Editorial aus dem Parbréif 2/23

40 Deeg ouni… ze léien!


Home GoBack Print Kontakt

"Am Aschermittwoch ist alles vorbei…” heescht et an engem Fueslidd. Dat stëmmt (vläit) fir d’Fuesent. Fir eis awer fänkt mat Äschermëttwoch eppes Neies un: D’Faaschtenzäit, déi eis op Ouschteren hiféiert. D’Faaschtenzäit sou wéi mir se kennen geet zréck op 4./5. Jh. an orientéiert sech un der helleger Zuel 40 (z.B. déi 40 Deeg a Nuechten, déi de Jesus viru sengem ëffentleche Wierken an der Wüüst verbruecht huet, Mt 4,1-2).

D’Faaschtenzäit, och “Österliche Busszeit” genannt, preparéiert eis eigentlech op d’Feier vun der Ouschternuecht, der Opersteeung vum Jesus, der Iwwerwannung vum Doud. Et ass dofir och déi traditionell Zäit vum Verzicht. De Verzicht op eppes, wat eis vum Liewen ofhält. Vill Leit versichen de Genoss vun Alkohol, Séissegkeeten oder Zigaretten ze reduzéieren oder ganz doropper ze verzichten. Anerer wëllen manner mam Auto fueren (Autofasten) oder d’Zäiten bei der Telé oder beim Computer begrenzen.

De Journalist Jürgen Schmieder beschreift a sengem Buch “Du sollst nicht lügen! Von einem der auszog, ehrlich zu sein » wéi hien 40 Deeg laang gelieft huet ouni ze léien. Ganz ouni Ligen, sief et am Beruff, doheem oder mat Frënn. Och déi klengsten Noutligen war tabu.

Véierzeg Deeg nëmmen d’Wouerecht soen, ëmmer éierlech sinn, an all Situatioun, dat ass net einfach. Och wa mer dat 8. Gebot kennen: « Du sollst nicht falsch gegen deinen Nächsten aussagen» (Ex 20,16) sou wësse mer awer, datt Ligen zum Alldag gehéieren. Experte soen datt de Mënsch duerchschnëttlech 200 mol am Dag litt: aus Héiflechkeet, Diplomatie oder Bequeemlechkeet.

Dem Jürgen Schmieder säi Fazit ass: Et war absolut net einfach – an et huet vill Problemer an Diskussiounen mat sech bruecht – jo, Leit, déi him souguer duerno de Réck gedréint hunn, well se verletzt waren, well se net verstanen hunn…

Et geet am Alldag net ouni Ligen, awer en Alldag an der Ligen ass net auszehalen. Hie schreift: “Lügen sind ein notwendiges Übel, wahres Glück wird der Mensch jedoch nur erfahren, wenn er von Grund auf ehrlich ist.”

D’Faaschtenzäit kann sou eng Zäit sinn, wou mer mol een Ablack STOPP soen – mol kucken wou ech stinn. Fir éierlech mat sech selwer a mat deenen aneren ze sinn, deem aneren respektvoll d’Wouerecht soen – dat brauch och Courage. Et geet ëm eng Liewenshaltung – déi ech net einfach nëmmen fir e puer Deeg anhuele kann an dann nees zur Dagesuerdnung iwwergoen. Et geet em méi : et geet ëm en echt an e gutt Liewen.

An d’Faaschtenzäit wëll soss näischt, wéi einfach nëmmen de Bléck nei schäerfen, eis méi no un d’Liewe féieren, letztendlech méi no u Jesus Christus, deen de Wee, d’Wouerecht an d’Liewen ass.

Ech wënschen eis all eng gutt Faaschtenzäit.

Francis Erasmy

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement