Das päpstliche Lehramt auf dem Prüfstand der Geschichte.

Franz Hürth SJ als „Holy Ghostwriter“ von Pius XI. und Pius XII.


Home GoBack Print Kontakt

Wie schreift all déi grouss a laang Dokumenter, déi de Poopst an de Vatikan offiziell erausgëtt? Huet ee Poopst wierklech sou vill Zäit, dass hien och nach laang Enzykliken oder aneres schreiwe kann? Huet ee Poopst iwwer alles den Iwwerbléck? Schonn d’Virwuert zum Buch vum Matthias Daufratshofer léist oplauschteren a virwëtzeg ginn. „Der Ghostwriter setzte sich umgehend hin und schrieb Pius XII. auf, was dieser als Papst bisher zu diesem Thema gelehrt hatte, was er künftig zu lehren hatte und wie er aus den lehramtlichen Schwierigkeiten, in die er sich unbedacht hineinmanövriert hatte, wieder herauskommen konnte.“ (S. 13) Mat dësem Saz vum Hubert Wolf aus dem „Geleitwort“ zum Buch ass schonn dat Wesentlecht gesot, ëm wat et hei geet. Ee Poopst ass keen, deen alles weess an alles kann. De Poopst ass nëmmen en einfache Mënsch, deen net ëmmer all theologesch Spëtzfënnegkeeten kann am Kapp hunn. Hie kann och net alles wëssen. Et geet zu Roum am Vatikan wuel genee esou wéi iwwerall och soss an der Welt. Rieden, Priedegten, Hierdebréiwer, Enzykliken a Villes méi ginn vun Leit geschriwwen. De Poopst setzt dacks just seng Ënnerschrëft drënner oder hien hält d’Ried an dann ass deen Text legitiméiert, dass e vun him ass.

Lo gëtt et awer esou munch Problemer bäi der Geschicht. Wann ee Poopst sech absolut op een eenzegen Schreiwer verléisst, dann huet deen eng onheemlech Muecht fir de Wee vun der Kierch an der Theologie ze bestëmmen. Villfach ass et beluecht, dass Theologen mat hirer Minoritéitsmeenung Peepst esou beaflosst hunn, dass duerno bal kee Wee méi aus der Sakgaass eraus gefouert huet. De Auteur ënnersicht hei an senger Dokteraarbecht dräi ganz wichteg Dokumenter aus der Zäit vum Pius XI. an Pius XII.

Haut froe mir eis, wou beispillsweis déi restriktiv Siicht op d’Sexualitéit an eiser Kierch hierkënnt. Villes verbanne mir mat der Enzyklika „Humanae Vitae“ vum Poopst Paul VI. Awer eigentlech si vill Jalonen schonn 1930 an der Enzyklika „Casti Conubii“ vum Pius XI. festgesat ginn. De Jesuittepater Franz Hürth huet mat senger ganz enker Siicht vu Sexualitéit a Bestietnis hei den Toun uginn an esou och grad eng extreem réckstänneg Léier doriwwer festgeschriwwen. Och deemools waren vill Theologen op eng vill méi modernen wëssenschaftleche Stand an hunn schaarf Kritik geüübt. Dat ganzt Hin an Hier, wéi schlussendlech de Pater Hürth sech duerchgesat huet mat senger Siicht ass erschreckend. Déi 300 Säiten, wou den Auteur sech domat ausenanersetzt liesen sech wéi ee fiktiven Krimi. Awer leider ass et eng batter Realitéit, wéi eenzel Muechtmënschen sech mat hiren Iddien duerchgesat an esou eis Kierch iwwer Joerzéngten op een dach bedenkleche Wee gefouert hunn.

Dat Zweet Dokument, wat den Auteur ënnersicht d’Apostoulesch Konstitutioun „Sacramentum Ordinis“ vun 1947. Hei geet et drëm, wat deen entscheedenden Akt bäi de Weien ass. Bis dohin war et eng fest dogmatesch Léier, dass déi eigentlech Wei duerch d’Iwwerginn vun den Instrumenter geschitt. Dat heescht bäi der Priisterwei waren dat d’Iwwerreechen vun Kellech a Paten mat jeeweils Wäin an Hostie. De Pius XII. huet dunn hei mol kuerzerhand een „Dogma“ verännert an definéiert, dass d’Handopleeën vum Bëschof d’Vollmacht iwwerdréit. Dat alles kéint ee mengen wier elo eng dach zimmlech onwichteg Affär. Mä hei geet et drëm, dass eigentlech Dogmen jo net kéinten geännert ginn. Mä genee dat mécht de PiusXII. Hei gëtt also däitlech, dass d’Kierch duerchaus d’Muecht huet Dogmen ze veränneren, och wann ëmmer nees eppes aneres behaapt gëtt.

Dat drëtt Dokument, wat ënnersicht gëtt ass d’Dogmatiséierungsbulle „Munificentissimus Deus“ vun 1950 iwwer d’leiflech Ophuelen vu Maria an den Himmel. Grad hei ware vill Theologen extreemst an Oppositioun. An alt erëm huet de Pater Hürth sech duerchgesat. All Kéiers ass et erschreckend ze gesinn, wéi vun hannen erbäi a géint all aner Meenungen, sech Muechtmënschen am Apparat Kierch duerchsetzen an esou och déi ganz Gemeinschaft ëmmer méi vun der eigentlecher Botschaft vu Christus ewech féieren.

Ech hunn dëse spannenden Krimi iwwer een Deel vun eiser Kierchegeschicht innerhalb vun dräi Deeg gelies. Et ass extreem opschlossräich a léist een mat ville Froen zeréck. Wien huet haut zu Roum d’Soen? Wien schreift do déi entscheedend Texter? Wien huet och d’Soen an den eenzelen Diözesen uechter d’Welt, well do ass et wuel kaum aneschters?

Carlo Morbach


Matthias Daufratshofer Das päpstliche Lehramt auf dem Prüfstand der Geschichte.
Franz Hürth SJ als „Holy Ghostwriter“ von Pius XI. und Pius XII.
Verlag Herder Freiburg 2021, 677 Seiten, 45,00 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement