Der Unbekannte aus Nazaret

Inspirationen zum Markus-Jahr


Home Back Print Kontakt

De Franz Kamphaus war vun 1982 bis 2007 Bëschof vu Limburg. Hien ass 2.2.1932 gebuer a kuckt domat schonn op eng laang Liewenszäit zeréck. Mir ass de Franz Kamphaus säit menger Studienzäit bekannt als ee Mann, dee mat vill Afillungsverméige ganz wäertvoll spirituell Bicher verfaasst huet.

Dëst lescht Buch vun him ass wuel an déi Kategorie anzereien. Am Moment si mir an eise Sonndesmassen an der Liesuerdnung am Markus-Joer. Dat heescht et ginn haaptsächlech Auszich aus dem Evangelium vum Markus gelies. Zu all Sonndeg am Joer huet de Kamphaus a sengem Buch Gedanke formuléiert, déi hien zum groussen Deel als Priedegten an de Gottesdéngschter virgedroen huet. Si sinn eng déif Inspiratiounsquell fir jiddereen. D’Sprooch ass net héich-theologesch. Si ass fir jidderee verständlech a kann esou och jidderengem en Impuls zum jeeweilege Sonndeg bidden.

An enger Zäit, wou vläicht net méi jiddereen de Wee fënnt oder och keng Geleeënheet
huet, fir Sonndes ee Gottesdéngscht selwer mat ze feieren, ass et eng wäertvoll Hëllef, fir mat der Bibel an de Gedanke vum Auteur dach awer ee Moment Rou ze fannen an sech an déi grouss Famill vun de Chrëschten anzereien, déi Sonndes zesumme kommen a bieden. Ech hunn den Androck, dass et ganz wichteg ass, dass een als Chrëscht de Sonndeg och markéiert. Mir sinn natierlech an enger Welt, déi esou komplex a komplizéiert ginn ass, dass villes net méi esou funktionéiert wéi fréier. Dofir sinn esou spirituell Begleeder vun enger grousser Wichtegkeet. Jiddereen, dee well, kann sech sech selwer seng Zäit huelen a meditéieren, nodenken iwwer sech a säi Glawen. Genee déi Hëllef wëll dëst Buch bidden. Déi eenzel Texter lueden dann och an, fir weider ze denken. Si sinn Ureegung, fir dat eegent Liewen ze betruechten a vläicht och nei ee Wee zu Gott ze fannen. Op alle Fall léist de Kamphaus ee matgoen op engem Wee, deen een ëmmer méi no un d’Botschaft vu Jesus Christus féiert. Un sech ass et kloer, dass jidderee selwer säi Wee muss goe mat der Botschaft, wann en dat da wëll. Hei ass eng schéin a gutt Uleedung dozou

Carlo Morbach


Franz Kamphaus Der Unbekannte aus Nazaret Patmos Verlag, Ostfildern 2023, 288 Seiten, 22,- €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement