Krankesalbung

D’Bedeitung vun engem Sakrament


Home GoBack Print Kontakt

Fir d’Gemeinschaft vun de Chrëschten gehéiert d’Suerg fir déi Krank an Behënnert wesentlech zu hirem Liewen. D’mënschlech Existenz ass net nëmmen vun der Liewenskraaft a –stäerkt markéiert; si ass och vun der Zerbriechlechkeet bis an eisen eegene Kierper gezeechent. D’Erzielungen, déi mir an den Evangelien liesen, weisen eis e Jesus, den vun der mënschlecher Krankheet, an all senge Formen ob kierperlech oder sozial, betraff ass an sech baarmhäerzeg engagéiert fir d’Heel an d’Heelung vu konkrete Mënschen. Déi éischt chrëschtlech Gemeinschaften hunn sech vum Jesus sengem Handelen leede gelooss, och an hirem solidareschen Ëmgang mat Kranken. Am Jakobusbréif (5,13-16) kréie mir e klengen Abléck an dësen Engagement: „Ist einer von euch bedrückt? Dann soll er beten. Ist jemand guten Mutes? Dann soll er ein Loblied singen. Ist einer unter euch krank, dann rufe er die Ältesten der Gemeinde zu sich; sie sollen Gebete über ihn sprechen und ihn im Namen des Herrn mit Öl salben. Das gläubige Gebet wird den Kranken retten und der Herr wird ihn aufrichten; und wenn er Sünden begangen hat, werden sie ihm vergeben. Darum bekennt einander eure Sünden und betet füreinander, damit ihr geheilt werdet! Viel vermag das inständige Gebet eines Gerechten.“
D’Krankheet vu Mënschen ass net nëmmen kierperlech mee och séilesch a sozial an verlaangt eng ganzheetlech Approche zu Begleedung an Heelung, hei an der Form vun der mënschlecher a gemeinschaftlecher Präsenz, vum Gebiet an Verzeiung vun deene Laaschten, déi Mënschen wärend hirem Liewen droen a bedroen.
Am Laf vun de Joerhonnerten huet déi kierchlech Praxis sech an der Form vun engem sougenannten „Stierfsakrament“ („Letzte Ölung“ oder „Extrema Unctio“) kristalliséiert, an dat als ee vun deene siwen Sakramenter. Well d’Suerg fir eis krank a behënnert Matmënschen net nëmmen um Enn vun hirem Liewen aktiv gëtt mee ëmmer erëm, „tout au long de la vie“, huet déi Reform nom 2. Vatikaneschem Konzil (1962-1965) den Akzent nees op Krankensalbung („unctio infirmorum“) gesat, ouni déi noutwendegen Begleedung vun deenen Stierwenden ze vernoléissegen. Vläicht ass et derwäert, grad an dëser Virbereedungszäit op Ouschteren, op d’Feier vum Doud an Operstoen vum Jesus, fir sech e wéineg méi no mat der „neier“ Form vun dësem Sakrament auseneen ze setzen.
Wien kann d’Sakrament vun der Krankensalbung empfänken? Wéini gëtt et gespent?
Prinzipiell kann een d’Sakrament vun der Krankensalbung ëmmer dann empfänken,

* wann ee schwéier krank ass,
* wann ee virun enger grousser a bedeitender Operatioun steet,
* wann d’Krankheet liewensbedreelech ass,
* wann een um stierwe läit.

Dëst Sakrament ass dann awer net en eemolegt Sakrament. Wann een erëm gesonnt gëtt an dann nei krank gëtt, kann een erëm no der Krankensalbung froen. Och wann ee laang un der selwechter Krankheet leit, kann een puermol d’Sakrament empfänken. D’Krankensalbung ass jo ee Gebiet dorëms, dass een an senger Schwaachheet gestäerkt gëtt. Een dee scho gestuerwen ass, kann d’Sakrament allerdengs net méi empfänken.
An de „Praenotanda“ zum Rituale vun der Krankensalbung heescht et an der Nummer 15: „Ist der Kranke beim Kommen des Priester schon tot, soll der Priester für den Verstorbenen beten, dass Gott ihn von seinen Sünden löse und ihn gütig in sein Reich aufnehme, die Salbung aber soll der Priester in diesem Fall nicht vornehmen.“
Wa mir d’Texter kucken, déi ze biede sinn bäi der Salbung, gëtt eis eendeiteg kloer, dass dëst ee Gebiet ass, dat d’Opriichten vun dem Kranken als Ziel huet. An de Fürbitten heescht et z.B.: „Gib seinem/ihrem Körper neue Kraft.“ D’Spendeformel seet: „Durch diese heilige Salbung helfe dir der Herr in seinem reichen Erbarmen, er stehe dir bei mit der Kraft des heiligen Geistes. – Der Herr, der dich von Sünden befreit, rette dich, in seiner Gnade richte er dich auf.“ Natierlech kann een dës Sätz vun der Spendeformel och esou deiten, dass de Mënsch um Wee vum Stierwen gestäärkt gëtt. Awer fir een deen doud ass, ass dat wuel net méi ubruecht esou ze bieden. An enger vun den Oratiounen no der Salbung biet de Priister: „In deinem Erbarmen richte ihn/sie auf und mache ihn/sie gesund an Leib und Seele, damit er/sie sich wiederum seinen/ihren Aufgaben widmen kann.“ D’Krankensalbung zielt eendeiteg op d’Gesonntgi vum Mënsch. Et ass kee Stierfsakrament an och net eng „letzte Ölung“, wéi et fréier geheescht huet.
Wesentlech fir den Empfang vun der Krankensalbung ass, dass de Mënsch selwer kann ënnerlech dozou jo soen. Natierlech ass ee Mënsch um Stierwen an dësem Sënn an enger Grenzsituatioun. D’Rituale vun der Krankensalbung betount dofir:
„Kranken, die das Bewußtsein oder auch den Vernunftgebrauch verloren haben, ist das Sakrament zu spenden, wenn sie als gläubige Christen wenigstens einschlußweise um dieses Sakrament gebeten haben, als sie noch bei Bewußtsein waren.“ (Praenotanda Nr 14)
Wat awer kann ee maachen, wann ee Mënsch scho gestuerwen ass? Wann ee Mënsch dout ass, da kann hien geseent ginn vun engem Priister, vun engem beoptraagten Mataarbechter am pastoralen Déngscht oder och vun jidder anerem, dee wëll fir dee Verstuerwenen bieden. Nom Doud läit de Mënsch an der Hand vu Gott a mir wenden eis am Gebiet fir dee Verstuerwenen u Gott. De Seegen an dat Gebiet sinn net manner wäert wéi d’Spendung vun engem Sakrament.
Wichteg ass, dass mir eis Krank an eis Verstuerwen mat eiser Léift an eisem Respekt begleeden, dass mir hinnen Zäit schenken, dass mir an Dankbarkeet un si denken an och fir si bieden, wann si sech dat wënschen oder gewënscht hunn.

Carlo Morbach

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement