Kommunioun – d’Bedeitung vun engem Sakrament


Home GoBack Print Kontakt

No Ouschteren stinn an eiser Par erëm déi grouss Feieren vun der éischter Kommunioun un. Wat ass d’Bedeitung vun dëse Feieren?
Eis Kierch kennt dräi Initiatiounssakramenter: Daf, Firmung an Eucharistie. Den éischten Empfang vun der Eucharistie (Kommunioun) ass den Ofschloss vun der Aglidderung an d’Kierch. Mir hunn haut an eise Géigenden d’Folleg vun dësen dräi Initiatiounssakramenter op de Kapp gestalt doduerch, dass mir d’Firmung quasi als Ofschloss betruechten an si eréischt am Jugendalter spenden. Vum Ursprong hir war et awer esou, dass d’Eucharistie dësen Ofschloss gemaach huet. An den orthodoxen an orientaleschen Kierchen gi bis haut dës Initiatiounssakramenter an enger Feier gespent, och wann et ee Puppelchen ass, deen si empfänkt. An der westlecher Kierch war et üblech bis an d’12. Joerhonnert bäi der Daf d’Kommunioun ze spenden. Dat IV. Lateran Konzil (1215) huet bestëmmt, dass den Alter an deem de Mënsch vernënfteg kënnt ënnerscheeden, dat 7. Liewensjoer wier. Dofir ass och eréischt ab deem Alter de Mënsch zum Eucharistieempfang verflicht. D’Kommunioun bäi der Daf blouf allerdéngs weiderhin regional a Gebrauch. Et ass eréischt d’Konzil vun Trient (1545-1563) dat den Empfang vun der Kommunioun fir Onmündeger oflehnt a bestëmmt, dass de Kandidat fir d’Kommunioun misst kënnen ënnerscheeden tëschent der Eucharistie an der normaler Nahrung (Brout). Zenter dem 17. Joerhonnert ass et du Brauch ginn zesummen d’éischte Kéier d’Kommunioun ze empfänken an et ass doduerch och lues a lues an de Paren eng extra Kommuniounsvirbereedung entstanen. Allerdéngs ass den Alter fir den éischte Kommuniounsempfang eropgesat ginn bis op dat 10. bzw. 14. Liewensjoer wéinst den Uspréch un d’Viraussetzungen an un d’Virbereedung. De Poopst Pius X. huet 1910 den Alter fir den éischten Empfang vun der Kommunioun erëm drastesch zeréckgesat. Vun do un kenne mir am Fong eis haiteg Feieren vun der éischter Kommunioun. Gemeinschaftlech gëtt am Alter vun 8/9 Joer eng Virbereedung gemaach an dann an der Ouschterzäit op engem Sonndeg eng Mass gefeiert, wou eben verschidden Elementer och un d’Daf ubannen: wäisst Kleed, Käerz, Erneierung vum Dafverspriechen. Traditionell war et de Wäissen Ouschtersonndeg, wou d’éischt Kommunioun gefeiert gouf.
Och dat war een Hiweis op d’Daf. Well an der aler Kierch hunn déi, déi an der Ouschternuecht gedeeft goufen, hir wäiss Dafkleeder bis de Sonndeg no Ouschteren ugehalen. Den éischten Empfang vun der Kommioun (Eucharistie) gehéiert ganz däitlech an de Wee vun der Aglidderung vun engem jonke Mënsch an d’Gemeinschaft vun der Kierch, an d’Gemeinschaft vun deene Gleewegen. Et ass deemno net eng Privatfeier an eng reng perséinlech Ugeleeënheet. D’éischt Deelhuelen un der gemeinsamer Feier vun der Mass ass ee ganz eeschten an déifgréifende Schrëtt an eng konkret Gemeinschaft. Dofir ass et och wichteg, dass een sech iwwert d’Konsequenzen bewosst ass. Vun do un ass ee Member vun enger Feiergemeinschaft, déi a Freed an a Leed zesummesteet, déi Responsabilitéiten huet vis-à-vis vun senge Memberen. Als Member huet een domadder selwer dann net nëmme Rechter mä eben och Flichten. Eng Gemeinschaft kann nëmmen da funktionéieren, wa jidder Member seng Aufgaben iwwerhëlt an dréit. Eisen Ausdrock fir dësen éischten Empfang vun der Eucharistie dréckt et jo am Fong selwer aus. „Kommunioun“ kënnt vum latäinëschen Wuert „communio“, wat näischt aneres heescht wéi „Gemeinschaft“. D’éischt Kommunioun ass een éischt vollwäertegt Deelhuelen un dëser konkreter Gemeinschaft vu Gleewegen.

Carlo Morbach

Links:

Kommunioun 2024

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement