„Jesus, denk an mich, wenn du in dein Reich kommst!“

Editorial aus dem Parbréif 7/2022


Home GoBack Print Kontakt

Wann dir dëst Parblat (7-22) an der Hand haalt, dann ass et dat lescht fir dëst Kierchejoer. Den November ass iergendwéi de Mount, wou mir onweigerlech un den Dout an un d’Stierwen denken. Ageleet gëtt de Mount mat deenen zwee Deeg vun Allerhellegen an Allerséilen, déi eis jo all Joer un eis Vergänglechkeet an dëser Welt erënneren. Mir ginn op d’Kierfechter an denken un déi Mënschen, déi virun eis gelieft hunn, déi eis wichteg waren, déi mir och vermëssen.

Mä och d’Evangelientexter vun deene leschte Sonndeger am Kierchejoer thematiséieren d’Fro no deem, wat no eisem Dout kënnt. Do ass d’Evangelium vum leschte Sonndeg am Kierchejoer, dat mech ganz besonnesch uschwätzt (Lk 23, 35b-43). Um sougenannten „Christkönigssonntag“ steet déi Zeen um Liesprogramm vun eise Gottesdéngschter, wou de Jesus um Kräiz hänkt a wou zwee Verbriecher gläichzäiteg mat him d’Strof vum Dout mussen erleiden. Deen een mécht mam Jesus genausou de Geck, wéi och aner Leit et maachen. Awer deen Zweeten stellt sech an dëser Stonn op
d’Säit vum Jesus. Dee ganz markante Saz, deen hien ausschwätzt, kenne mir all: „Jesus, denk an mich, wenn du in dein Reich kommst!“ (Lk 23, 42)

Des Zeen um Kräiz huet ee vu menge Virgänger als Paschtouer an engem Bild gemoolt. Et hänkt doheem a mengem Büro an ech kann ëmmer nees dorop kucken. 6 Persounen sinn op dësem Bild ze gesinn. Si hunn all kee Gesiicht gemoolt. Et kann een deemno sech selwer an eng vun dëse 6 Persounen era projezéieren. D’Fro ass, wien engem dann elo am nächsten ass, wien engem elo besser entsprécht.

Deen ee Verbriecher, steet mat sengem Kräiz absolutt riicht do. Et kann ee scho bal soen, dass hien seng Arroganz och nach hei am Ubléck vum Dout bäibehält a kee Millimeter vun senger Linn ofgeet. Hie fillt sech am Recht. Hien war op engem Wee, wou hien weder dem Jesus seng Botschaft nach säi Verzeie brauch. Dofir dréint hien sech och vum Jesus ewech. Deen anere Verbriecher kuckt op de Jesus. Hien erkennt seng Schold, seng Feeler, säi Versoen. Säi Kräiz béit sech no hannen. Et gesäit bal esou aus, wéi wann hien domat well soen: Jesus, du hues esou eng grouss Guttheet. Virun dir kann ech nëmmen op de
Buedem falen. Awer de Jesus mat sengem Kräiz vernäipt sech. Et ass impressionant
op dem Bild duergestallt. D’Kräiz vum Jesus gëtt no a vernäipt sech mam Jesus hin zu deem Verbriecher, deen seng Schold gesäit, si unhëlt an ëm Verzeiung freet.

An deem Moment geschitt och d’Erléisung. Vun uewe gesäit een en Engel, deen ugeflunn kënnt mat engem Kellech a mat der Eucharistie. Hie bréngt iwwer de Verbriecher d’Erléisung an d’Verzeien. An deem Moment ass dëse Mënsch gerett a ganz beim Jesus. Hie steet an enger ganz grousser Gemeinschaft mat him.

Ënner dem Kräiz sinn nach zwou Persounen, déi mat gefaalten Hänn op de Jesus kucken. Jiddereen kann seng Fantasie spille loossen, wien si duerstellen. Mä vläicht sollte mir dat sinn. Mir gesinn dee Jesus, deen sech ganz déif béckt an engem béise Verbriecher verzeit. „Heute noch wirst du mit mir im Paradies sein.“ (Lk 23, 43b)

Ass et net esou, dass mir fir all eis Leit genee dat dierfen erhoffen. Ech gi mol dervun aus, dass déi wéinegst esou stuer an hire Feeler bleiwen, dass si net géife gesinn, dass si falsch leien. An eben da geschitt et, wat hei um Bild gemoolt ass, da béckt sech de Jesus zu eis erof an hëlt eis un. Och mir all kënne bäi him am Paradäis sinn. Et ass net vill gefrot. Just dee klenge Saz vu Rei muss eis iwwer d’Lëpse kommen: „Jesus, denk an mich, wenn du in dein Reich kommst!“ E muss éierlech sinn an aus der Déift vum Häerz
kommen. A genee da geschitt d’Wonner vun der Erléisung och fir eis all. Fir all
déi vun eise Leit, déi dat vläicht net méi selwer hikritt hunn, triede mir an den Deeg ëm Allerhellegen un a soe fir si dee Saz. Et ass a mengen Aen dat eenzegt Gebiet, wat mir nach kënne soen am Ubléck vun eisem ierdeschen Enn. Ech wënschen eis all, dass mir dat fäerdeg bréngen an eis esou och dierfen op eisen Här verloossen. Seng Léift zu eis ass allefalls ganz grouss. Dofir kënne mir och mam Andreas Knapp dëst Gebiet un hien riichten:

„letzte bitte

wenn mein körper erkaltet

dass meine liebe nicht erkalte

in all ewigkeit nicht“

aus: Andreas Knapp, ist wie Liebe. Gedichte, Echter Verlag Würzburg 2022, S.69.

Carlo Morbach

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement