Andeem dir dësen Internetsite benotzt, sidd Dir mat Cookien d'accord, déi äert Surfe verbesseren an eng Statistik iwwert d'Kucke vun de Säiten erstellen. Méi Informatioun.
D’Sonndesmass gouf op Päischtsonndeg, den 23. Mee um 9 Auer aus der Kierch vu Steenem iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile vu Steenem séngt ënnert der Leedung vum Nadja Burdot-Koob. Op der Uergel begleet d’Ursula Kattinger-Stephany.
Lescht Joer war den 125. Anniversaire vun der Chorale Ste Cécile vu Steenem. Gegrënnt gouf d’Chorale am Joer 1895 vun enger Grupp Männer aus dem Duerf. Iwwer zwee Weltkricher huet dëse Männerchouer fläisseg d’Sonndesmassen gesongen. Am Joer 1967 hunn si 10 Meedercher als Verstäerkung an de Chouer geholl. Dat war d’Entstoen vun der Chorale mixte, déi ënnert dem selwechten Numm weider gefouert gin ass.
Interesséiert Leit déi Freed um Sangen hunn, sinn häerzlech Wëllkomm. Eis Prouwen sinn Mëttwochs, vun 20.00 bis 21.30 Auer bei enger gudder Ambiance. Wärend der Pandemie sinn Ännerungen méiglech.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée / Uergel
Veni Creator Spiritus
Variatiounen
Agangslidd
Mächtige Ströme des Segens
J.M. Granahan
Kyrie
Kyrie eleison
GL 155
Gloria
Gloria in excelsis Deo
Kanon
Tëschegesang
Komm Heilger Geist
Mg 241
Alleluia
Alleluja
Mg 1138
Credo
gëtt gebiet
Gowelidd
Bringt das Brot vor das Angesicht des Herrn
Sanctus
Saint, Saint le Seigneur
Mg 969
Anamnes
Geheimnës vum Glawen
Mg 1092
Agnus Dei
Agneau de Dieu
Mg 973
Kommioun
Vater unser
H. Haller
Schlusslidd
Schau, heilger Apostel
Mg 898
Sortie
Festliches Präludium
Et séngt d’Chorale Sainte-Cécile vu Steenem
Direktioun: Nadja Burdot-Koob
Uergel: Ursula Kattinger-Stephany