114 Engelen…

Aus dem Parbréif vum Dezember 2017


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

An der Helleger Nuecht feiere mer op der ganzer Welt dem Jesus seng Gebuert. Den Evangelist eschreift, wéi d’Engel déi frou Noriicht den erstaunten Hierden um Feld verkënnegen: « Da trat der Engel des Herrn zu ihnen und der Glanz des Herrn umstrahlte sie. Sie fürchteten sich sehr, der Engel aber sagte zu ihnen: Fürchtet euch nicht, denn ich verkünde euch eine große Freude, die dem ganzen Volk zuteil werden soll: Heute ist euch in der Stadt Davids der Retter geboren; er ist der Messias, der Herr. Und das soll euch als Zeichen dienen: Ihr werdet ein Kind finden, das, in Windeln gewickelt, in einer Krippe liegt. Und plötzlich war bei dem Engel ein großes himmlisches Heer, das Gott lobte und sprach: Verherrlicht ist Gott in der Höhe und auf Erden ist Friede bei den Menschen seiner Gnade. » (Lk 2,9-14)

Schonns am Wuert « Engel » fanne mer eng wichteg Aufgab vun hinnen ëmschriwwen: Si sinn an der Bibel « Boten Gottes » (lat. angelus, vom altgriechischen angelos „Bote“). Si vermëttlen de Mënschen déi göttlech Botschaft, maachen dem Härgott seng Präsenz an eisem Liewen däitlech. Si si spirituell Weebegleeder a Botschafter vun enger anerer, méi déiwer Wierklechkeet. Si weisen de Mënschen, datt d’Liewe méi ass, wéi just dat, wat ee gesäit. Den Anselm Grün schreift : « Die Vorstellungen, die wir mit ihnen (den Engeln) verbinden, sind kostbare Bilder, Imagination einer Sehnsucht nach einer anderen Welt der Geborgenheit und Leichtigkeit, der Schönheit und Hoffnung. » (Anselm Grün, Engel für das Leben, Freiburg 2001, 10).

Eng aner Aufgab vun den Engelen ass, datt si vum Härgott geschéckt sinn, fir eis ënschen ze schützen. De Psalm 91 seet : « Er befiehlt seinen Engeln dich zu behüten auf all deinen Wegen. » D’Kierch an déi kathoulesch Traditioun nennt dat de « Schutzengel ». An der Bibel fanne mer den Engel och als Weebegleeder, z.B. wéi den Engel Rafael, deen de jonken Tobias sécher un d’Zil bréngt (Tobit 5 ff.). A schliisslech si si déi Wiesen, déi dem Härgott déngen an hien « von Angesicht zu Angesicht schauen ».

An der Weltliteratur grad wéi an der Konscht fanne mer onendlech vill Duerstellunge vun Engelen. E wonnerbart Beispill dofir ass d’Lënster Kierch : 114 (!) Engelen sinn hei duergestalt : gemolt op Tableau’en oder op d’Verwëllef, skulptéiert aus Steen oder am Holz. Verschiddener spillen e Museksinstrument, anerer bewaachen oder ëmginn dat Allerhellegst oder e Grafsteen. Mir fannen se an alle Haltungen a Variatiounen, wéi wa se eis soe wéilten : Egal wou’s du och an dengem Liewen dru bass, egal wou’s du hierkënns oder higees, denk drun : Den Härgott ass do ! Hie wëll dir no sinn, du gehéiers zu him. Du bass ëmginn vu sënger Präsenz déi Léift an Heelung schenkt.

D’Engel erënneren eis un dat, wat mer gären an der Hektik vum Alldag vergiessen oder vernoléissegen : Gott ass Mënsch ginn, fir eis de Wee zu engem erfëlltene Liewen ze weisen. Si erënneren eis drun, datt a Christus sech Himmel an Äerd verbannen an datt mir an deem Kand vu Betlehem d’Quell vun eisem Liewe fannen. Op Chrëschtdag ruffen d’Engelen eis entgéint : Dir braucht keng Angscht ze hunn, well ech verkënnegen iech eng grouss Freed : Haut ass de Retter gebuer, de Messias, Christus den Här.

Hoffentlech verpassen oder iwwerhéieren mer hire Message net. Vläit kënnen och mir fir aner Mënschen Engele sinn, Botschafter vun der gëttlecher Léift an dëser Welt, an duerch d’Beispill vun eisem Liewen op eng aner Wierklechkeet verweisen.

E geseentent a frout Fest vu Chrëschtdag wënscht Iech vun Häerzen
Äre Paschtouer Francis Erasmy.
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement