|
4. Ouschtersonndeg - 24./25.4.2021 B - Ufank vun der Muttergottesoktav
Léif Matchrëschten! «Op eemol war alles anescht ...» Esou heescht d’Thema vun der Muttergottesoktav vun dësem Joer. Jo zënter engem Joer ass Villes anescht. Mir haten eis et net geduecht, dass eng Pandemie eis esou kéint an de Grëff huelen. Mir hu misste léieren nei ze liewen. Mir hu misste léieren eis op nei Manéieren ze begéinen, ze schaffen an och an eiser Gemeinschaft vun der Kierch ze feieren. Et war op eemol alles eben anescht. Mä ass et de Mënschen a fréieren Zäiten net och esou gaangen? Wéi war et dann deemools bäi den Apostelen an de Frënn vun Jesus? War do net och duerch säi Stierwen um Kräiz op eemol alles anescht? An der Ouschterzäit kréie mir iwwer all déi Wochen ëmmer nees Liesungen an Evangelientexter virgeluecht, déi sech grad mat deem Thema ausenaner setzen, dass fir si deemools alles op ee Schlag anescht war. An si hunn sech domat ausenaner gesat. Si hu versicht mat der neier Situatioun eens ze ginn. D’Apostelen kënnen eis ganz sécher hei och ee Virbild sinn, wéi mir haut kënnen mat all deene Changementer kloer kommen. Froe mir dozou eisen Här ëm seng Hëllef. Här Jesus Christus, du wëlls eis féieren a leeden an eisem Liewen. Kyrie eleison. Dagesgebiet
Här, eise Gott, vun dir komme mir, an zu dir wëlle mir erëm zeréck. Looss eis ëmmer op dech vertrauen, d’Muecht vun denger Léift erfueren an si un anerer weiderginn. Dorëms biede mir de Jesus, eisen Här, déi Jong, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft a regéiert an all Éiwegkeet. Amen. Dieu éternel et tout-puissant, guide-nous jusqu’au bonheur du ciel; que le troupeau parvienne, malgré sa faiblesse, là où son Pasteur est entré victorieux. Lui qui règne. Allmächtiger, ewiger Gott, dein Sohn ist der Kirche siegreich vorausgegangen als der gute Hirt. Geleite auch die Herde, für die er sein Leben dahingab, aus aller Not zur ewigen Freude. Darum bitten wir durch Christus, unsern Herrn. Liesungen: Apg 4, 8-12 / 1 Joh 3, 1-2 / Joh 10, 11-18 Lesung aus der Apostelgeschicht. Kv Ein Stein, den die Bauleute verwarfen, er ist zum Eckstein geworden. Lesung aus dem ersten Johannesbrief. Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Ich bin der gute Hirt; ich kenne die Meinen und die Meinen kennen mich. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. Lecture du livre des Actes des Apôtres. R/ La pierre qu’ont rejetée les bâtisseurs est devenue la pierre d’angle. Lecture de la première lettre de Saint Jean. Alléluia. Alléluia. Je suis le bon pasteur, dit le Seigneur ; je connais mes brebis et mes brebis me connaissent. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Jean. Priedegt (2021)
Léif Matchrëschten! „Ich bin der gute Hirt.“ Ech sinn dee gudden Hiert. Ech sinn do fir meng Schof. Dëst Bild aus dem Evangelium vun haut ass ee Bild, dat eis Reliounsgemeinschaft vun Ufank u begleet. A villen Duerstellungen schonn aus fréister Zäit begéint eis de Jesus, deen ee Schof an den Äerm hält oder op de Schëlleren dréit. Hien ass deen, dee fir seng Schof do ass an alle Situatiounen. An awer ass dëst Bild fir eis, vläicht grad haut e bëssi mëssverständlech. Dréckt et da net och op der anerer Säit aus, dass d’Schof nëmmen topeg, kléng an schutzbedierfteg sinn, dass si net fräi sinn an hirem Wëllen an Handelen? Wann ech an d’Geschicht vun eiser Kierch kucken, dann ass et jo och ëmmer dat Bild, wat bis haut zumindest an eise Bezeechnungen fir déi haaptamtlech Leeder vun der Gemeinschaft gebraucht gëtt. Eisen Ausdrock „Paschtouer“ vum laténgeschen Wuert fir „Hiert“, dat heescht „Pastor“, ofgeleet, zeechent iergendwéi jo dat Bild no. D’Schof haten dem Hiert ze follegen. Si hu missten dat maachen, wat den Hiert gesot huet. Iwwer vill Joerhonnerten ass dat esou gehandhaabt ginn. Mä geet et hei am Evangelium em een einfacht Kommandéieren? Ass et wierklech esou, dass den Hiert just deen eenzegen ass, dee seet, wéi et ze lafen huet? Ech denken d’Bild vum Evangelium zeechent eis een och nach haut ganz interessant Bild. De Jesus ass den Hiert, soss keen. Hien eleng huet des Positioun bis haut. A vläicht musse mir eis dofir och emol erëm an d’Realitéit vun engem echten Hiert, deen echt Schof op d’Weed féiert, versetzen. Wann een an deene leschten Deeg ronderëm Irrel ënnerwee war, da konnt een ee risegen Trapp Schof op de Koppen gesinn, déi do op der Weed waren. Den Hiert, ee Mann, deen sech intensiv ëm des Schof këmmert, ass keen dichtegen Här. Dee muss all Dag, bäi all Wierder no senge Schof kucken. Hien ass permanent drun, huet kee fräien Dag. Den Alldag vun esou engem Mënsch ass haut nach zimmlech haart. Deemools, wou de Jesus säi Bild entworf huet, war dat Liewen nach méi usprochsvoll. Des Leit hunn hiert Liewe ginn fir hier Schof. Si hunn sech mat hirem ganze Liewen fir hier Schof agesat. A genee do si mir, sou mengen ech, um Punkt, dee wichteg ass. De Jesus huet sech sengerzäit mat sengem ganze Liewen fir seng Botschaft an esou fir seng Leit agesat. An et ass dësen Asaz am Liewen, deen eben och haut zielt. De Verglach mat den Doléiner hei am Evangelium weist et jo och. Si maachen hier Aarbecht fir Geld ze verdéngen. D’Schof un sech sinn do net wichteg. An dat ass et. Dem Hiert, deem gudden Hiert, geet et an éischter Linn ëm seng Schof. Hie suergt fir si. Déi falsch Hierten hu just hire perséinlechen materiellen Profit am Sënn. Hei kann ee ganz sécher och un aktuell korrupt Politiker denken, wéi och u Leeder vun der Kierch, déi just no hirem Notzen kucken. Dëst Bild vum gudden Hiert am Géigesaz zu den bezuelten Doléiner oder Kniecht kann och nach haut fir eis all eng Ureegung sinn. Wéi maache mir eis Aarbecht? Wéi gesi mir si? Ass et just ee Mëttel fir Geld ze verdéngen, oder ass et och een Asaz vum Liewen am Sënn, dass et mir en Uleies ass dat, wat ech maachen, gutt a fir anerer ze maachen? Well ech mat menger Aarbecht eppes fir d’Gemeinschaft maachen oder ass et just een noutwennegt Schaffen fir deen eegenen Liewensënnerhalt? A fréieren Zäiten war d’Aarbecht vum Mënsch nach iergendwéi och hiert Liewen. Haut, sou hunn ech den Androck, si mir ganz dacks wäit ewech dovun. Mir identifizéieren eis net méi mat deem, wat mir maachen a schaffen. Doriwwer kéint een hei mam Bléck op eist Evangelium sécher och emol nodenken. Mä komme mir mol nach eng Kéier zeréck op de Jesus a säin Uleies selwer. Hien als gudden Hiert wëll eist Liewen uleeden hin zum Gudden a Wuel vun eis. Ech hunn an der Lescht e puer mol op ee Bild vum Eugen Biser zeréck gegraff. De Biser schwätzt vum Jesus als dem „inwendigen Lehrer“. De Jesus muss mat senger Botschaft an eis selwer sinn. Nëmmen da kann hien eis och am Liewen féieren. Vläicht kann een dat Bild vum gudden Hiert och ënner deem Aspekt gesinn, dass de Jesus a senger Botschaft an eis selwer ass. A nëmmen da kënne mir an eisem klengen a bescheidene Liewen och selwer gutt handelen. De Jesus a seng Botschaft muss fir eis als Chrëschten zu engem „inwendigen Hirten“ ginn. Do setzt hien säi Liewen fir eis an. Fir mech geet et an deem Bild vum gudden Hiert also net drëm, dass ee vu bausse mir seet, wéi et ze goen huet. Neen, ech handelen aus mengem Banneschten eraus no der Botschaft vu Christus, deen esou a mir ee gudden Hiert ass, well ech seng Botschaft verënnerlecht hunn. Natierlech si mir ëmmer nees schwaach a mir kënnen net alles esou maachen, wéi et vläicht gutt wier. Awer et ass nu mol des Botschaft vu Fridden a Gerechtegkeet, vu Léift a Baarmhäerzegkeet, déi mech misst uleeden. Si kann och mech an dech dozou bréngen d’Liewen fir anerer anzesetzen. De Jesus kann nëmmen haut gudden Hiert sinn duerch eis, da wa mir eis als gutt Hierten fir eis Matmënschen erweisen. Amen. Fürbitten
Jesus Christus ass fir eis zum Gudden Hiert ginn, deen deene Verluerenen nogeet an deen eis all an seng Gemeinschaft geruff huet. Mir bieden dofir mat Vertrauen zu him: 1) Maach deng kierchlech Gemeinschaft zu enger Quell vun denger Baarmhäerzegkeet - besonnesch fir déi, déi an eng Sakgaass gerode sinn. Christus héier eis. 2) Schenk de Chrëschten de Mutt, schwieregen a schëllegen Mënschen nozegoen an hinnen ze hëllefen de Wee an d’Gemeinschaft zeréck ze fannen. Christus héier eis. 3) Hëllef alle Mënschen, déi sech falsch verstanen, ausgegrenzt an ausgestouss fillen. Christus héier eis. 4) Looss eis selwer kengem eist Häerz verschléissen, och wann si eis nach esou friem virkommen. Christus héier eis. 5) Huel all eis Verstuerwen op an deng grouss Léift a Baarmhäerzegkeet. Christus héier eis. Härgott, déi Jong Jesus huet séi Liewen fir eis all agesat. Hien ass eist grousst Virbild. Looss eis ëmmer esou handelen, wéi hien et gemaach huet. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen. II.
Dieu ne nous laisse pas seuls pour bâtir son Église. Il veut nous guider et nous accompagner. Confions-lui nos demandes. – Le bon berger connaît ses brebis; prions pour notre Église afin qu’éclairée par le Christ pasteur, elle sache guider les hommes et les femmes vers la lumière du Seigneur. Dieu notre Père, toi qui te préoccupe de ton peuple comme un bon berger, écoute les prières que nous te présentons. Daigne les exaucer, par Jésus, ton Fils, notre Seigneur, qui vit et règne avec toi et le Saint-Esprit, maintenant et pour les siècles des siècles. Amen. Gowegebiet
Här, eise Gott. Mir ginn dir d’Gowe vun der Äerd, d’Brout an de Wäin, zeréck. An hinne féiers du déi Wierk vun der Erléisung weider a méchs si fir eis zu enger Quell vu Freed an Erbaarmen. Dofir soe mir dir Merci duerch Jesus Christus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Donne-nous, Seigneur, de te rendre grâce toujours par ces mystères de Pâques: ils continuent en nous ton oeuvre de rédemption, qu’ils nous soient une source intarissable de joie. Par Jésus. Guter Gott, dein Sohn Jesus Christus ist der gute Hirte, der für die Seinen eintritt, damit sie Leben in Fülle haben. Nimm unsere Gaben an als Zeichen unserer Bereitschaft, seiner Stimme zu folgen, und führe uns durch ihn zum ewigen Leben, das du uns bereitet hast. Gott der zärtlichen Liebe, du deckst uns den Tisch des Lebens und füllst uns den Kelch des Heiles. Schenke uns Geborgenheit in der Gemeinschaft unseres Heilandes und guten Hirten Jesus Christus, unseres Herrn. Hochgebet - „Gottes Barmherzigkeit“
Sanctus Heiliger Gott, wir danken dir für die Botschaft von der Vergebung, Gott, barmherziger Vater, du willst, dass alle, die uneins geworden sind, Sende nun deinen Geist auf diese Gaben herab und heilige sie, damit sie uns werden Er nahm am Abend vor seinem Leiden das Brot in seine Hände, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: So nahm er auch, als sie gegessen hatten, den Kelch in seine Hände, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens Gott, unser Vater, wir gedenken deines Sohnes: Gott, wir bitten dich: Gib uns, deinem pilgernden Volk, unserem Papst Franziskus Guter Gott, wir empfehlen dir auch unsere verstorbenen Angehörigen In Gemeinschaft mit Maria und Josef, den Aposteln und allen Heiligen Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Am Evangelium hu mir héieren: „Ich bin der gute Hirt; ich kenne die Meinen und die Meinen kennen mich, wie mich der Vater kennt und ich den Vater kenne; und ich gebe mein Leben hin für die Schafe.“ De Jesus ass an eis Welt komm fir de Wëlle vun sengem Papp ze erfëllen. Mir sollten sengem Beispill nogoen. Sou biede mir elo zesummen, dass sech de Wëlle vu Gott och an eiser Welt erfëlle kann. Vater unser … Friddensgebiet
Här Jesus Christus, du hues gesot; „Ich kenne die meinen und die Meinen kennen mich.“ Wëlls du eis Suerg ëm de Fridde kenns, biede mir: Kuck net op eis Feeler a Schwächten, mä op eise gudde Wëllen a schenk eis ëmmer nees däi Fridden. De Fridden sief mat iech all. Schlussgebiet
Baarmhäerzege Gott. Des Feier soll eis heelen vun der Blannheet vun eisem Häerz. Si soll eis Verzeiung an ënnere Fridden schenken, fir datt mir dech an all Mënschen opriichteg gär kennen hunn. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Père tout-puissant et Pasteur plein de bonté, veille sur tes enfants avec tendresse; tu nous as sauvés par le sang de ton Fils: ouvre-nous une demeure dans le Royaume des cieux. Par Jésus. Herr und Heiland, Guter Hirte, du führst uns zu den Quellen des Lebens. Lass uns in der Kraft dieser Speise zu deinem ewigen Reich gelangen, wo ein Hirt und eine Herde sein werden. Dir sei Dank und Preis von Ewigkeit zu Ewigkeit.
|