Lektür fir d’Summervakanz - 2

Christian Schaller / Florian Schuller / Josef Zöhrer (Hg.), Europa christlich?!


Home Back Print Parbüro Mir liesen

Ganz interessant ass och ee weidert Buch an dësem Kontext, wou mir iwwert d’Plaz vun der Relioun an eiser Gesellschaft diskutéieren. Ass Europa chrëschtlech? Mir kucken sou gären op eis Geschicht. Mir versichen eis Traditiounen, op si elo kulturell oder reliéis sinn, an der Geschicht fest ze maachen. Wat ass et, wat eis Gesellschaft dréit an erméiglecht? Dee leschte Band vun den „Ratzinger-Studien“ befaasst sech mat dëser Thematik. Verschidden Auteuren maachen sech hir Gedanken iwwert eis chrëschtlech Wuerzelen an Traditiounen hei an Europa. Bedeitend Denker hunn hei matgeschafft. Den eemolegen Riichter um däitschen Bundesverfassungsgeriicht an Professer fir ëffentlecht Recht Udo Di Fabio huet een Artikel geschriwwen mam Titel: „Das metaphysische Defizit. Europa sucht seine Idee.“ An eisem esou erwëssenschaftlechten Zäitalter maache mir alles vun eisem Kënnen a Wëssen ofhängeg. Awer geet dat duer. Kënne mir eis wierklech nëmmen just eleng op eis selwer bezéien?

Vertrueden an dësem Sammelwierk ass och een bedeitenden Bibelwëssenschaftler, den Thomas Söding, Professer fir neitestamentlech Exegese zu Bochum. „Europa braucht eine versöhnte Christenheit. Eine biblischePerspektive.“ Wa mir echt Chrëschten wëlle sinn, da musse mir aus dem Geescht vun der Botschaft vu Christus eraus liewen an eis aktuell Zäit unhuelen an si notzen, fir de Mënschen dës Botschaft vun der Léift unzebidden.

Niewent aneren bedeitenden Leit ass an dësem Sammelwierk eng ganz interessant Schrëftstellerin vertrueden, d’Sibylle Lewitscharoff. Hiren Essaye dréit den Titel: „Was für die Christen spricht.“ Mir als Chrëschten mussen eis ëmmer dann asetzen, wann Ongerechtegkeet an der Welt ass. Mir mussen als éischt emol erëm op de Jesus a säin Angebot vu Fridden zeréck besënnen. Da kënne mir och an der Welt vun haut Zeechnis ginn. Mir hunn eng wäertvoll Botschaft. Déi dierfe mir net verstoppen.

Déi 8 Beiträg an dësem interessanten Sammelwierk kann ee gutt liesen. Si sinn alleguer zimlech kompakt a kuerz. Et brauch ee keng Angscht ze hunn, dass een dat ganzt Buch net géif duerchliese kënnen. Mä déi eenzel Gedankegäng kënnen engem schonn wesentlech Iddien mat op de Wee ginn.

Christian Schaller / Florian Schuller / Josef Zöhrer (Hg.), Europa christlich?! Zum Gespräch von Glaube und säkularer Welt, Ratzinger-Studien XIV, Verlag Friedrich Pustet, Regensburg 2018, 109 Seiten, 19,95 €.


Carlo Morbach

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement