeschtert huet?
De Jesus huet anscheinend net kal an distanzéiert iwwer Gott geschwat, sou wéi mir et jo eigentlech och haut an eiser Kierch maachen. Hien huet net no enger renger Léier gekuckt an no exakte Formuléierunge gesicht. Bis haut ass et eng vun deene grousse Suerge vu munchen Dogmatiker, dass jo nëmmen alles genee an däitlech formuléiert a gemaach gëtt, sou wéi et schonn ëmmer war. Awer de Jesus huet net een dogmatesche Virtrag iwwer Gott gehalen oder d’Wuert vu Gott mat absolutter Sécherheet a Präzisioun virgedroen. Neen hien huet dat liewegt Wuert vu Gott geschwat. Hien huet dora gelieft. D’Mënschen hunn un him gespuert, dass hien authentesch dëst Wuert vu Gott weider ginn huet. De Jesus huet net iergendwellech Informatiounen oder dogmatesch Sätz iwwer Gott vermëttelt. D’Leit hu gefillt, dass Gott a sengem ganze Wiese bäi hinne present wier. Seng Verkënnegung vum Glawe war glafwierdeg, well op seng Wierder och Dote gefollegt sinn. Ass et net och grad dat, wat eis an der Kierch haut zum Deel feelt?
De Schrëftsteller Heinrich Heine huet dat op seng spëtteg Manéier esou formuléiert:
„Ich kenne die Weise, ich kenne den Text, ich kenn auch die Herren Verfasser; ich weiß, sie tranken heimlich Wein und predigten öffentlich Wasser.”[1]
Wat hei ugeschwäerzt gëtt ass d’Diskrepanz tëschent deem, wat geléiert gëtt, an deem, wat gelieft gëtt. Mir an der Leedung vun der Kierch mussen eis do wuel ëmmer nees mat der Nues huelen. De Saz aus dem Evangelium misste mir eis all Dag eng Kéier virsoen.
D’Wuert vu Gott soll net einfach gepriedegt ginn. Et muss gelieft ginn. De Sonndeg vum Wuert vu Gott soll eis do all mat uschwätzen. Ech sinn iwwerzeegt, dass jiddereen, deen sech als gudde Chrëscht gesäit, och alt méi däischter Momenter huet, wou säin Handelen net deem entsprécht, wat hien eigentlech wëll sinn. Jidderee misst sech ëmmer nees nei un dësem Wuert vu Gott orientéieren.
An eiser esou dichteger Gesellschaft, déi sech bis haut ëmmer nees op seng Wuerzelen als Chrëschte wëll beruffen, si mir ganz dacks extreem wäit ewech vun deem, wat de Jesus eis virgelieft huet. Ëmmer dann, wa mir dee berüümte groussen „C” fir “chrëschtlech” gebrauchen, misste mir eis och froen, wéi eist Handele mat dem Handele vum Jesus an Aklang kéint stoen. Iwwer all déi Joerhonnerten ewech ass ganz dacks vun deem „C” an der Gesellschaft net vill ze spiere gewiescht an deem Sënn, dass et een authentescht Handele wéi dat vum Jesus sollt sinn. Mir Chrëschte gi grad haut extreem wéinst eisem falsche Verhale kritiséiert. Mir léiere wéi d’„Schrëftgeléiert“ an handelen och wéi si. Vum Jesus a senger Ethik ass dacks ganz wéineg ze gesinn.
Wéi schonn ugedeit, dëst ass net nëmmen ee Problem vun der Kierch als Institutioun. Et ass och ee Problem vun eiser ganzer Gesellschaft. „Von einem ganzheitlichen Christentum kann man ... nur da sprechen, wo Theorie und Tat miteiander übereinstimmen. Was sollen verbale Bezeugungen ohne tätiges Zeugnis? Fehlt dieses, werden sämtliche Lehrsätze des Glaubensbekenntnisses zu Leersätzen.“[2] An der kierchlecher Hierarchie wéi un der Basis musse mir eis dat zu Häerz huelen. Awer och an eiser ganzer Gesellschaft ass et wichteg, dass mir net mat dogmatesche Rieden em eis geheien an dann absolutt géint all Ethik handelen. Beispiller fann dir heifir am Moment sécherlech selwer genuch.
[1] Heinrich Heine, Deutschland. Ein Wintermärchen, Caput I, hei zitéiert nom Josef Imbach, Steh auf und Geh! Das Markusevangelium für heute ausgelegt, Theologischer Verlag Zürich 2023, S. 27. [2] Josef Imbach, Steh auf und Geh!, ebd. S. 28.
Fürbitten
Zu Jesus Christus, dee mat gëttlecher Vollmacht zu de Mënsche schwätzt, wëlle mir bieden:
- Gëff alle Chrëschten d'Kraaft an de Mutt, op geleeën oder ongeleeën däin Evangelium virun de Mënschen ze bezeien. Christus, héier eis.
- Erwäch an den Häerzer vun de Mënschen d'Feier vun denger Léift, fir dass d'Mënschen all erkennen, dass Gott eise Papp ass. Christus, héier eis.
- Maach eis Welt fräi vu Krich an Has, vu Fanatismus an Onrecht a looss Toleranz a Fridden ënnert den Natioune grouss ginn. Christus, héier eis.
- Beruff och haut jonk Mënschen an den Déngscht vun der Verkënnegung vun dengem Wuert. Christus, héier eis.
- Sief bäi deene Kranken a bäi deenen, déi eleng sinn, a looss si Hëllef a Solidaritéit erfueren. Christus, héier eis.
- Schenk allen eise Verstuerwenen den éiwege Fridde bäi dir. Christus, héier eis.
Dir Här Jesus Christus gehéiert eist Luef, zesumme mat Gott dem Papp a mam Hellege Geescht, elo an ëmmer an éiweg. Amen.
II.
Avec la confiance des enfants de Dieu, tournons-nous vers le Père et prions pour les besoins des hommes et des femmes de partout dans le monde. Seigneur, nous te prions. – Pour les hommes et les femmes qui occupent des postes d’autorité dans les divers gouvernements de la planète, prions le Seigneur. – Pour l’Église d’ici et d’ailleurs, appelée à transmettre l’enseignement nouveau du Christ, prions le Seigneur. – Pour les prisonniers d’opinion, pour les enfants de la rue, pour les femmes violentées, prions le Seigneur. – Pour notre communauté qui cherche à vivre en actes l’Évangile d’amour et de paix, prions le Seigneur. Dieu notre Père, nous savons que tu es attentif au bien-être de chacune de tes créatures. Aussi, c’est avec confiance que nous te présentons notre humble prière, par Jésus, ton Fils, notre Seigneur. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Här, eise Gott, mir leeën eis Gowe vu Brout a Wäin als Zeeche vun eiser Veréierung op däin Altor. Huel si entgéint a maach si zum Sakrament vun eiser Erléisung. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Pour te servir, Seigneur, nous déposons nos offrandes sur ton autel: acceuille-les avec indulgence, pour qu'elles deviennent le sacrement de notre salut. Par Jésus.
Gütiger Gott, du hast Brot und Wein geschaffen, damit wir aus deinen Gaben Nahrung und Freude schöpfen. Lass uns an diesem Tisch die Kraft, den Frieden und das Leben finden, wie du verheißen hast durch Christus, unsern Herrn.
Hochgebet – „Aufbruch“
Präfation
Sanctus
Du allein,
Gott, bist heilig; du willst, dass auch wir heil werden.
Er nahm in
der Nacht vor seinem Leiden inmitten seiner Freunde Brot,
NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
Dann nahm er den Kelch mit Wein,
sprach den Lobpreis
NEHMET UND TRINKET ALLE
DARAUS:
Geheimnis
des Glaubens
Guter
Vater, du hast Jesus nicht im Tod gelassen, sondern ihn zum Herrn der
Welt bestimmt.
Er wollte nicht, dass alles beim
Alten bleibt.
Darum bitten wir dich: Wecke uns
aus aller Gleichgültigkeit
Rühre die
Gläubigen an durch deinen Heiligen Geist:
An dieses
Ziel, so bitten wir dich, mögen alle, die vor uns ihren
Lebensweg
Und wenn
sich unsere Erdentage zum Ende neigen, dann lass auch uns, zusammen
mit ihnen,
Durch ihn und mit ihm und in ihm
ist dir, Gott, allmächtiger Vater,
(siehe:
Werner Eizinger, Impulse zum Eucharistischen Hochgebet, Butzon &
Bercker, 03/2000) Vaterunser
Den Härgott ass esou no bäi eis, dass mir hie Papp kënnen nennen. Dofir biede mir elo voll Vertrauen, wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater unser im Himmel, …
Friddensgebiet
An eiser Welt ass Fridden eppes, wat ëmmer nees vergeet, well mir Mënschen dacks net fäeg si Fridden ze halen. Dem Härgott säi Fridde bleift fir ëmmer. Dofir froe mir hien ëm dësen éiwege Fridde fir eis all. De Fridde sief mat iech all.
Schlussgebiet
Baarmhäerzege Gott, d’Sakrament vun der Erléisung, dat mir empfaangen hunn, soll eis de Wee zu dir weisen an eis deen echten an déiwe Glawe schenken. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Nous avons été fortifiés, Seigneur, par le sacrement de notre Rédemption; permets que cet aliment de salut éternel nous fasse progresser dans la vraie foi. Par Jésus.
Gott, unser Vater, du hast uns gesättigt mit der Speise, die allein du geben kannst. Lass uns von ihr leben und uns freuen an deiner Güte und Barmherzigkeit und lass unsere Freude fruchtbar werden in guten Taten. Darum bitten wir durch Christus, unsern Herrn.
|