4. Ouschtersonndeg - 24./25.4.2021 B - Ufank vun der Muttergottesoktav


Home Back Print Kontakt

Léif Matchrëschten! «Op eemol war alles anescht ...» Esou heescht d’Thema vun der Muttergottesoktav vun dësem Joer. Jo zënter engem Joer ass Villes anescht. Mir haten eis et net geduecht, dass eng Pandemie eis esou kéint an de Grëff huelen. Mir hu misste léieren nei ze liewen. Mir hu misste léieren eis op nei Manéieren ze begéinen, ze schaffen an och an eiser Gemeinschaft vun der Kierch ze feieren. Et war op eemol alles eben anescht. Mä ass et de Mënschen a fréieren Zäiten net och esou gaangen? Wéi war et dann deemools bäi den Apostelen an de Frënn vun Jesus? War do net och duerch säi Stierwen um Kräiz op eemol alles anescht? An der Ouschterzäit kréie mir iwwer all déi Wochen ëmmer nees Liesungen an Evangelientexter virgeluecht, déi sech grad mat deem Thema ausenaner setzen, dass fir si deemools alles op ee Schlag anescht war. An si hunn sech domat ausenaner gesat. Si hu versicht mat der neier Situatioun eens ze ginn. D’Apostelen kënnen eis ganz sécher hei och ee Virbild sinn, wéi mir haut kënnen mat all deene Changementer kloer kommen. Froe mir dozou eisen Här ëm seng Hëllef.

Här Jesus Christus, du wëlls eis féieren a leeden an eisem Liewen. Kyrie eleison.
Här Jesus Christus, du riffs eis an d’Gemeinschaft mat dir an ënnert enaner. Christe eleison.
Här Jesus Christus, du kenns eis an sichs eis, wa mir eis veriert hunn. Kyrie eleison.

Dagesgebiet

Här, eise Gott, vun dir komme mir, an zu dir wëlle mir erëm zeréck. Looss eis ëmmer op dech vertrauen, d’Muecht vun denger Léift erfueren an si un anerer weiderginn. Dorëms biede mir de Jesus, eisen Här, déi Jong, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft a regéiert an all Éiwegkeet. Amen.

Dieu éternel et tout-puissant, guide-nous jusqu’au bonheur du ciel; que le troupeau parvienne, malgré sa faiblesse, là où son Pasteur est entré victorieux. Lui qui règne.

Allmächtiger, ewiger Gott, dein Sohn ist der Kirche siegreich vorausgegangen als der gute Hirt. Geleite auch die Herde, für die er sein Leben dahingab, aus aller Not zur ewigen Freude. Darum bitten wir durch Christus, unsern Herrn.

Liesungen: Apg 4, 8-12 / 1 Joh 3, 1-2 / Joh 10, 11-18

Lesung aus der Apostelgeschicht.
In jenen Tagen sagte Petrus, erfüllt vom Heiligen Geist, zu ihnen: Ihr Führer des Volkes und ihr Ältesten! Wenn wir heute wegen einer guten Tat an einem kranken Menschen darüber vernommen werden, durch wen er geheilt worden ist, so sollt ihr alle und das ganze Volk Israel wissen: im Namen Jesu Christi, des Nazoräers, den ihr gekreuzigt habt und den Gott von den Toten auferweckt hat. Durch ihn steht dieser Mann gesund vor euch. Dieser Jesus ist der Stein, der von euch Bauleuten verworfen wurde, der aber zum Eckstein geworden ist. Und in keinem anderen ist das Heil zu finden. Denn es ist uns Menschen kein anderer Name unter dem Himmel gegeben, durch den wir gerettet werden sollen.

Kv Ein Stein, den die Bauleute verwarfen, er ist zum Eckstein geworden.
Danket dem Herrn, denn er ist gut, *
denn seine Huld währt ewig!
So sollen sagen, die den Herrn fürchten: *
Denn seine Huld währt ewig. – (Kv)
Besser, sich zu bergen beim Herrn, *
als zu vertrauen auf Menschen.
Besser, sich zu bergen beim Herrn, *
als zu vertrauen auf Fürsten. – (Kv)
Ich will dir danken, dass du mir Antwort gabst, *
du bist mir zur Rettung geworden.
Ein Stein, den die Bauleute verwarfen, *
er ist zum Eckstein geworden. – (Kv)
Vom Herrn her ist dies gewirkt, *
ein Wunder in unseren Augen.
Gesegnet sei, der da kommt im Namen des Herrn! *
Wir segnen euch vom Haus des Herrn her. – (Kv)
Mein Gott bist du, dir will ich danken. *
Mein Gott bist du, dich will ich erheben.
Danket dem Herrn, denn er ist gut, *
denn seine Huld währt ewig! – Kv

Lesung aus dem ersten Johannesbrief.
Schwestern und Brüder! Seht, welche Liebe uns der Vater geschenkt hat: Wir heißen Kinder Gottes und wir sind es. Deshalb erkennt die Welt uns nicht, weil sie ihn nicht erkannt hat. Geliebte, jetzt sind wir Kinder Gottes. Doch ist noch nicht offenbar geworden, was wir sein werden. Wir wissen, dass wir ihm ähnlich sein werden, wenn er offenbar wird; denn wir werden ihn sehen, wie er ist.

Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Ich bin der gute Hirt; ich kenne die Meinen und die Meinen kennen mich. Halleluja.

Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes.
In jener Zeit sprach Jesus: Ich bin der gute Hirt. Der gute Hirt gibt sein Leben hin für die Schafe. Der bezahlte Knecht aber, der nicht Hirt ist und dem die Schafe nicht gehören, sieht den Wolf kommen, lässt die Schafe im Stich und flieht; und der Wolf reißt sie und zerstreut sie. Er flieht, weil er nur ein bezahlter Knecht ist und ihm an den Schafen nichts liegt. Ich bin der gute Hirt; ich kenne die Meinen und die Meinen kennen mich, wie mich der Vater kennt und ich den Vater kenne; und ich gebe mein Leben hin für die Schafe. Ich habe noch andere Schafe, die nicht aus diesem Stall sind; auch sie muss ich führen und sie werden auf meine Stimme hören; dann wird es nur eine Herde geben und einen Hirten. Deshalb liebt mich der Vater, weil ich mein Leben hingebe, um es wieder zu nehmen. Niemand entreißt es mir, sondern ich gebe es von mir aus hin. Ich habe Macht, es hinzugeben, und ich habe Macht, es wieder zu nehmen. Diesen Auftrag habe ich von meinem Vater empfangen.

Lecture du livre des Actes des Apôtres.
En ces jours-là, Pierre, rempli de l’Esprit Saint, leur déclara : « Chefs du peuple et anciens, nous sommes interrogés aujourd’hui pour avoir fait du bien à un infirme, et l’on nous demande comment cet homme a été sauvé. Sachez-le donc, vous tous, ainsi que tout le peuple d’Israël : c’est par le nom de Jésus le Nazaréen, lui que vous avez crucifié mais que Dieu a ressuscité d’entre les morts, c’est par lui que cet homme se trouve là, devant vous, bien portant. Ce Jésus est la pierre méprisée de vous, les bâtisseurs, mais devenue la pierre d’angle. En nul autre que lui, il n’y a de salut, car, sous le ciel, aucun autre nom n’est donné aux hommes, qui puisse nous sauver. »

R/ La pierre qu’ont rejetée les bâtisseurs est devenue la pierre d’angle.
Rendez grâce au Seigneur : Il est bon !
Éternel est son amour !
Mieux vaut s’appuyer sur le Seigneur
que de compter sur les hommes ;
mieux vaut s’appuyer sur le Seigneur
que de compter sur les puissants ! R
Je te rends grâce car tu m’as exaucé :
tu es pour moi le salut.
La pierre qu’ont rejetée les bâtisseurs
est devenue la pierre d’angle :
c’est là l’œuvre du Seigneur,
la merveille devant nos yeux. R
Béni soit au nom du Seigneur celui qui vient !
De la maison du Seigneur, nous vous bénissons !
Tu es mon Dieu, je te rends grâce,
mon Dieu, je t’exalte !
Rendez grâce au Seigneur : Il est bon !
Éternel est son amour ! R

Lecture de la première lettre de Saint Jean.
Biens-aimés, voyez quel grand amour nous a donné le Père pour que nous soyons appelés enfants de Dieu – et nous le sommes. Voici pourquoi le monde ne nous connaît pas : c’est qu’il n’a pas connu Dieu. Bien-aimés, dès maintenant, nous sommes enfants de Dieu, mais ce que nous serons n’a pas encore été manifesté. Nous le savons : quand cela sera manifesté, nous lui serons semblables car nous le verrons tel qu’il est.

Alléluia. Alléluia. Je suis le bon pasteur, dit le Seigneur ; je connais mes brebis et mes brebis me connaissent. Alléluia.

Évangile de Jésus Christ selon saint Jean.
En ce temps-là, Jésus disait: Moi, je suis le bon pasteur, le vrai berger, qui donne sa vie pour ses brebis. Le berger mercenaire n’est pas le pasteur, les brebis ne sont pas à lui: s’il voit venir le loup, il abandonne les brebis et s’enfuit; le loup s’en empare et les disperse. Ce berger n’est qu’un mercenaire, et les brebis ne comptent pas vraiment pour lui. Moi, je suis le bon pasteur; je connais mes brebis, et mes brebis me connaissent, comme le Père me connaît, et que je connais le Père; et je donne ma vie pour mes brebis. J’ai encore d’autres brebis, qui ne sont pas de cet enclos: celles-là aussi, il faut que je les conduise. Elles écouteront ma voix: il y aura un seul troupeau et un seul pasteur. Voici pourquoi le Père m’aime: parce que je donne ma vie, pour la recevoir de nouveau. Nul ne peut me l’enlever: je la donne de moi-même. J’ai le pouvoir de la donner, j’ai aussi le pouvoir de la recevoir de nouveau: voilà le commandement que j’ai reçu de mon Père.

Priedegt (2021)

Léif Matchrëschten! „Ich bin der gute Hirt.“ Ech sinn dee gudden Hiert. Ech sinn do fir meng Schof. Dëst Bild aus dem Evangelium vun haut ass ee Bild, dat eis Reliounsgemeinschaft vun Ufank u begleet. A villen Duerstellungen schonn aus fréister Zäit begéint eis de Jesus, deen ee Schof an den Äerm hält oder op de Schëlleren dréit. Hien ass deen, dee fir seng Schof do ass an alle Situatiounen. An awer ass dëst Bild fir eis, vläicht grad haut e bëssi mëssverständlech. Dréckt et da net och op der anerer Säit aus, dass d’Schof nëmmen topeg, kléng an schutzbedierfteg sinn, dass si net fräi sinn an hirem Wëllen an Handelen?

Wann ech an d’Geschicht vun eiser Kierch kucken, dann ass et jo och ëmmer dat Bild, wat bis haut zumindest an eise Bezeechnungen fir déi haaptamtlech Leeder vun der Gemeinschaft gebraucht gëtt. Eisen Ausdrock „Paschtouer“ vum laténgeschen Wuert fir „Hiert“, dat heescht „Pastor“, ofgeleet, zeechent iergendwéi jo dat Bild no. D’Schof haten dem Hiert ze follegen. Si hu missten dat maachen, wat den Hiert gesot huet. Iwwer vill Joerhonnerten ass dat esou gehandhaabt ginn. Mä geet et hei am Evangelium em een einfacht Kommandéieren? Ass et wierklech esou, dass den Hiert just deen eenzegen ass, dee seet, wéi et ze lafen huet?

Ech denken d’Bild vum Evangelium zeechent eis een och nach haut ganz interessant Bild. De Jesus ass den Hiert, soss keen. Hien eleng huet des Positioun bis haut. A vläicht musse mir eis dofir och emol erëm an d’Realitéit vun engem echten Hiert, deen echt Schof op d’Weed féiert, versetzen. Wann een an deene leschten Deeg ronderëm Irrel ënnerwee war, da konnt een ee risegen Trapp Schof op de Koppen gesinn, déi do op der Weed waren. Den Hiert, ee Mann, deen sech intensiv ëm des Schof këmmert, ass keen dichtegen Här. Dee muss all Dag, bäi all Wierder no senge Schof kucken. Hien ass permanent drun, huet kee fräien Dag. Den Alldag vun esou engem Mënsch ass haut nach zimmlech haart. Deemools, wou de Jesus säi Bild entworf huet, war dat Liewen nach méi usprochsvoll. Des Leit hunn hiert Liewe ginn fir hier Schof. Si hunn sech mat hirem ganze Liewen fir hier Schof agesat.

A genee do si mir, sou mengen ech, um Punkt, dee wichteg ass. De Jesus huet sech sengerzäit mat sengem ganze Liewen fir seng Botschaft an esou fir seng Leit agesat. An et ass dësen Asaz am Liewen, deen eben och haut zielt. De Verglach mat den Doléiner hei am Evangelium weist et jo och. Si maachen hier Aarbecht fir Geld ze verdéngen. D’Schof un sech sinn do net wichteg. An dat ass et. Dem Hiert, deem gudden Hiert, geet et an éischter Linn ëm seng Schof. Hie suergt fir si. Déi falsch Hierten hu just hire perséinlechen materiellen Profit am Sënn. Hei kann ee ganz sécher och un aktuell korrupt Politiker denken, wéi och u Leeder vun der Kierch, déi just no hirem Notzen kucken.

Dëst Bild vum gudden Hiert am Géigesaz zu den bezuelten Doléiner oder Kniecht kann och nach haut fir eis all eng Ureegung sinn. Wéi maache mir eis Aarbecht? Wéi gesi mir si? Ass et just ee Mëttel fir Geld ze verdéngen, oder ass et och een Asaz vum Liewen am Sënn, dass et mir en Uleies ass dat, wat ech maachen, gutt a fir anerer ze maachen? Well ech mat menger Aarbecht eppes fir d’Gemeinschaft maachen oder ass et just een noutwennegt Schaffen fir deen eegenen Liewensënnerhalt?

A fréieren Zäiten war d’Aarbecht vum Mënsch nach iergendwéi och hiert Liewen. Haut, sou hunn ech den Androck, si mir ganz dacks wäit ewech dovun. Mir identifizéieren eis net méi mat deem, wat mir maachen a schaffen. Doriwwer kéint een hei mam Bléck op eist Evangelium sécher och emol nodenken.

Mä komme mir mol nach eng Kéier zeréck op de Jesus a säin Uleies selwer. Hien als gudden Hiert wëll eist Liewen uleeden hin zum Gudden a Wuel vun eis. Ech hunn an der Lescht e puer mol op ee Bild vum Eugen Biser zeréck gegraff. De Biser schwätzt vum Jesus als dem „inwendigen Lehrer“. De Jesus muss mat senger Botschaft an eis selwer sinn. Nëmmen da kann hien eis och am Liewen féieren. Vläicht kann een dat Bild vum gudden Hiert och ënner deem Aspekt gesinn, dass de Jesus a senger Botschaft an eis selwer ass. A nëmmen da kënne mir an eisem klengen a bescheidene Liewen och selwer gutt handelen. De Jesus a seng Botschaft muss fir eis als Chrëschten zu engem „inwendigen Hirten“ ginn. Do setzt hien säi Liewen fir eis an. Fir mech geet et an deem Bild vum gudden Hiert also net drëm, dass ee vu bausse mir seet, wéi et ze goen huet. Neen, ech handelen aus mengem Banneschten eraus no der Botschaft vu Christus, deen esou a mir ee gudden Hiert ass, well ech seng Botschaft verënnerlecht hunn. Natierlech si mir ëmmer nees schwaach a mir kënnen net alles esou maachen, wéi et vläicht gutt wier. Awer et ass nu mol des Botschaft vu Fridden a Gerechtegkeet, vu Léift a Baarmhäerzegkeet, déi mech misst uleeden. Si kann och mech an dech dozou bréngen d’Liewen fir anerer anzesetzen. De Jesus kann nëmmen haut gudden Hiert sinn duerch eis, da wa mir eis als gutt Hierten fir eis Matmënschen erweisen. Amen.

Fürbitten

Jesus Christus ass fir eis zum Gudden Hiert ginn, deen deene Verluerenen nogeet an deen eis all an seng Gemeinschaft geruff huet. Mir bieden dofir mat Vertrauen zu him:

1) Maach deng kierchlech Gemeinschaft zu enger Quell vun denger Baarmhäerzegkeet - besonnesch fir déi, déi an eng Sakgaass gerode sinn. Christus héier eis.

2) Schenk de Chrëschten de Mutt, schwieregen a schëllegen Mënschen nozegoen an hinnen ze hëllefen de Wee an d’Gemeinschaft zeréck ze fannen. Christus héier eis.

3) Hëllef alle Mënschen, déi sech falsch verstanen, ausgegrenzt an ausgestouss fillen. Christus héier eis.

4) Looss eis selwer kengem eist Häerz verschléissen, och wann si eis nach esou friem virkommen. Christus héier eis.

5) Huel all eis Verstuerwen op an deng grouss Léift a Baarmhäerzegkeet. Christus héier eis.

Härgott, déi Jong Jesus huet séi Liewen fir eis all agesat. Hien ass eist grousst Virbild. Looss eis ëmmer esou handelen, wéi hien et gemaach huet. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen.

II.

Dieu ne nous laisse pas seuls pour bâtir son Église. Il veut nous guider et nous accompagner. Confions-lui nos demandes.
Toi qui guides ton peuple, écoute nos prières.

– Le bon berger connaît ses brebis; prions pour notre Église afin qu’éclairée par le Christ pasteur, elle sache guider les hommes et les femmes vers la lumière du Seigneur.
– Le bon berger accompagne ses brebis; prions pour les prêtres afin qu’ils demeurent de vrais pasteurs à l’image du Christ.
– Le bon berger veille sur chacune de ses brebis; prions pour nos dirigeants politiques afin qu’ils aient à cœur de servir les intérêts de toute la population.
– Le bon berger a le souci de toutes ses brebis; prions pour les personnes qui ne connaissent pas le Christ afin qu’elles entendent ses interpellations au cœur de leur vie.
– Le bon berger aime ses brebis; prions pour notre communauté afin qu’elle prenne soin de toutes les personnes dans le besoin.

Dieu notre Père, toi qui te préoccupe de ton peuple comme un bon berger, écoute les prières que nous te présentons. Daigne les exaucer, par Jésus, ton Fils, notre Seigneur, qui vit et règne avec toi et le Saint-Esprit, maintenant et pour les siècles des siècles. Amen.
(http://www.vieliturgique.ca)

Gowegebiet

Här, eise Gott. Mir ginn dir d’Gowe vun der Äerd, d’Brout an de Wäin, zeréck. An hinne féiers du déi Wierk vun der Erléisung weider a méchs si fir eis zu enger Quell vu Freed an Erbaarmen. Dofir soe mir dir Merci duerch Jesus Christus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

Donne-nous, Seigneur, de te rendre grâce toujours par ces mystères de Pâques: ils continuent en nous ton oeuvre de rédemption, qu’ils nous soient une source intarissable de joie. Par Jésus.

Guter Gott, dein Sohn Jesus Christus ist der gute Hirte, der für die Seinen eintritt, damit sie Leben in Fülle haben. Nimm unsere Gaben an als Zeichen unserer Bereitschaft, seiner Stimme zu folgen, und führe uns durch ihn zum ewigen Leben, das du uns bereitet hast. Gott der zärtlichen Liebe, du deckst uns den Tisch des Lebens und füllst uns den Kelch des Heiles. Schenke uns Geborgenheit in der Gemeinschaft unseres Heilandes und guten Hirten Jesus Christus, unseres Herrn.

Hochgebet - „Gottes Barmherzigkeit“


Präfation
Gnädiger Gott, wir preisen deine Barmherzigkeit und danken dir für deine Geduld.
Du nimmst uns Menschen, wie wir sind, und schaust nicht auf unser Versagen.
Selbst wo die Sünde überhandnahm, zeigte sich noch überwältigender deine Gnade.
Dein göttliches Verzeihen fordert uns heraus, selbst zu verzeihen – siebzigmal siebenmal.
Wir danken dir um Jesu willen, der stets bereit war, das versöhnende Wort zu sprechen:
„Deine Sünden sind vergeben.“
Seine Liebe erwies sich am Kreuz, sie war größer als all unsere Bosheit.
Bis in den Tod war sein Leben ein Dienst für die Menschen.
So zeigte der Meister den Schülern den Weg:
der Geringste zu werden, um groß zu sein - zu sterben, um wahrhaft zu leben.
Darum preisen wir dich in der Gemeinschaft der Kirche
und rufen mit den Chören der Engel zu deiner Ehre:

Sanctus

Heiliger Gott, wir danken dir für die Botschaft von der Vergebung,
die Jesus uns Menschen gebracht hat.
Er rief uns alle zur Umkehr, damit deine Herrschaft kommen kann.
Er war der Gute Hirt, der dem verirrten Schaf nachging.
Er verkehrte mit Sündern und war bei Zöllnern zu Gast.
Er offenbarte uns deine Freude über den „verlorenen Sohn“,
der den Weg zu seinem Vater zurückfand, der tot war und wieder lebendig wurde.
Er, der ohne Sünde war, ließ sich unter die Sünder zählen:
Er wurde das „Lamm“, das sich nicht wehrte gegen den Tod
und das die Sünde der Welt hinwegnahm.

Gott, barmherziger Vater, du willst, dass alle, die uneins geworden sind,
sich miteinander versöhnen; und wenn wir den andern vergeben,
lässt du uns auch bei dir Gnade finden um Jesu willen.

Sende nun deinen Geist auf diese Gaben herab und heilige sie, damit sie uns werden
Leib + und Blut deines geliebten Sohnes, unseres Herrn Jesus Christus.

Er nahm am Abend vor seinem Leiden das Brot in seine Hände,
erhob die Augen zu dir, seinem Vater, sprach den Segen,
brach das Brot und reichte es seinen Jüngern mit den Worten:

NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
DAS IST MEIN LEIB, DER FÜR EUCH HINGEGEBEN WIRD.

So nahm er auch, als sie gegessen hatten, den Kelch in seine Hände,
sprach Segen und Dank und reichte ihn seinen Jüngern mit den Worten:

NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS:
DAS IST DER KELCH DES NEUEN UND EWIGEN BUNDES,
MEIN BLUT, DAS FÜR EUCH UND FÜR ALLE VERGOSSEN WIRD
ZUR VERGEBUNG DER SÜNDEN.
TUT DIES ZU MEINEM GEDÄCHTNIS.

Geheimnis des Glaubens

Gott, unser Vater, wir gedenken deines Sohnes:
Um unserer Sünden willen ward er durchbohrt –
der Menschen Verbrechen wegen wurde er zerbrochen – auf ihm lag all unsere Schuld.
Er wurde gehorsam bis zum Tod, ja, bis zum Tod am Kreuz.
Aber du hast ihn hoch erhoben und ließt ihn aufstehen aus dem Grab.
Dann stand er wieder im Kreis der Seinen und sprach zu ihnen:
Empfanget den Heiligen Geist; wem ihr die Sünden vergebt, dem sind sie vergeben.

Gott, wir bitten dich:
Sende den Geist Jesu Christi jetzt in dieser Stunde,
damit unsere Schuld vergeben wird und wir eins sind in ihm.
Lass sein heiliges Brot uns nicht zum Gericht werden,
sondern allen auf ewig das Leben schenken;
lass den Kelch seines Blutes uns heilen und retten aus der Gewalt des Bösen.

Gib uns, deinem pilgernden Volk, unserem Papst Franziskus
und allen Bischöfen einen neuen Geist, den Geist der Buße und der Geduld.
Mach uns bereit, die eigenen Fehler zu erkennen und die der anderen zu vergeben.
Hilf uns, milde zu sein, wenn jemand gefehlt hat.

Guter Gott, wir empfehlen dir auch unsere verstorbenen Angehörigen
und alle, die auf der Erde gelebt haben.
Schau nicht auf ihr Versagen, sondern auf den guten Willen,
ihr Leben menschenfreundlich zu gestalten.

In Gemeinschaft mit Maria und Josef, den Aposteln und allen Heiligen
sagen wir dir Dank durch unseren Herrn Jesus Christus
Er war dir treu bis in den Tod - er war der Erlöser der Welt - der neue Mensch.

Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater,
in der Einheit des Heiligen Geistes alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit.
Quelle unbekannt

Vaterunser

Am Evangelium hu mir héieren: „Ich bin der gute Hirt; ich kenne die Meinen und die Meinen kennen mich, wie mich der Vater kennt und ich den Vater kenne; und ich gebe mein Leben hin für die Schafe.“ De Jesus ass an eis Welt komm fir de Wëlle vun sengem Papp ze erfëllen. Mir sollten sengem Beispill nogoen. Sou biede mir elo zesummen, dass sech de Wëlle vu Gott och an eiser Welt erfëlle kann. Vater unser …

Friddensgebiet

Här Jesus Christus, du hues gesot; „Ich kenne die meinen und die Meinen kennen mich.“ Wëlls du eis Suerg ëm de Fridde kenns, biede mir: Kuck net op eis Feeler a Schwächten, mä op eise gudde Wëllen a schenk eis ëmmer nees däi Fridden. De Fridden sief mat iech all.

Schlussgebiet

Baarmhäerzege Gott. Des Feier soll eis heelen vun der Blannheet vun eisem Häerz. Si soll eis Verzeiung an ënnere Fridden schenken, fir datt mir dech an all Mënschen opriichteg gär kennen hunn. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

Père tout-puissant et Pasteur plein de bonté, veille sur tes enfants avec tendresse; tu nous as sauvés par le sang de ton Fils: ouvre-nous une demeure dans le Royaume des cieux. Par Jésus.

Herr und Heiland, Guter Hirte, du führst uns zu den Quellen des Lebens. Lass uns in der Kraft dieser Speise zu deinem ewigen Reich gelangen, wo ein Hirt und eine Herde sein werden. Dir sei Dank und Preis von Ewigkeit zu Ewigkeit.


Mass vum 18. Abrëll
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!
Mass vum 2. Mee

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement