Merci Paul Kayser

2018


Home Back Print Kontakt

Mat groussem Bedaueren hu mir missen eisem Basilikaorganist Paul Kayser seng Demissioun mat « effet immediat » an der Karwoch zur Kenntnis huelen. Zënter 2014 war de Paul Kayser Titularorganist vun der Basilika. Schonns en ettlech Joeren virdrunn huet hien als Adjoint vum Jean-Marie Kieffer (zesumme mam Thierry Origer a Gary de Jong) vill Déngschter op der Klais-Uergel iwwerholl.

Onnermiddlech war säin Asatz als Organist bei allen Déngschter (Massen, Begriefnisser, Hochzäiten) an als Initiator vu Conterten, z.B. « Uergel Punkt 12 » oder den « Echternacher Orgelsommer ». Säi gudde Ruff als excellente Musiker ass wäit iwwert Iechternach eraus bekannt. No villen éischte Präisser am Conservatoire de Luxembourg, (e.a. beim Prof. Pierre Nimax jr.), huet hien seng Studien fir Uergel, Liturgie a Chouerleedung op der « Staatlichen Hochschule für Musik und Darstellende Kunst » zu Frankfurt ( e.a. beim Prof. Martin Lücker a Prof. Daniel Roth) weider gefouert, an duerno op der „Universität der Künste Berlin“ beim Prof. Wolfgang Seifen mat engem „Konzertdiplom in Orgelimprovisation“ ofgeschloss. De Paul huet säin Amt als Basilikaorganist ganz eescht geholl, an immens vill Zäit investéiert, dëst opwuel seng Aarbecht eng 100% éierenamtlech war, duerchaus awer enger 20-Stonne-Woch entsprach huet.

Aus perséinlechen Grënn huet hien seng Demissioun agereecht. Dat ass fir d’Basilika awer och fir d’kulturellt Liewen vun der Stad Iechternach e grousse Verloscht. Am Numm vun der Par a vun alle Leit, déi an d’Basilika kommen, well ech dem Paul Kayser vu ganzem Häerze villmools Merci soen, fir alles, wat hien fir eis gemaach huet! Mir wënschen him vill Erfolleg fir säi weidere Wee.

Francis Erasmy


Links:

Titular-Organisten der Basilika

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement