Vu Visiounen a Realitéiten…

Editorial aus dem Parbréif 05/22


Home GoBack Print Kontakt

„Wat sinn är Visiounen?“ eng Fro, déi de Männerchouer Rouspert-Uesweller an och mir als Pastoralteam vun Zäit zu Zäit vun enger Persoun gestallt kréien. De Sënn vun dëser Fro hunn ech laang net verstan. E Kierchechouer soll dach bei deene verschiddenen Dingschter an der Kierch sangen a net just sporadesch en Optrëtt hunn. Dem Pastoralteam seng Aufgab ass d’Mënschen opmierksam mat Léift an Takt an deene verschiddene Liewenssituatioune ze begleeden a si bei de Jesus ze féieren. Dofir brauch ee keng Visioun, oder? En plus hunn ech et éischter mam Helmut Schmit: „ Wer Visionen hat, sollte zum Arzt gehen.  [1]
Allerdings, an eng méi einfach Sproch iwwersat, gett déi Fro allerdings duerchaus fir all ons Choralen, ons kathoulesch Veräiner, Gruppen a Gremien, fir ons kierchlech Gemeinschaften an deenen eenzelen Uertschaften, an onser Por St. Willibrord wéi och fir d’Kierch zu Lëtzebuerg an uechter d’Welt en déiwe Sënn: Wéi gesi mir ons Zukunft? Eng Fro, wou et wichteg ass, datt mir ons Gedanken driwwer maachen.

„Wat sinn är Visiounen?“ Do haten an hu mir an der lescht munch Horrorivisiounen, mat deene mir mussen eens ginn. Jiddereen erënnert sech nach un déi grausam Biller aus Italien mat Sportshale voller Doudelueden mat de Coronaaffer. Un Szenen aus Garen, wou Mënsche sech an d’Zich gedréckt haten fir virum Virus fortzelafen. Ma wéi een do just feststelle konnt: Dem Doud ka kee fortlafen. Do gouf da kuerz duerno bei ons all ëffentlecht Liewen radikal gebremst, fir datt et bei ons net zu änlechen Zoustänn komme sollt. Gemeinsam Manifestatioune wore weder an der Kierch nach soss op eemol net méi méiglech. Do hu mir missen du jour au lendemain op Situatioune reagéieren, wéi mir si virdru net ausdenken a plange konnten. Nom Déconfinement hu mir ëmmer nees missen nei iwwerleeën, wéi mir d’Gottesdingschter an aner Aktivtéite am Aklang mat de legale sanitär Sécherheetsmesuren ofhale kënnen. Wa mir zur Zäit grad weider keng Restriktioune hunn, wësse mir net, wat vläicht nees am Hierscht a Wanter gefuerdert ass. Do heescht et weiderhi flexibel a kreativ bleiwen!

Ons grouss Por St. Willibrord Regioun Iechternach besteet zënter fënnef Joer. Sécher wier et do derwäert Visiounen z’entwéckelen, iwwer d’Zukunft nozedenken. All déi nei Poren, déi am Mee 2017 entstane sinn, sinn eng Konsequenz vun der rezenter Trennung vu Trennung vu Kierch a Staat. Deemools koume ganz vill Changementer, déi kaum ee vun ons wollt, wou mir awer domadder eens gi mussen: D’Ofschafe vum Reliounsunterrecht an d’Créatioun vun der Kateches an der Por als Ersatz, d’Suppressioun vun den ale Kierchefabricken an d’Schafe vum neie Kierchefong mat senge Strukturen. D’Reegele vun de Besëtzverhältnisser vun de Kierchegebaier an d’Aushandele vu Konditioune wéi mir si benotze kënnen. Zwee Gotteshaiser an eiser Por, déi desakraliséiert gi sinn. Iwwerleeunge, wéi mir ons Aufgabe fir d’Por an hier Gebaier finanzéiert kréien. Alles dat stécht villen an de Knachen, fuerdert och nach elo Kappzerbrieches, Asaz an och Häerzblutt. Merci all deenen, déi matdenken a matschaffen! Allerdings dierf net verschwiege ginn, datt dës Ëmstellunge fir munch Enttäuschung, Frust a vill Middegkeet gesuergt hunn. Munchereen huet do demotivéiert der Kierch de Réck gedréit, wou ons haut gutt Leit feelen.

Nieft all deem kucke mir zënter Enn Februar a Richtung Ukraine. Hei liwweren ons d’Medien all Dag nei Horrorvisioune fräi Haus, wou eng onschëlleg Zivilpopulatioun Affer vun engem muechtgäilen Agressor gëtt, dee mat Force seng Visioun vun der Welt duerchsetze wëllt. Hei si mir all gefuerdert - grad och fir all déi Mënschen, déi aus der Ukraine bei ons Sécherheet a Fridde siche kommen wëllkomm ze heeschen. Mir spieren elo schonns d’Konsequenze vum Krich an der Ukraine. Do froe sech vill Leit: Wat kënnt nach op ons duer?

An esou enger Zäit positiv Visiounen ze hunn, ass net einfach. Allerdings d’Aa vum Glawe gesi méi wäit. Op Mariä Himmelfaart héiere mir an der Mass eng Liesung aus der Apokalyps (Offb 11,19 - 12,10), op den éischte Bléck eng Horrorvisioun, déi herno awer e gutt Enn kritt. Eng Botschaft, déi ons Courage maache wëllt. Mir erliewen jo munches, wat ons bedreet. Mat den Aa vum Glawe kënne mir méi wäit kucken. Jo, well wéi d’Maria hu mir dank dem Jesus eng gutt Zukunft virun ons. Mir wäerte vläicht nach munch Schwiereges aushale mussen, ma dat behält net dat lescht Wuert. Esou weist sech Maria als en Zeeche vun Hoffnung a vun Zukunft fir ons, déi keng Draachen & Co. ons huele kënnen.

Deenen, déi elo an d’Vakanz fueren, respektiv bei ons an d’Vakanz kommen, wënschen ech elo ganz vill schéi Visiounen, de Baueren am Karschnatz, wa si hier Recolte eranhuele, keng Horrorvisioune vu verdréchente Felder respektiv vu viller Aarbecht, déi net unerkannt a net bezuelt gëtt. Hoffentlech hu mir dann no der grousser Vakanz net erëm aner Erausfuerderungen, datt ons Frënn vum Rouspert-Uesweller Männerchouer a mir als Por zesummen nodenke kënnen, wéi mir ons Zukunft gesinn. Wat sinn do Är Visiounen?

Luc Schreiner

Links:

Lëscht vun den Editorials

[1 Vun 1974 bis 1982 däitsche Bundeskanzler (*1918 +2015) am“Spiegel" iwwert dem Willy Brandt seng Visiounen am Bundestagswahlkampf, 1980)

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement