Héichaltor vu Beefort

zum Titelbild vum Parbréif 3-22


Home Back Print Kontakt

Héichaltor - Kierch vu Befort (© Tom Osborne)

Um Titelbild vun eisem Parblat gesitt dir d’Kräiz vum Beeforter Héichaltor. Dësen Altor ass den 30. Juni 1960 vum Bëschof Léon Lommel konsekréiert ginn. Gestëft ass hien vum Paschtouer Nicolas Even (+1961), deen zu Beefort gebuer war. Mat dem Altor war d’Renovatioun an den Opbau vun der Beeforter Kierch, déi um Schluss vum 2. Weltkrich, den 16.12.1044, béiss zerstéiert gi war, ofgeschloss.

Ganz impressionant ass dëst monumentaalt Wierk, dat vum Sculpteur Emile Hulten gemaach gouf. Ënnen um Fouss gesäit een zwou Gestalten, déi an Trauer versonk sinn. Si stellen Adam an Eva duer, déi d’Paradäis verluer hunn. Am Krich a sécherlech och zënter hier a villen aneren Konflikter hu munch Mënschen hiert Liewensparadäis verluer. Mir wëssen ganz gutt, dass munchmol ee Leed einfach esou iwwer d’Mënsche kënnt. Mä all ze dacks ass et awer och selwer verschëllt. D’Paradäisgeschicht ëm Adam an Eva dréckt dat jo zum Deel och mat aus. Ee Krich verdreift Mënschen aus hirer Heemecht, aus hirem Paradäis. Lo gesi mir dat erëm ganz däitlech hei an Europa.

Dacks gi Mënschen duerch all méiglech Versuchungen derzou verfouert, fir sech a Schold ze verstrécken. Hannerlëschteg waart d’Versuchung hannert engem schéinen Bild. Um Fouss vum Kräiz gesäit een, wéi aus dem Bliederwierk eng Schlaang eraus luusst. Harmlos gesäit si aus. An awer ass si d’Schlaang, déi de Mënsch op ee falsche Wee verleet. Doraus entsteet Nout a Misär. D’Trauer ass dat, wat eis dann iwwerfält. Déi zwee Mënschen ënnen verstoppen hier Aen. Si schummen sech. Si hunn och vläicht Angscht.

Awer aus deem Béisen, aus der Nout eraus wiisst och eng Aart neit Liewen. D’Kräiz, dat méi wéi monumental do eraus wiisst, ass een Zeechen vun neiem Liewen. D’Gestalt vum Jesus ass net deen, dee leit an um Stierwen ass. Neen hien ass de Kinnek, seng Därekroun ass zur Kinnekskroun ginn. Et ass ee Bild vum Operstoen aus der Nout. Et ass Bild vum Sech-Erhiewen aus dem Misär vun dëser Welt. Hie breet seng Äerm aus, wéi een, deen déi ganz Welt wëll an den Aarm huelen.

D’Maria steet nach damiddeg a fromm ënner dem Kräiz. De Johannes awer leet seng lénks Hand op säin Häerz a riicht säi Bléck op dëse Kinnek, deen him de Wee weist. Loosse mir och selwer haut eise Bléck op dëse Kinnek riichten, deen all Nout iwwerwonnen huet.

Carlo Morbach

Links:

Lëscht vun de Parbréiwer

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement