De synodale Prozess

Le processus synodal


Home GoBack Print Kontakt

De synodale Prozess

Wéi de Poopst François de 9. Oktober 2021 zu Roum d’Synode lancéiert huet, sot hien: Il ne s‘agit pas de construire une autre Église, mais une Église différente. Zesummen um Wee ze sinn, zesummen iwwer d’Zukunft vun der Kierch nozedenken, ass eng Erausfuerderung an eng Chance zugläich.

Et kann eis eng Hëllef sinn, wa mir iwwer eisen eegene Wee an der Kierch, mat der Kierch nodenken.

Wat huet mech un der Botschaft vu Jesus Christus ugesprach?
Wat sprécht mech haut nach un?
Wat huet mech deemools motivéiert, fir mech an der Kierch ze engagéieren?
Hunn ech nach e bëssi vun deem Enthusiasmus?
Wou ass de Frust, wou hunn ech Blessure kritt?
Hunn ech nach Hoffnung fir d’Gemeinschaft vun der Kierch?
Wéi stellen ech mir d’Kierch an/vun der Zukunft vir? Hunn ech nach Dreem?
Kann et eis motivéieren, eis zesummenzesetzen an openeen ze lauschteren?

De Poopst François huet gewënscht, dass mir all, och an all Diözes, eis zesummesetzen an iwwer d’Zukunft vun eiser Kierch nodenken.
Et kënnt op eis Stëmm, eis Gedanken, Gefiller an Ideeën un.

Duerfir hu mir verschidde Versammlunge geplangt, wou mir kënne mateneen an d’Gespréich kommen. Mir wëllen op Iech lauschteren. Mir proposéieren 10 Versammlungen. Wann awer lo en Datum Iech besonnesch géif leien, däerf Dir gäre kommen, och wann et net är Géigend oder äre Grupp oder Veräin ass. Soll Dir eng weider Versammlung wënschen, mir hëllefen Iech gäre bäi der Organisatioun. All Grupp kann sech och op eegen Initiativ versammelen do wou e wëllt an dann d’Synthees vun den Ideeën déi diskutéiert goufen, der Par oder dem Synodegrupp matdeelen. (synode2023 cathol.lu)

Den Agenda vun de Versammlungen

Le processus synodal

Lors du lancement du processus synodal à Rome le 9 octobre 2021, Pape François disait : Il ne s’agit pas de construire une autre Église, mais une Église différente. Cheminer ensemble, réfléchir ensemble sur l’avenir de l’Église est un défi et une chance en même temps.

Réfléchir sur mon chemin personnel avec/dans l’Église peut aider à entrer au processus synodal.

La bonne nouvelle de Jésus Christ, est-ce qu’elle est restée attrayante pour moi?
Qu’est-ce qui m’a motivé de m’engager dans l’Église?
Y a-t-il des blessures, des frustrations qui me font toujours mal?
Quelle est la valeur de l’Église, de la communauté chrétienne pour moi?
Est-ce que j’ai une vision pour l’avenir de l’Église?
Est-ce que ces idées peuvent nous motiver à nous réunir, à nous écouter les uns les autres et réfléchir sur l’avenir de l’Église?

Une réunion en langue française aura lieu le vendredi, 11.3.2022 à 19.30 heures à l’église de Beaufort. Tous les membres de la communauté portugaise sont invités cordialement.

L'agenda des réunions

Links:

Synode Index
La Prière du synode

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement