Liicht schenken a Liicht geschenkt kréien


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Liicht schenken a Liicht geschenkt kréien...

Und das Licht leuchtet in der Finsternis,

und die Finsternis hat es nicht erfasst”

(Joh 1,5).

 

“Simeon nahm das Kind in seine Arme

und pries Gott mit den Worten:

Nun lässt du, Herr, deinen Knecht,

wie du gesagt hast, in Frieden scheiden.

Denn meine Augen haben das Heil gesehen,

das du vor allen Völkern bereitet hast,

ein Licht das die Heiden erleuchtet,

und Herrlichkeit für dein Volk Israel”

(Lk 2, 28-32).

 

D’Liicht begleet ons, duerch d’Chrëschtzäit bis hin zum Fest vun der “Darstellung des Herrn” oder Liichtmëssdag. Ëmmer erëm geet an den Texter aus der Helleger Schrëft rieds vum Liicht, vum Liicht dat méi staark ass wéi d’Däischtert vum Liewen, vum Liicht dat d’Mënschen erliicht. Sécher dréckt dëst eng déif Sehnsucht vum Mënsch aus, de Wonsch, eppes ze hunn, wat eist Liewen hell mécht. Jidderee sehnt sech no Gléck a Fridden, no Freed a Wuelergoën.

Wat kann eist Liewen hell maachen, och an eiser iwwerflächlecher, hektescher Zäit? Mir hu vill Saachen, déi den Uschäi ginn, dass si eist Liewen hell maache géingen. Mir kënnen eis mat villem, wat no bausse gutt ausgesäit, tréischten an driwwer ewechtäuschen, dass mir a Wierklechkeet dach awer no eppes méi Déiwem sichen, no eppes wat eis ënnerlech stäerkt, ee Liicht, wat eis vu bannen eraus Kraaft gëtt fir d’Welt mat aneren Aen ze kucken. Jesus Christus ka fir eis sou e Liicht sinn, e Liicht, wat eis vu banne stäerkt an eis d’Welt mat aneren Ae kucke léisst.

 

Wat gesi mir mat dësen aneren Aen? Mir gesi vläicht Mënschen an Nout, mir gesi Mënschen déi krank sinn, mir gesinn eeler Mënschen, Mënschen, déi drop waarden, dass mir hinnen eng Hand reechen, dass mir hir Hand halen. Mir kënne fir si Liicht sinn, mee si sinn, genau sou, och Liicht fir eis. Liicht schenken a Liicht geschenkt kréien, dat gehéiert zesummen.

Wa mir dës Saache wouer huelen, dann hu mir och en anere Bléck, wa mir Freed erliewen, wa mir zesumme laachen a Gemeinschaft wierklech an éierlech deelen. Dëst Liicht an eisem Liewen huet dann net nëmmen eis Aen, mee och eist Häerz verännert.

 

Ech war dëser Deeg op der Weilerbaach am Flüchtlingsheem. Do wunne méi wéi 100 Leit, am Moment virun allem aus de baltësche Länner. Et si Famillje mat Kanner. Si sinn déi meeschten Zäit am Flüchtlingsheem oder direkt ron-derëm. D’Kanner hunn déi Méiglechkeet op der Weilerbach selwer an d’Schoul ze goen. Si hunn dann och e Spillzëmmer, wou ongeféier sou vill Spillsaache si wéi mir der doheem hunn, wa mir zwee oder dräi Kanner hunn. Si deelen déi Spillsaachen zu 40 oder 50 Kanner. Dëst ass nëmmen een Detail dee menge ver-ännerten Aen opgefall ass. An deenen nächste Méint komme 46 Mënschen, Famillje matt Kanner, aus Syrien. Wéini genee si kommen, ass nach net kloer, et bleiwen nach adminstrativ a rechtlech Froen ze klären.

Flüchtlinge kommen an eist Land aus wirtschaftlechen oder politesche Grënn. Et ass en delikat Eruntaaschten un d’Liewe vun anere Mënschen, déi dacks Schreckleches erliewt hunn, an dat hei mol net onbedéngt deene Persounen dat erziele kënnen, zu deene si eigentlech Vertrauen hätte vum Gefill hier, déi awer hir Sprooch net onbedengt schwätzen. Hir Kierperhaltung, hir Ae loosse Verschiddenes aus hirem Liewen erahnen. Hier Ae kënne midd oder traureg sinn, si kënnen awer och frou an dankbar liichten duerch e klengen, bescheidene Geste vun Zouwennung. Dat ass e Geschenk, e Liicht fir eis!

 

Am Moment gehéieren dës méi wéi honnert Persounen, Famillje matt Kanner, mat hierer Liewensgeschicht an hirem Liewen, zu der neier, grousser Par. Wéi mir méi no a Kontakt komme kënnen, wéi mir eng Hand reeche sollen, wéi mir mat hinnen an de Krees vu “Liicht schenken a Liicht geschenkt kréien” erakomme kënnen, dat wäert d’Zukunft ons soen.

 

Hutt Dir am Moment Spillsaache mat deene kee méi spillt oder Kleeder déi Äre Kanner oder Iech ze kleng sinn, op der Weilerbach freeë sech Mënschen drop. Solle mir net  eng gemeinsam Aktioun maachen an dem Flüchtlingsheem e bësselche vun eisem Liicht zoukomme loossen? Wär dat eppes fir eis kommend Faaschtenzäit?

Fir all Idee sinn ech op, méi dozou an eisem nächste Parbréif!

 

               Josiane Mirkes, Parassistentin,

(621 26 32 56 oder josiane.mirkes@education.lu)


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement