Lektür fir d’Summervakanz - 1

Horst Dreier, Staat ohne Gott


Home Back Print Parbüro Mir liesen

Zenter dem 1. Mee 2018 sinn bäi eis zu Lëtzebuerg elo déi al Kierchefabricken per Gesetz ofgeschaaft ginn an een neie Kierchefong fir d’Verwaltung vun de kierchlechen Gidder gegrënnt ginn. Lëtzebuerg mécht sech op de Wee vun der Trennung vu Kierch a Staat. Awer wéi kann a soll dat goen? Kann oder muss et esou eng absolut Trennung ginn? Wéiwäit dierf ee Staat sech a Belaanger vun enger Reliounsgemeinschaft amëschen? Wéiwäit huet eng Relioun d’Recht sech um politeschen Plang anzemëschen? Vill Froen ginn an dësem Kontext vun der Trennung vu Kierch a Staat ëmmer nees opgeworf. Dofir ass et sécherlech gutt, wann een heiansdo iwwert deen eegenen Tellerrand erauskuckt an sech och emol Gedanken an Iddien ulauschtert bzw. uliest, déi dës ganz Thematik ee wéineg méi nuancéiert diskutéieren. Virun e puer Wochen ass dozou ee ganz interessant Buch erschéngen vum Prof. Dr. Horst Dreier, deen Professer fir Rechtsphilosophie, Staats- a Verwaltungsrecht zu Würzburg ass. Hien kuckt natierlech haaptsächlech op déi däitsch Situatioun vum Verhältnis tëschent Kierch a Staat. Allerdéngs kënne ganz vill Gedanken an Iwwerleeungen vum him och op eis lëtzebuerger Verhältnisser ugewannt ginn. Et ass ëmmer erëm derwäert, fir dach e wéineg méi wäit an méi déifgrënneg ze kucken an ze diskutéieren wéi eis üblech Bistrosdiskussiounen zu dësem Thema.

„Staat ohne Gott. Religion in der säkularen Moderne“, ass den Titel vun sengem neiste Buch. Hien analyséiert ganz gutt d’Situatioun vun der Kierch an eiser Gesellschaft. Ëmmer méi Mënschen sichen sech hir weltuschaulech Angeboter bäi anere Gruppen wéi bäi enger vun de grousse Kierchen. De Staat kann also net méi nëmmen no chrëschtlechen Léisungen an Iddien gefouert an ausgeriicht ginn. De Staat muss absolut neutral sinn, wat Weltuschauung ugeet, op si elo reliéis oder atheistesch oder wéi och ëmmer geprägt ass. Ee Staat ouni Gott heescht jo net, dass eng Welt ouni Gott ass, och net, dass eng Gesellschaft oder deen eenzelen Mënsch ouni Gott ass. Nëmmen een absolut neutralen Staat kann och eng absolut Reliounsfräiheet bzw. Weltuschauungsfräiheet garantéieren. Nëmmen esou eng ëmfaassend Reliounsfräiheet kann deenen eenzelen Glawens- a Weltuschungsgemeinschaften ee breede Raum ginn, fir hir Iddien ze liewen an an d’Gesellschaft anzebréngen. Dat heescht natierlech och, dass all Reliouns- an all Weltuschungsgemeinschaft d’Méiglechkeet huet fir sech an ëffentlech Ugeleeënheeten anzemëschen. Och dat politescht Antrieden aus reliéisen Motivatiounen eraus gehéiert an dëse Beräich vun der Reliounsfräiheet. Dee säkulare Staat bréngt de Reliounsgemeinschaften eng vill méi grouss Fräiheet. Net alles ass deemno negativ ze gesinn, wa mir Trennung vu Kierch a Staat maachen. Wichteg ass, dass mir als Reliounsgemeinschaft all déi Méiglechkeeten notzen, déi eis op Gronn vun der Reliounsfräiheet zoustinn.

Den Horst Dreier mécht sech allefalls ganz interessant Gedanken zu esou munchen Themen an dësem Kontext. Als klengen Hiweis dorop hei puer Kapiteliwwerschrëften: - Der säkulare Staat als religiöser Freiheitsgewinn. – Facetten der Säkularisierung. – Die religiös-weltanschauliche Neutralität des Staates. – Sakrale Elemente im säkularen Staat.

Horst Dreier, Staat ohne Gott. Religion in der säkularen Moderne, Verlag C.H.Beck, München 2018, 256 Seiten, 26,95 €.


Carlo Morbach

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement