30. Sonndeg am Joereskrees A - 24./25.10.2020

Kiermes zu Eecheler a Giischt


Home Back Print Kontakt

Aféierung an d’Mass

Léif Matchrëschten! Kaum ee Wuert fält am NT méi dacks wéi dat Wuert “Léift”. Léift ass och dat, wat eist Liewen mat Gott an matenaner auszeechent. Dem Härgott säi Wuert un eis, soll elo an dëser Feier och eis Léift méi staark maachen. Dës Mass mat hiren Zeechen vu Brout a Wäin, ass duerchdrongen vun dëser Léift vu Gott. Mir sollen dës Zeechen wéi eng Nahrung an eis ophuelen an da selwer erfëllt sinn vun dëser grenzeloser Léift. Begréisse mir lo eisen Här Jesus Christus, deen seng Léift a Wuert an an Dot gewisen huet an lo och matten ënnert eis ass. Fir eist Versoen an der Léift ruffe mir hien ëm säin Erbaarmen un:

Kyrie-Rufe

Här Jesus Christus, mir sollen Gott gär hunn mat ganzem Häerz. Wann eis eppes aneres méi wichteg a méi grouss erschéngt, ruffe mir: Här, erbaarm dech eiser.

Här Jesus Christus, mir sollen eisen Nächsten gär hunn. Wa mir Mënschen veruechten a geréng schätzen, ruffe mir: Christus, erbaarm dech eiser.

Här Jesus Christus, mir sollen den Nächsten gär hunn wéi eis selwer. Wa mir zu eis selwer net Jo soen a wa mir haart sinn zu eis selwer, ruffe mir: Här, erbaarm dech eiser.

Dagesgebiet

Baarmhäerzege Gott, maach an eis de Glawen, d’Hoffnung an d’Léift méi grouss. Gëff eis d’Gnod, dech an eis Matmënschen gär ze hunn sou wéis du et vun eis wëlls. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här, déi Jong, hien, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft a regéiert elo an an all Éiwegkeet. Amen.

Dieu éternel et tout-puissant, augmente en nous la foi, l’espérance et la charité ; et pour que nous puissions obtenir ce que tu promets, fais-nous aimer ce que tu commandes. Par Jésus Christ.

Liesungen: Liesung: Ex 22, 20-26 / 1 Thess 1, 5c-10 Evangelium: Mt 22, 34-40

Lesung aus dem Buch Exodus.
So spricht der Herr: Einen Fremden sollst du nicht ausnützen oder ausbeuten, denn ihr selbst seid im Land Ägypten Fremde gewesen. Ihr sollt keine Witwe oder Waise ausnützen. Wenn du sie ausnützt und sie zu mir schreit, werde ich auf ihren Klageschrei hören. Mein Zorn wird entbrennen und ich werde euch mit dem Schwert umbringen, sodass eure Frauen zu Witwen und eure Söhne zu Waisen werden. Leihst du einem aus meinem Volk, einem Armen, der neben dir wohnt, Geld, dann sollst du dich gegen ihn nicht wie ein Gläubiger benehmen. Ihr sollt von ihm keinen Zins fordern. Nimmst du von einem Mitbürger den Mantel zum Pfand, dann sollst du ihn bis Sonnenuntergang zurückgeben; denn es ist seine einzige Decke, der Mantel, mit dem er seinen bloßen Leib bedeckt. Worin soll er sonst schlafen? Wenn er zu mir schreit, höre ich es, denn ich habe Mitleid.

Kv: Ich will dich lieben, Herr, meine Stärke.
Ich will dich lieben, Herr, meine Stärke, *
Herr, du mein Fels und meine Burg und mein Retter;
mein Gott, mein Fels, bei dem ich mich berge, *
mein Schild und Horn meines Heils, meine Zuflucht. – (Kv)
Ich rufe: Der Herr sei hoch gelobt! *
und ich werde vor meinen Feinden gerettet.
Es lebt der Herr, gepriesen sei mein Fels. *
Der Gott meiner Rettung sei hoch erhoben. – (Kv)
Seinem König verleiht er große Hilfe, /
Huld erweist er seinem Gesalbten, *
David und seinem Stamm auf ewig.
Darum will ich dir danken, Herr, inmitten der Nationen, *
ich will deinem Namen singen und spielen. – Kv

Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Thessalonich.
Schwestern und Brüder! Ihr wisst selbst, wie wir bei euch aufgetreten sind, um euch zu gewinnen. Und ihr seid unserem Beispiel gefolgt und dem des Herrn; ihr habt das Wort trotz großer Bedrängnis mit der Freude aufgenommen, die der Heilige Geist gibt. So wurdet ihr ein Vorbild für alle Glaubenden in Mazedonien und in Achaia. Von euch aus ist das Wort des Herrn aber nicht nur nach Mazedonien und Achaia gedrungen, sondern überall ist euer Glaube an Gott bekannt geworden, sodass wir darüber nichts zu sagen brauchen. Denn man erzählt sich überall, welche Aufnahme wir bei euch gefunden haben und wie ihr euch von den Götzen zu Gott bekehrt habt, um dem lebendigen und wahren Gott zu dienen und seinen Sohn vom Himmel her zu erwarten, Jesus, den er von den Toten auferweckt hat und der uns dem kommenden Zorn entreißt.

Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Wer mich liebt, hält mein Wort. Mein Vater wird ihn lieben und wir werden bei ihm Wohnung nehmen. Halleluja.

Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus.
In jener Zeit, als die Pharisäer hörten, dass Jesus die Sadduzäer zum Schweigen gebracht hatte, kamen sie am selben Ort zusammen. Einer von ihnen, ein Gesetzeslehrer, wollte ihn versuchen und fragte ihn: Meister, welches Gebot im Gesetz ist das wichtigste? Er antwortete ihm: Du sollst den Herrn, deinen Gott, lieben mit ganzem Herzen, mit ganzer Seele und mit deinem ganzen Denken. Das ist das wichtigste und erste Gebot. Ebenso wichtig ist das zweite: Du sollst deinen Nächsten lieben wie dich selbst. An diesen beiden Geboten hängt das ganze Gesetz und die Propheten.

Lecture du livre de l’Exode.
Ainsi parle le Seigneur: Tu n’exploiteras pas l’immigré, tu ne l’opprimeras pas, car vous étiez vous-mêmes des immigrés au pays d’Égypte. Vous n’accablerez pas la veuve et l’orphelin. Si tu les accables et qu’ils crient vers moi, j’écouterai leur cri. Ma colère s’enflammera et je vous ferai périr par l’épée : vos femmes deviendront veuves, et vos fils, orphelins. Si tu prêtes de l’argent à quelqu’un de mon peuple, à un pauvre parmi tes frères, tu n’agiras pas envers lui comme un usurier : tu ne lui imposeras pas d’intérêts. Si tu prends en gage le manteau de ton prochain, tu le lui rendras avant le coucher du soleil. C’est tout ce qu’il a pour se couvrir ; c’est le manteau dont il s’enveloppe, la seule couverture qu’il ait pour dormir. S’il crie vers moi, je l’écouterai, car moi, je suis compatissant !

PSAUME (Ps 17 (18), 2-3, 4.20, 47.51ab)
R/ Je t’aime, Seigneur, ma force. (Ps 17, 2a)
Je t’aime, Seigneur, ma force :
Seigneur, mon roc, ma forteresse,
Dieu mon libérateur, le rocher qui m’abrite,
mon bouclier, mon fort, mon arme de victoire ! R
Louange à Dieu ! Quand je fais appel au Seigneur,
je suis sauvé de tous mes ennemis.
Lui m’a dégagé, mis au large,
il m’a libéré, car il m’aime. R
Vive le Seigneur ! Béni soit mon Rocher !
Qu’il triomphe, le Dieu de ma victoire !
Il donne à son roi de grandes victoires,
il se montre fidèle à son messie. R

Lecture de la première lettre de saint Paul apôtre aux Thessaloniciens.
Frères, vous savez comment nous nous sommes comportés chez vous pour votre bien. Et vous-mêmes, en fait, vous nous avez imités, nous et le Seigneur, en accueillant la Parole au milieu de bien des épreuves, avec la joie de l’Esprit Saint. Ainsi vous êtes devenus un modèle pour tous les croyants de Macédoine et de Grèce. Et ce n’est pas seulement en Macédoine et en Grèce qu’à partir de chez vous la parole du Seigneur a retenti, mais la nouvelle de votre foi en Dieu s’est si bien répandue partout que nous n’avons pas besoin d’en parler. En effet, les gens racontent, à notre sujet, l’accueil que nous avons reçu chez vous ; ils disent comment vous vous êtes convertis à Dieu en vous détournant des idoles, afin de servir le Dieu vivant et véritable, et afin d’attendre des cieux son Fils qu’il a ressuscité d’entre les morts, Jésus, qui nous délivre de la colère qui vient.

Alléluia. Alléluia. Si quelqu’un m’aime, il gardera ma parole, dit le Seigneur; mon Père l’aimera, et nous viendrons vers lui. Alléluia.

Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu.
En ce temps-là, les pharisiens, apprenant qu’il avait fermé la bouche aux sadducéens, se réunirent, et l’un d’entre eux, un docteur de la Loi, posa une question à Jésus pour le mettre à l’épreuve: «Maître, dans la Loi, quel est le grand commandement?» Jésus lui répondit: «Tu aimeras le Seigneur ton Dieu de tout ton cœur, de toute ton âme et de tout ton esprit. Voilà le grand, le premier commandement. Et le second lui est semblable: Tu aimeras ton prochain comme toi-même. De ces deux commandements dépend toute la Loi, ainsi que les Prophètes.»

Priedegt

Léif Matchrëschten! An eiser Liesung schwätzt den Apostel Paulus dervun, dass d’Leit vun Thessaloniki sengem Beispill gefollegt wieren. Am griicheschen Text steet dat méi däitlecht Wuert „Nachahmer“. D’Leit hunn de Paulus nogemaach. Si hunn säin Handelen kopéiert. An hien seet och nach, dass si dat trotz aller „Bedrängnis“, trotz Nodeeler asw. gemaach hätten.

Wa mir an d’Situatioun vum Liewen deemools an der Stad Thessaloniki erakucken, da gesi mir, dass d’Chrëschten duerchaus net gären gesi waren. Déi deemoleg réimesch-griichesch Gesellschaft mat hirer laanger Traditioun a Relioun a Kultur huet et net gär gesinn, dass sech hei eng nei Grupp lues a lues opgebaut huet mat total aneren Siichtweisen vun der Welt wéi si. D’Chrëschten an hiert Liewen si ganz einfach mat groussem Mësstrauen gekuckt ginn. D’Chrëschten hunn sech deemools eng total nei an aner Liewensweis zougeluecht wéi hir Noperen, déi an der griichesch-réimescher Kultur verwuerzelt blouwen. An de Paulus huet wuel Recht domat, dass d’Chrëschten „Nachahmer“ waren an aller Hisiicht. Si waren sech nämlech bewosst, dass d’Unhuelen vun dësem neie Wee vu Christus äusserst geféierlech konnt sinn. Net nëmmen Diskriminatioun a Beleidegung stoungen op der Dagesuerdnung. Och reegelrecht Verfolgung an den Doud waren net auszeschléissen. Wann een also am Wëssen ëm all dat sech dann dach entschléisst fir Chrëscht ze ginn, da muss an dëser Botschaft vum Chrëschtentum jo wuel eppes drastiechen, dat esou wichteg a wesentlech ass, dass een praktesch net anescht kann. Wat awer ass dat, wat dës Botschaft esou revolutionär an esou attraktiv mécht?

Als Äntwert kann een haut sécherlech mol ganz berouegt an d’Evangelium kucken. De Jesus gëtt d’Äntwert: Du solls Gott gär hunn an du solls däin Nächsten gär wéi dech selwer. Ass dat net eng einfach Botschaft? Wéi schéin kéint et an eiser Welt ausgesinn, wa jiddereen sech un dës Botschaft vun der Léift géif halen an si géif am Liewen ëmsetzen? Deen aneren gär hunn wéi sech selwer, wier dat net liicht ze realiséieren?

Nu wéi mir all wëssen gesäit eis Welt guer net esou aus, wéi wann des Botschaft Realitéit wier. Jiddereen huet sech selwer gär. Jo. Awer eben villfach nëmmen sech selwer. Genee dorunner läit et. Mir sinn och an eiser Gesellschaft, och an eiser chrëschtlecher Gesellschaft am Fong fierchterlech Egoisten. De Mënsch kuckt als éischt no sech. Natierlech ass dat ee liewesnoutwenneg Bedürfnis, dat an eiser Evolutioun begruewe läit. Jiddereen wëll ee gutt Liewen féieren. Jiddereen wëll als éischt fir sech selwer suergen. Et ass iergendwéi verständlech. Awer dat féiert dann och zu enger Welt, déi net besonnesch gerecht ass. Esouguer all eis Gesetzer, déi eis Zesummeliewen reegelen an organiséieren, féieren net zu absolutter Gerechtegkeet an a kengem Fall zu Léift oder Respekt. Dofir huet de Jesus jo och schonn deemools déi ganz Gesetzer a mat de „Gesetzeslehrer“ kritiséiert. D’Anhalen vu Gesetzer ass vläicht noutwendeg fir eng minimal Uerdnung an der Gesellschaft ze garantéieren. Awer dat schalt den Egoismus vum Mënsch net aus.

Dem Jesus seng Fuerderung ziilt awer eben just doropper, dass mir vun eisem klengkaréierten Egoismus lasskommen, dass mir also och lasskommen vum Recht vum Stäerksten. Wa mir all d’Nächsteléift esou géifen praktizéieren, wéi si hei am Evangelium formuléiert ass, da wier och bäi eis als Chrëschte vun haut munches aneschters. Da géife mir deelen an zesummenhalen. Da géife mir kee virun der Dir stoe loossen. Da géif et keng esou riseg Ënnerscheeder tëschent Aarmen a Räichen ginn. Da géif et op dëser Welt keng ënnerentwéckelt Länner ginn an anerer, déi am Iwwerfloss liewen. Asw. asw. Jo ech weess, ech hu gutt schwätzen. Mir all setzen am selwechten Boot an et ass nëmme ganz schwéier do erauszeklammen. Mir sinn all ëmmer zudéifst an eisem klengen Egoismus verhaft, och ech selwer.

Awer deemools zu Thessaloniki an bäi deenen éischte Gemeinschaften vu Chrëschten iwwerall, do war dat esou. Et huet ee fundamentalen Kommunismus geherrscht, wou jiddereen jidderengem gehollef huet. Si hunn deemools versicht genee dës Botschaft vum Jesus ze liewen. An eben just an deem sinn si mat der deemoleger Gesellschaft a Konflikt gerode. Si hunn dem Egoismus vum Mënsch deemools ee Spigel virgehalen. D’Wourecht doriwwer konnten d’Leit deemools wéi haut net verdroen. Géife mir haut eis chrëschtlech Botschaft, géife mir haut dëst Gebot vun der absolutter Léift echt an éierlech liewen, sou wéi de Jesus et gemengt huet, da wier eist Liewen als Chrëschten och erëm en Zeechen an ee Stachel an der Gesellschaft, dee géif ureegen. Firwat hu mir esou vill Angscht an esou wéineg Mutt eben des Botschaft ze liewen?

Fürbitten

An der Gottes- an Nächsteléift läit d’Erfëllung vum ganze Gesetz. Dofir biede mir

  • Fir all, déi an eiser Kierch Verantwortung droen: ëm de Geescht vun der Gottes- an Nächsteléift bäi all hiren Entscheedungen. Härgott, héier eis.
  • Fir all, déi sech ëm ee gerechten Ausgläich an ëm de Fridden tëschent den Natiounen beméien, ëm Kraaft an Ausdauer. Härgott, héier eis.
  • Fir all, déi sech ëm déi benodeelegt an sozial schwaach Mënschen beméien, ëm Unerkennung an Ënnerstëtzung vun hirer Aarbecht. Härgott, héier eis.
  • Fir eis Pargemeinschaften, ëm en echt Klima vun Gottes- an Nächsteléift an deem eist Matenaner an Firenaner am Glawen spierbar gëtt. Härgott, héier eis.
  • Fir all eis léif Verstuerwen, déi mir vermëssen, ëm ee gerechte Loun bäi dir.

Gudde Gott, an dengem Jong Jesus Christus weis du eis, dass du mat de Mënschen ontrennbar verbonne bass. Hëllef eis, dass mir an dëser Léift wuessen an esou ëmmer méi dengem Wëllen entspriechen, haut an all Dag bis an Éiwegkeet. Amen.

II.

Dieu offre son Esprit Saint aux hommes et aux femmes de ce monde dans le but de mener à bien son œuvre de salut. Avec reconnaissance, prions pour l’humanité en quête de bonheur.
Seigneur, souffle sur nous ton Esprit.

  • Prions pour les dirigeants de l’Église; qu’ils soient éclairés et soutenus dans leur mission de berger.
  • Prions pour les personnes qui gouvernent des peuples et des nations; qu’elles aient l’esprit de conseil dans leur service d’autorité.
  • Prions pour les hommes et les femmes qui dirigent les établissements de santé de chez nous; que chacun et chacune travaille sans relâche en faveur des personnes les plus vulnérables.
  • Prions pour les personnes qui veillent sur notre communauté chrétienne; qu’elles soient inspirées de la lumière de l’Évangile.
    Père très bon, tu nous as réunis ici, aujourd’hui pour nous renouveler dans nos missions respectives. Donne-nous d’être régénérés dans la joie du service et l’amour de ta parole. Nous te le demandons par Jésus, ton Fils, notre Seigneur. Amen.
    (vieliturgique.ca)
Gowegebiet

Allmächtege Gott, kuck a Gnod op eis Gowen, déi mir duerbréngen, a looss eis dëst Affer esou feieren, datt et dech éiert. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

Regarde les présents déposés devant toi, Seigneur notre Dieu: permets que notre célébration contribue d’abord à ta gloire. Par Jésus.

Hochgebet – „Frieden“


Präfation
Wir danken dir guter Gott;
denn in deinem Namen hat Jesus einen neuen Frieden gebracht.
Es war kein Friede, gestützt auf militärische Gewalt und politische Macht,
sondern ein Friede, gegründet auf Gerechtigkeit
und der Achtung eines jeden Menschen.
Wir sind dankbar für den Frieden,
den Jesus mit seinem Leben bezeugt hat.
Durch sein Beispiel ermutigt, vertrauen wir auf deine Verheißung,
dass Schwerter zu Pflugscharen und Lanzen zu Winzermessern werden;
dass kein Volk mehr sich wider das andere erhebt
und nicht mehr für den Krieg geübt wird.
So bekennen wir:

Sanctus

Guter Gott, vielfältig sind die Formen von Gewalt in der Welt,
in der Gesellschaft und selbst in den Familien.
Gewalt wird ausgeübt, wenn Reiche Arme benachteiligen,
Starke Schwache beherrschen und Führende Arglose betrügen;
wenn Vorurteile Beziehungen vergiften
und Feindbilder zu unmenschlichen Taten verleiten.
Trotz allem hoffen wir auf eine menschlichere Welt,
in der sich Gerechtigkeit und Frieden küssen.

Von einem wird uns berichtet,
dass er der Gewalt widerstand und Frieden brachte.
Es wird uns berichtet von Jesus von Nazaret,
der seligpries, die Frieden stiften und nach Gerechtigkeit dürsten.
Den Mächtigen und Frommen wurde er deshalb lästig,
und seine Angehörigen wandten sich von ihm ab.
Weil er seine Liebe für jene auf der Schattenseite des Lebens
gewaltlos und glaubhaft bis zum Tod am Kreuz bezeugte,
feiern wir sein Gedächtnis.

In seinem Namen und Auftrag sind wir jetzt versammelt,
um in Erinnerung an ihn das Brot zu brechen (und den Wein auszuteilen).

Wir bitten dich um deinen Geist,
damit im Teilen des Brotes (im Teilen von Brot und Wein)
Jesus Christus unter uns + gegenwärtig wird.

Es war in der Nacht vor seinem Leiden.
Im Angesicht des Todes kam Jesus mit den Seinen zusammen,
um von ihnen Abschied zu nehmen.
In jener Nacht nahm er während des Essens
Brot in seine Hände, dankte dir dafür, brach es
und reichte es den Seinen mit den Worten:

NEHMET UND ESSET ALLE DAVON.
DAS IST MEIN LEIB,
DER FÜR EUCH HINGEGEBEN WIRD.

Ebenso nahm er in jener Nacht nach dem Essen den Becher mit Wein,
dankte wiederum und reichte ihn den Seinen mit den Worten:

NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS.
DAS IST DER KELCH
DES IMMERWÄHRENDEN BUNDES,
MEIN BLUT, DAS FÜR EUCH
UND FÜR ALLE VERGOSSEN WIRD
ZUR VERGEBUNG DER SÜNDEN.
TUT DIES ZU MEINEM GEDÄCHTNIS.

Geheimnis des Glaubens

Guter Gott, wir gedenken unseres Bruders Jesus.
Er wich den Konflikten nicht aus und blieb seiner Sendung treu.
Gewaltlos widerstand er der Macht und wurde deswegen gekreuzigt.
Weil er auf dich vertraute, konnte er sich ins Dunkel des Todes fallen lassen.
Mit seinem Tod ging er aber nicht unter, und sein Geist wurde nicht ausgelöscht.
Seine Jüngerinnen und Jünger bekannten,
dass du ihm treu geblieben bist durch alles Scheitern hindurch.
Sie bezeugten, dass der Friede die Gewalt überwunden,
die Liebe den Hass bezwungen und das Leben den Tod besiegt hat.

Wir bitten dich um deinen Geist,
damit wir heute weiterführen, womit Jesus damals begonnen hat.
Ermutige uns durch die Kraft deines Geistes,
den Teufelskreis von Feindbildern zu durchbrechen
und die Spirale der Gewalt zurückzudrehen.
Lass uns an den Frieden glauben und an die Macht der Gewaltlosen.
Gib, dass wir die Enge nationaler und ethnischer Interessen aufbrechen
und Heimat als weltweite Geschwisterlichkeit begreifen.
Lass uns darauf hoffen, dass du alle Tränen abwischen
und Tod, Leid und Schmerz überwinden wirst.

Erbarme dich jener Menschen, die im Kampf für Gerechtigkeit
und Frieden ihr Leben lassen mussten und sei all denen nahe,
die unbekannt und namenlos irgendwo begraben liegen.
Gedenke auch jener Angehörigen,
von denen wir uns schweren Herzens verabschieden mussten.

Befreie alle in allen Kirchen und Religionen zu prophetischem Mut
und lass sie für Gerechtigkeit und Frieden eintreten.

Wir bitten für den Bischof von Rom Franziskus und unsere Bischöfe.
Lass uns selbst in der Kraft deines Heiligen Geistes
Zeichen der Hoffnung im Dunkel dieser Welt sein.

Dann dürfen wir dich durch Jesus Christus
zusammen mit Maria, seiner Mutter, dem gerechten und treuen Josef,
den Aposteln und Blutzeugen, und allen Heiligen und Gläubigen
loben und preisen.

Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater,
in der Einheit des Heiligen Geistes alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit.
Vgl. Urs Eigenmann, in: HG – Texte zum Teilen von Brot und Wein, Luzern 1996

Vaterunser

Gott suergt fir eis wéi ee Papp oder eng Mamm. Hie schenkt eis all Dag seng Gowen a wëll, dass mir Verantwortung iwwerhuelen fir eis Welt. Sou wëlle mir eis och elo ganz bewosst un hie wenden mat deem Gebiet, wat eisen Här Jesus eis geléiert huet, an net nëmmen ëm dat deeglecht Brout fir eis selwer bieden mä och fir déi Vill, déi um Rand vum Existenzminimum musse liewen: Vater unser im Himmel, …

Friddengebiet

De Fridde vu Gott ass net ee vergängleche Fridden am Sënn vun eiser Welt. De Fridde vu Gott ass een, dee fir all Mënsch do ass an deen jiddereen unhëlt, wéi en ass. Loosse mir eis och hei géigesäiteg unhuelen als Bridder a Schwësteren an eis ee frëndlechen Bléck schenken. De Fridden vun eisem Här Jesus Christus sief mat iech all.

Schlussgebiet

Här, eise Gott, gëff, datt deng Sakramenter an eis och dat Heel bewierken, wat si enthalen, fir datt mir eng Kéier béi dir a Wierklechkeet dat empfänken, wat mir elo an dësen hellegen Zeechen gefeiert hunn. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

Que tes sacrements, Seigneur, achèvent de produire en nous ce qu’ils signifient, afin que nous entrions en jour en pleien possession du mystère que nous célébrons dans ces rites. Par Jésus.


Mass vum 18 Oktober
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!
Mass vum 1 November

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement