Nei um Biichermaart: Ce que dit la Bible sur l’eau

Thomas P. Osborne


Home GoBack Print Kontakt

Bäi enger Daf soen ech meeschtens virum Seenen vum Daafwaasser: „D’Waasser ass d’Zeeche vum Liewen. Do wou Waasser ass kann sech neit Liewen entwéckelen. D’Daafwaasser gëtt esou d’Zeeche vun dem neie Liewen, dat den Härgott eis als Chrëscht schenkt. Den Härgott géisst an dësem Daafwaasser seng Gnod iwwert eis aus.“ D’Waasser een Zeeche vum Liewen! Ass dat wierklech esou? Wa mir antrieden an eis kierchlech Gemeinschaft duerch d’Sakrament vun der Daf ass d’Waasser dat entscheedend Zeechen. D’Daf weist awer eist Andauchen an eng Realitéit, déi eis mënschlech Méiglechkeeten ëmmer nees depasséiert. (S. 88) Waasser ass deemno eppes ganz Wichteges an eiser Relioun. Schonn eleng dowéinst ass et interessant an och wichteg sech domat auserneen ze setzen. Mä wat fir eng Bedeitung huet d’Waasser an eiser Bibel, der Basisschrëft vun eiser Relioun? Dës Fro beäntwert den Tom Osborne an sengem Buch, dat elo de Februar dëst Joer eraus komm ass. Eis Bibel weist eis déi ënnerschiddlechst Funktiounen a Bedeitungen vum Waasser.

Wa mir haut an eis Welt kucken, da gesi mir dass sech ëmmer méi ee Kampf an eng grouss Suerg ëm d’Waasser opbaut. Mir wëssen ëm seng Bedeitung fir d’Iwwerliewen vun eis als Mënschen, wéi och vun eiser Äerd am ganzen. D’Suerg ëm dëst dach wesentlecht Gutt vum Liewen beschäftegt eis ëmmer méi. Mä wa mir genee liesen, da war dat och schonn a bibleschen Zäiten esou. Hei geet et net nëmmen ëm een zoufälleg wäertvollt Gutt fir eis, neen, hei geet et ëm d’Liewen u sech.

A genee ëm d’Liewen geet et och an eiser Bibel, wann si vum Waasser schwätzt. An 12 Kapitelen geet den Tom Osborne dem Thema no a stellt déi verschidden Funktiounen a Bedeitungen vum Waasser vir. Do si beispillsweis déi vill Flëss, vun deenen d’Bibel erzielt. Si duerchzéien net einfach nëmmen déi biblesch Länner, mä si duerchzéien och den Text vun der Bibel a stinn dann do als ee Symbol fir d’Weisheet a fir de Glawen. D’Waasser kann och ee Punkt sinn fir d’Kommunikatioun an d’Begéinung, da wann sech Mënschen bäi engem Pëtz treffen. Do sinn da Konflikter wéi och Verbindungen méiglech, jo och Gaaschtfrëndschaft bis Bezéiunge vu Léift.

Waasser ka Liewe schafen, mä och zerstéieren. An der Bibel fanne mir ëmmer nees ganz grouss Erzielungen fir dat eent wéi fir dat anert. Wien erënnert sech net un d’Erzielung vun der Sintflut an dann och un d’Rettung duerch d’Waasser vum roude Mier? D’Waasser ka Quell vum Liewen wéi och en Instrument vum Doud ginn. (S. 43) Et ass genee dat, wat mir bis haut ëmmer nees selwer gesinn, wa mir an d’Welt eraus kucken. Dës Zwiespältegkeet duerchzitt eis Bibel.

Den Auteur weist awer och Pisten op, wéi an eiser Zäit déi verschidden Berichter aus der Bibel kënne gedeit a fruchtbar gemaach ginn a wéi och mir haut Gott kënnen nei denken oder och wéi eist Engagement fir eng besser Welt kann ausgesinn. (Vgl. S. 32ff.) Et gëtt higewisen op eis Verantwortung fir dës Welt, déi mir schonn ab den éischte Säiten vun der Bibel kënnen erausliesen. (S. 37) Mir dierfen eis Welt net weider esou ausbeuten an zerstéieren, wéi mir et bis elo gemaach hunn. A genee do spillt d’Waasser eng ganz entscheedend Roll. Geschicht vun der Sintflut verweist eis als Mënschen op eis Responsabilitéit vis-à-vis vun der Schëpfung an esou och fir eise Liewensraum ze erhalen. (S. 42)

Am NT fanne mir am Johannesevangelium eng grouss Zuel u Referenzen un d’Waasser. Grad déi éischt fënnef Kapitelen si quasi ronderëm d’Symbolik vum Waasser geschriwwen. Hei geet et em d’Daf, d’Rengegung, d’Heelung, den Duuscht an d’Liewen. (S. 51-60) Mä och an deenen weidere Kapitelen vum Johannesevangelium kritt d’Waasser eng ganz dominant symbolesch Bedeitung. Jesus Christus gëtt mat senger Botschaft zu dem wierklechen Liewenswaasser. Den Tom Osborne mécht grad och hei Duuscht fir dëst héich interessant Evangelium mat Bléck dorop nei ze liesen. Weider Iddien déi sech aus deene verschiddene Berichter vu Faarten iwwer d’„Mier“ erginn a wat ee fir eis do eraus liese kann stinn am 8. Kapitel vum Buch.

En Drëttel vun de Psalmen erwäänt d’Waasser a setzt et a Relatioun zum Handelen vu Gott un de Mënschen. „La soif de Dieu“ (S. 99-108) ass ee weidert grousst Thema vun de Psalmen. De Mënsch sicht no Gott. Hie brauch Gott genee esou wéi d’Waasser fir säi Liewen. Mä hu mir nach Duuscht no dësem Gott, no senger Botschaft? Kënne mir nach éierlech bieden wéi am Advent: „Rorate caeli desuper et nubes pluant justum“? (S. 109ff.)

Dëse Gang duerch eis Bibel ass opschlossräich. E mécht Duuscht fir selwer dëst grousst Buch vun der Bibel mol erëm an d’Hand ze huelen an ze meditéieren. Loosst Iech inspiréieren vum Auteur sengem Gang zum Waasser vum Liewen.

Carlo Morbach


Nei um Biichermaart:
Thomas P. Osborne Ce que dit la Bible sur l’eau
Éditions Nouvelle Cité 2021, 121 pages, 14,- €


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement