E Wuert fir de Samschdeg , 30.5.2020

Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. (Joh 21, 20-25)


Home Back Print Kontakt

In jener Zeit sprach Jesus zu Simon Petrus: Folge mir! 20Petrus wandte sich um und sah, wie der Jünger, den Jesus liebte, diesem folgte. Es war der Jünger, der sich bei jenem Mahl an die Brust Jesu gelehnt und ihn gefragt hatte: Herr, wer ist es, der dich verraten wird? 21Als Petrus diesen Jünger sah, fragte er Jesus: Herr, was wird denn mit ihm? 22Jesus antwortete ihm: Wenn ich will, dass er bis zu meinem Kommen bleibt, was geht das dich an? Du aber folge mir nach! 23Da verbreitete sich unter den Brüdern die Meinung: Jener Jünger stirbt nicht. Doch Jesus hatte zu Petrus nicht gesagt: Er stirbt nicht, sondern: Wenn ich will, dass er bis zu meinem Kommen bleibt, was geht das dich an? 24Dieser Jünger ist es, der all das bezeugt und der es aufgeschrieben hat; und wir wissen, dass sein Zeugnis wahr ist. 25Es gibt aber noch vieles andere, was Jesus getan hat. Wenn man alles aufschreiben wollte, so könnte, wie ich glaube, die ganze Welt die Bücher nicht fassen, die man schreiben müsste.

An de Sätz hei virum Evangelium vum Samschdeg viru Päischten hat de Péitruss en Optrag vum Jesus kritt fir him nozefollegen. An elo steet hei dee „Jünger“ am Fokus, deen de Jesus gär hat. Et ass deen, dee laut dësen Zeilen um Enn d’Johannes-Evangelium geschriwwen huet. De „Jünger“, deen de Jesus gär hat, gëtt ni mat Numm genannt. Op hien Johannes geheescht huet wësse mir net. Dat ass eent vun deene grousse Mysterien an der Iwwerliwwerung vun der Bibel. Wat mech awer hei besonnesch reizt, dat ass déi mënschlech Säit. De Péitruss freet: Wat geschitt da mat him? Op mech wierkt dat ee bëssi, wéi wann de Péitruss wëll froen: „Du, Jesus, hues mir elo just profezeit, dass ech och leide wäert an dass ech dir esou nofollege soll. Mä wat fir een Optrag kritt hien do da lo?“ Et „mënschelt“ a mengen Aen hei an deenen Zeilen. De Schreiwer vum Evangelium, muss sech jo dann och rechtfäerdegen. Him seng Aufgab war et uschéngend, fir d’Geschicht vum Jesus nidderzeschreiwen. Allerdéngs sollt dat nëmmen exemplaresch sinn. Dat Eigentlecht vum Jesus kann ee kaum an engem Text zesummefaassen. Et klengt, wéi wann den Auteur hei wëll soen: „Kuckt, hei sinn eng Rei Beispiller, wéi de Jesus war. Domat huet dir elo genuch, fir iech selwer an seng Nofolleg ze stellen an änlech ze handelen. Et ass net noutwendeg fir alles opzeschreiwen. De Jesus huet esou vill gemaach, dass et souwisou net méiglech ass. Déi kuerz Beschreiwung hei geet duer.“

Nach eng zweet Saach kann een sécher aus eisem Text vum Evangelium erausliesen. Et geet hei weder ëm ee Rang oder Virrecht an der Gemeinschaft vun de Chrëschten. Jiddereen huet seng Plaz an seng Aufgab. Déi muss dee jeeweilegen Mënsch erfëllen an esou an der Nofolleg vum Jesus säi Liewe gestalten. Dobäi ass dann all Aufgab an all Mënsch wichteg an och gläichrangeg. De Péitruss, deen hei schonn erëm ufänkt, fir sech mat aneren ze vergläichen, gëtt vum Jesus kloer an däitlech a seng Grenze verwisen. De Wee vun der Nofolleg ass net fir jiddereen dee selwechten an awer sinn all dës Weeër gläich vill wäert. Dorop kënnt et un. Och dëse Gedanken misste mir eis haut an eiser Gemeinschaft vun der Kierch vläicht erëm nei an d’Bewosstsinn ruffen.

Carlo Morbach
Text vu gëscht
Klick op d’Kalennerblat fir de ganzen Text als PDF!
Text vu muer

Links:

Top

Gedanken

Daily Gospel

Évangile du jour

Evangelho do dia

Evangelium des Tages

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement