Werft die Fesseln ab!

Kirche neu denken


Home Back Print Kontakt

An der leschter Zäit gëtt et ëmmer méi däitlech, dass sech eis Kierch als Institutioun an eng Sakgaass beweegt. Villes, wat fréier als richteg a gutt gesi gouf, ass haut a Fro gestalt. D’Institutioun Kierch a munch eminent Vertrieder wëllen och nach guer net gesinn, wéi séier des al Kierch am gaangen ass géint eng deck Mauer ze rennen an dorun ze zerbriechen. Déi al Hären wëllen net op hier Privileegien verzichten a scho guer net aner Chrëschtemënschen an hiren Domän era kucke loossen. Si bleiwe léiwer ënner sech, och wa si mierken, dass et an nächster Zäit wuel eriwwer ass.

D’Gerda Schaffelhofer, eng ganz engagéiert Chrëschtin, versicht an hirem Buch esou munch Problemfelder op ze zeechnen, déi eis als Kierch genee dohi bruecht hunn, wou mir am Moment stinn. Op nach eppes ze retten ass, weess si net. Si hofft awer,
dass sech eng Ännerung an der Mentalitéit vun deenen, déi haut d’Kierch leeden, astellt, sou dass dach nach eng Zukunft méiglech ass. Allerdéngs, an dat deet wuel deenen ganz déck wéi, déi elo um Rudder sinn, et muss sech Villes veränneren. Vill Ligen a Märercher, Mythen a Verbriechen mussen kloer benannt an opgekläert ginn.

An engem éischten Deel analyséiert d’Autorin d’Problemfelder vun der aktueller Kierch. Diskutéiert ginn d’Plaz vun de Laien an der Kierch an do och ganz besonnesch d’Plaz vun de Fraen. Nach ëmmer gëtt sech op al Mythe beruff, déi längstens an der exegetescher Wëssenschaft als falsch erausgeschielt goufen. Weder de Jesus nach de Paulus hu verächtlech op d’Frae gekuckt. Mir wëssen, dass d’Entwécklung vun den Ämter an der Kierch zimmlech spéit asetzt a sécherlech net esou vum Jesus intendéiert war. Weder huet hie Männer zu Priister geweit nach huet hien Fraen vun der Verkënnegung vun der gudder Botschaft ausgeschloss. Mä et war eben och eng Fro vu Muecht, déi all dat begënschtegt huet, wat mir bis haut an eiser Kierch kennen. Aner Problemfelder si ganz sécher den Ëmgang mat der Sexualitéit oder mat dem Geld. Och hei leie vill Läichen am Keller vun der Kierch, déi mussen entsuergt ginn.

An engem zweeten Deel vum Buch geet d’Autorin dann drun, fir eng Rei Mosaiksteng ze proposéieren fir eng Kierchereform. Et ass munches net bequeem fir déi, déi d’Soen haut hunn an der Kierch. Awer de Kapp an de Sand ze stiechen a weider ze maachen wéi bis elo, dat féiert onweigerlech an den totale Ruin. Grad hei mussen al Strukturen ofgebaut ginn. Vun ënnen muss sech eis Kierch nei opstellen. Dofir brauch et eng Reform an de Leedungsetagen. Déi absolutistesch Muecht vun uewen huet ausgedéngt. Dat bedeit dann och dass personell Konsequenzen musse gezu ginn. Et muss transparent sinn, wien eppes ze soen huet a wat gemaach soll ginn. Dass et nëmme Männer gëtt, déi d’Kierch leeden muss ophéieren. Dofir brauch et och en endgültege Schluss fir de Flichtzölibat, fir déi onwürdeg Vue op d’Sexualitéit an op d’Liewen iwwerhaapt. D’Kastewiesen vu Klerus a Laien, wéi d’Autorin et bezeechent, muss endlech eriwwer sinn an d’Plaz vun de Laien muss erëm déi ginn, déi si vun Ufank un haten.

Natierlech kann een der Autorin elo virwerfen, dass si ee „Rundumschlag“ mécht an eventuell „das Kind mit dem Bade ausschüttet“. Awer ouni eng pointéiert Formulatioun, ouni ee kräftegt Rëselen um Käfeg vun deenen alen Hären zu Roum an an de Bistümer geet et leider net. Et muss nach méi haart gejaut ginn, dass déi all endlech wakereg ginn an dass sech dann eppes ännert, ier et ze spéit ass.

De Paul M. Zulehner, ee grousse Pastoraltheolog, schreift a sengem Geleitwuert zum Buch: „Das vorliegende Buch ist mit ‚heißer Feder’ geschrieben. Einmal mit dem Lesen angefangen, hört man nicht so leicht wieder auf.“ Sou ass et mir och gaangen

Carlo Morbach


Gerda Schaffelhofer: Werft die Fesseln ab! Kirche neu denken VGN Buch, Wien 2022, 194 Seiten, 19,90 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement