Suis-je le gardien de mon frère?


Home Back Print Kontakt

Dëst weidert Buch am Kontext vu menger Virbereedung op eise Bibelcours iwwer d’Genesis vun dësem Hierscht ass mir opgefall. De Kain aus der Bibel ass eis all gutt bekannt. Hien huet säi Brudder ëmbruecht. Firwat eigentlech? An da steet effektiv déi berüchtegt Fro am Raum, déi eis an der Bibel iwwerliwwert ass: „Suis-je le gardien de mon frère? - Bin ich der Hüter meines Bruders?“

Mir si grad haut ganz séier do, fir des al Geschichten, déi d’Bibel eis erzielt, als Märercher an als Mythen of ze klasséieren. A wa mir dat esou gemaach hunn, da sinn des Texter fir eis haut irrelevant. Mir brauchen a wëllen eis net domat befaassen. Jo eigentlech wëlle mir déi déifgrënneg Thematik, déi an dësen alen Texter ugeschwat gëtt, guer a glat net haut beuechten. Dat ass alles aalt Geschier, dat eis näischt ugeet. Dobäi sinn des Texter oder Geschichte fundamental Iwwerleeungen zu eiser mënschlecher Konditioun. Si weisen, dass scho virun dausende vu Joren Mënsche ganz gutt nogeduecht hunn, wéi mir als Mënsche funktionéieren a wéi mir och Schold op eis lueden.

Déi grouss Fro, déi d’Mme Surchat hei an hirem Buch behandelt, ass d’Fro no der Responsabilitéit. Grad haut si mir ëmmer nees séier do, fir all Verantwortung vun eis ze weisen. Neen, ech hunn domat näischt ze dinn! Neen, ech dach net! Et sinn dann ëmmer iergendwellech anerer, déi schold sinn oder déi missen handelen. Dat ass an der Politik esou, dat ass an der Wirtschaft esou, dat gëtt et an eiser Kierch an och am perséinleche Liewen. Mir wëllen all d’Soen hunn, awer keng Verantwortung droen.

Wien ass mäi Brudder (oder meng Schwëster)? Wat ass meng ureege Verantwortung an dëser Welt? Bis haut stellt sech d’Fro, wéi mir eis Verantwortung droen an iwwerhuelen. „Cette lecture originale et inspirante du récit tragique de la Genèse nous invite à changer de regard sur cet antihéros biblique, à le suivre pas à pas sur le chemin de la responsabilisation et à nous interroger: sommes-nous aujourd’hui capables de répondre mieux que lui de la relation à nos frères?“

Genau déi Fro, déi op dem Deckel vum Buch opgeworf gëtt, musse mir eis all Dag selwer stellen an zwar ëmmer dann, wa mir an d’Verantwortung geruff sinn. Schonn deemools, wéi d’Auteure vun der Bibel (hei vun der Genesis) dësen Text niddergeschriwwen hunn, war et een akut Thema. Dat huet sech bis haut net geännert, jo et ass nach méi wichteg ginn, fir sech Gedanken dozou ze maachen.

Wa mir all déi Konflikter an eiser Welt gesinn, wa mir all dee Misär kucken, deen sech schéngs ëmmer méi ausbreet, da musse mir eis der Fro stellen. Wien ass eise Brudder oder eis Schwëster a wat ass meng Responsabilitéit deene Mënsche géint iwwer? Jidderee muss do bäi sech ufänken an op kee Fall op een anere verweisen, dee soll d’Responsabilitéit iwwerhuelen, sou wéi et sou gären haut an alle Beräicher gemaach gëtt. Ech si vläicht net de „gardien“, den „Hüter“ vu mengem Brudder. Awer et ass mäi Brudder, meng Schwëster. Et ass ee Mënsch wéi ech an nëmmen zesumme kënne mir an dëser Welt existéieren a liewen. Dëst Buch liesen an doriwwer nodenke géif ech jidderengem ganz waarm un d’Häerz leeën.

Carlo Morbach


Béatrice Surchat Suis-je le gardien de mon frère? Éditions Labor et Fides Genève 2023, 326 Seiten, 22,00 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement