|
1. Faaschtesonndeg 20./21.2.2021 B
Léif Matchrëschten! Heiansdo brauch een eng Auszäit. Wa mir midd sinn an eis Aarbecht eis net vun Hand geet, wa Suergen eis ploen a sou Villes méi, dann deet et gutt, fir emol eng Rei Deeg oder Wochen ze entspanen. Esou eng Auszäit hëlt sech de Jesus allem Uschäin no haut am Evangelium. 40 Deeg zitt hien sech zeréck an d’Wüüst. Hei sollen sech seng Gedanken klären, éier hien sech op de Wee vun sengem ëffentlechen Optrieden mécht. D’Faaschtenzäit ass all Joer eng Aluedung un eis all, fir eis ee wéineg zeréckzéien vun deem Gewinnten. Mir sollten an deenen nächste Wochen eben och eist Liewen nei iwwerdenken a vläicht och een neie Wee zu Gott sichen. Wat ass wierklech wichteg an eisem Liewen an an eisem perséinlechen wéi och gemeinsamen Glawen? Loosse mir eis zesummen op dee Wee maachen. Här Jesus Christus, an der Däischtert vun eisem Liewen. Här, erbaarm dech eiser. Dagesgebiet
Allmächtege Gott, du schenks eis des helleg véierzeg Deeg als eng Zéit vun der Ëmkéier a vun der Bouss. Gëff eis duerch hir Feier d’Gnod, datt mir an der Erkenntnis vu Jesus Christus virukommen an d’Kraaft vun sengem Wierk vun der Erléisung duerch ee Liewen aus dem Glawen siichtbar maachen. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. Accorde-nous, Dieu tout-puissant, tout au long de ce Carême, de progresser dans la connaissance de Jésus Christ et de nous ouvrir à sa lumière par une vie de plus en plus fidèle. Lui qui. Gott des Lebens, du hast uns nicht für den Tod, sondern für das Leben bestimmt. Du lädst uns ein, in dieser österlichen Bußzeit einen Neubeginn zu wagen und unser Leben von Neuem auszurichten auf dich und dein Wort. Begleite und unterstütze uns, wenn wir einen neuen Blick auf unser Leben werfen und die Dinge in unserem Leben abwägen, um Abhängigkeiten zu entdecken und alten Ballast abzuwerfen. So führst du uns in die herrliche Freiheit deiner Kinder. Durch Christus, unseren Herrn. Texter: Lesung: Gen 9, 8-15 / 1 Petr 3, 18-22 Evangelium: Mk 1, 12-15 Lesung aus dem Buch Genesis. Kv Deine Wege, Herr, sind Huld und Treue für alle, die deinen Bund wahren. Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Petrus. Lob dir, Christus, König und Erlöser! Nicht nur vom Brot lebt der Mensch, sondern von jedem Wort aus Gottes Mund. Lob dir, Christus, König und Erlöser! Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. Lecture du livre de la Genèse. R/ Tes chemins, Seigneur, sont amour et vérité pour qui garde ton alliance. Lecture de la première lettre de saint Pierre apôtre. Ta Parole, Seigneur, est vérité, et ta loi, délivrance. L’homme ne vit pas seulement de pain, mais de toute parole qui sort de la bouche de Dieu. Ta Parole, Seigneur, est vérité, et ta loi, délivrance. Évangile de Jésus Christ selon saint Marc. Priedegt (2021)
Léif Matchrëschten! Mir hunn haut um éischte Faaschtesonndeg eng schonn eegenaarteg Liesung aus dem éischte Buch vun eiser Bibel, aus dem Buch Genesis héieren. Mir kennen all déi grouss Geschicht vun der Sintflut. De Noach ass lo mat senger Famill a mat den Déieren erëm u Land. D’Liewe kann nei ufänken. No der grousser Zerstéierung geet et erëm biergop. "Nie wieder soll eine Flut kommen und die Erde verderben!" - "Il n’y aura plus de déluge pour ravager la terre." Dat ass dann dem Härgott säi Verspriechen an hie schléisst ee Bond mam Noach. Ass dat net nëmmen eng schéi Geschicht? Wa mir esou an d’Geschicht vun der Mënschheet kucken, da gesi mir, dass et reegelméisseg zu gréissere Katastrophe komm ass. Do gouf et onheemlech Naturkatastrophen, do gouf et Kricher, do gouf et Terror, do gouf et Krankheeten. Ëmmer nees sinn d’Mënschen un de Rand vun der Existenz gedréckt ginn. Mol waren si selwer schold, well si ee Krich ugefaangen hunn. Mol awer sinn si ouni Schold an existenziell Nout geroden. Wéi vill Mënschen sinn am Laf vun der Geschicht esou brutal ëm d’Liewe komm? An grad eben dëst läscht Joer war gepräägt weltwäit vun enger Pandemie, wéi mir si hei an eise Länner selwer nach net erlief hunn. Wien ass Schold dorun? Déi Fro stelle mir eis och haut nach ëmmer. Am Buch Genesis ass d’Sintflut als Strof iwwer d’Mënschheet komm, well si sech net un d’Gebot vu Gott gehalen hunn. Haut kënne mir net méi vill mat esou engem Konzept vun engem Gott dee brutal strooft ufänken. Awer och mir stellen eis nach ëmmer d’Fro, wat da schif gelaf ass, dass et elo dës Krankheet beispillsweis gëtt, déi mir net an de Grëff kréien. Wat hu mir als Mënschheet falsch gemaach? Wéi ech mech virbereet hunn, hunn ech de Kommentar zur Genesis vum Georg Fischer duerchgekuckt. Interessant ass seng Glidderung. Ech zitéieren just seng Iwwerschrëften ab dem Kapitel 6 vun der Genesis:
Wat mech un der ganzer Noach-Geschicht faszinéiert, ass, dass hei de Mënsch gezeechent gëtt an senger absolutter Mënschlechkeet, déi eben och zur Dekadenz hin zitt. Gott deet et esouguer leet, dass hien dëse Mënsch erschafen huet, deen alles zu Gronn riicht. (Gen 6,6) Wa mir haut kucken, da sinn et och mir als Mënschen, déi dës Welt ruinéieren. Mir hu Villes net gutt gemaach, sief et um Plang vun der Ëmwelt, sief et um Plang vun eisen tësche-mënschleche Bezéiungen, sief et duerch eisen Egoismus oder eisen Drang, fir ëmmer méi mussen ze hunn. Et ass heiansdo schonn extreem erschreckend, wa mir dat éierlech kucken. Mä et heescht awer, dass den Noach Gnod oder Gonscht an den Aen vu Gott fonnt huet. Hie war deen, dee gerecht a gutt war. Och haut ginn et Mënschen, déi sech géint dat Schlecht an eiser Welt stellen. Esou wéi den Noach deemools een Hoffnungsschimmer duergestallt huet, sou sinn et och dës Mënschen haut, déi eng Dier fir nei Hoffnung opstoussen. Am Buch Genesis kënnt dann déi grouss Flut. Den Noach baut seng Arche, fir eng Plaz ze hunn fir en Deel vum Liewen ze retten. Dës Geschicht ass fir mech ëmmer och ee Bild, dass déi, déi wëllen een Auswee aus der Schlechtegkeet sichen, deen och kënne fannen, och wann dat vill Méi an Entbierung bedeit. An um Enn steet dann een neien Ufank. Et trëtt eng Wend zu neiem Liewen an. Et ass an der gréisster Nout duerchaus méiglech erëm een neien Ufank ze setzen. Awer dat bedeit, dass de Mënsch sech muss nei am Liewen orientéieren. Net zou läscht ass grad dës programmatesch Erzielung vun "Ëmkéier", vun "Wende zu neuem Leben" héich ureegend um Ufank vun der Faaschtenzäit. Well och déi kommend Zäit soll eis esou konditionéieren, dass mir vläicht esou eng "Wende" hikréien an eisem perséinlechen Liewen. Eis Welt muss sech änneren. Mir als Mënschen mussen eis änneren. Dat war eng vun den Iddien an der Sintflut-Erzielung deemools. Dat ass och haut eng ganz wesentlech Iddie fir eist Liewen, fir eist Handelen an dëser Welt vun haut. Wann Nout do ass, da musse mir eis schonn och emol froe, wou a wéi mir dat eventuell mat verursaacht oder och verschëllt hunn. Esou tragesch munch Nout och ass, si kann eis awer hëllefen eis erëm ze besënnen. Si kann eis oprëselen, fir nei unzefänken an et besser ze maachen. Déi aktuell Pandemie léiert eis jo do sou munches. Si weist eis, wéi fragil mir als Mënschheet sinn. Mä och a gréisster Nout gëtt et eng Rettung. Mir sinn opgeruff selwer do dru matzeschaffen. Et ass vun eis eng Entscheedung dozou gefrot. Dat deit eis zweet Liesung vun haut aus dem 1. Bréif vum Péitruss un. Hei gëtt d’Geschicht vum Noach mat eiser Daf a Verbindung bruecht. Eben d’Daf ass eng Saach vun Entscheedung. Ech muss mech zu deem Wee bekennen, mech ganz däitlech entscheeden no de Geboter vu Gott an dës Welt eran ze wierken. A wann ech mech esou dorun orientéieren, da kann ech vill Guddes leeschten. Zu all Moment vun der Weltgeschicht ass jeeweils d’Zäit, de Kairos, do, fir sech ze entscheeden ee besseren an neie Wee ze goen. Mir ginn zu all Moment drun erënnert, dass mir déi Entscheedung net sollten verschiben an eng wäit ewech Zukunft. Well da verpasse mir et fir selwer gutt ze liewen an ze handelen. Et ass dofir elo d’Zäit komm fir eng Erneierung, fir eng Neiorientéierung a ville Beräicher. "Die Zeit ist erfüllt, das Reich Gottes ist nahe. Kehrt um und glaubt an das Evangelium!" Dat ass ëmmer grad elo! Liese mir d’Sintflut-Geschicht am Buch Genesis vläicht emol ënner dësem Aspekt, dass si eis och iwwer eis Zäit eppes seet, jo och eng Warnung an eng Ureegung ass. D’Kapitelen 6 bis 9 vun der Genesis kann een duerchaus esou aktualiséiert liesen a verstoen. Ëmmer nees fanne mir Feelentwécklungen awer dann och een Hoffnungsschimmer. (Gen 6, 1-8: Fehlentwicklung und Hoffnungsschimmer.) Wa mir dann éierlech genuch sinn, kënne mir haut ee Rettungsplang opstellen fir dat, wat un Nout op eis zoukënnt. (Gen 6, 9 - 7, 24: Ein Rettungsplan für das Kommen der Flut.) A schliisslech kënne och mir eis haut hi wenden zu engem neie Liewen, ee Liewen, dat respektvoll mat all Wiesen, mat der Schëpfung insgesamt ass. (Gen 8, 1 - 9,17: Wende zu neuem Leben.) Ech fannen grad des Iddien passe gutt zum Hierdebréif, deen eisen Här Äerzbëschof fir dëse Sonndeg geschriwwen huet. Hie schwätzt vun "Die Kirche im Aufbruch". "Mir wësse schonn eng Zäit laang, datt an der Kierch net alles ka bleiwen, wéi et schonn ëmmer war." Mir mussen aus deene klengen "Hoffnungsschimmer", ee Rettungsplang opstellen, deen hiféiert zu enger Wend vu neiem Liewen vun eiser Kierch. „Kirche im Aufbruch“, eise Poopst wënscht sech, wéi eisen Här Äerzbëschof schreift "eng Gemeinschaft vu missionaresche Jüngerinnen a Jünger, déi d’Initiativ ergräift an op d’Mënschen zougeet. Eng Gemeinschaft, déi sech abréngt an eiser Welt a sech an den Déngscht huele léisst, besonnesch vun deene Benodeelegten. Eng Gemeinschaft, déi all dat begleet, wat de Mënsche vun haut wichteg ass." Klamme mir also aus eiser Arche eraus a maache mir eis dozou op de Wee. Fürbitten
Gott huet mat sengem Vollek Israel an iwwer si mat eis ee Bond geschloss. Als seng Kanner dierfe mir elo virun hien trieden a bieden.
Gudde Gott, mat dir un eiser Säit iwwerhuele mir mat groussem Mutt Verantwortung fir eis Welt. Deng Trei schenkt eis Zouversiicht a Sécherheet. Mir soen dir Merci, elo an an all Éiwegkeet. Amen. II
Le Seigneur a partagé notre vie terrestre. Il est devenu l’un de nous et est allé jusqu’au bout de la souffrance humaine. Tournons-nous vers lui avec un cœur désireux d’être transformé.
Père de bonté, vers toi nous élevons nos âmes. Vois notre misère et entends nos supplications; qu’elles touchent ton cœur de Père. Nous te le demandons par le Christ, Jésus, notre Seigneur, qui règne avec toi et le Saint-Esprit, pour les siècles des siècles. Amen. Gowegebiet
Här, eise Gott, mir bréngen Brout a Wäin fir dat hellegt Affer, dat mir zum Ufank vun dëser Faaschtenzäit feieren. Huel mat dëse Gowen eis selwer un a vereeneg eis selwer mat dem Affer vun dengem Jong, dee mat dir lieft a regéiert an all Éiwegkeet. Amen. Avec cette eucharistie, Seigneur, nous commençons notre marche vers Pâques: fais que nos cœurs correspondent vraiment à nos offrandes. Par Jésus. Wir danken dir, unser Gott, für alles, was du uns anvertraust. Segne diese Gaben und verleihe uns, in der Kraft deiner Liebe unseren Schwestern und Brüdern zu dienen durch Christus, unsern Herrn. Hochgebet – „Vergebung“
Sanctus Heiliger Gott, wir danken dir, für die Botschaft von der Vergebung, Er, der ohne Sünde war, ließ sich unter die Sünder zählen: Gott, barmherziger Vater, du erwartest von allen, So bitten wir dich, allmächtiger Gott: Er nahm am Abend vor seinem Leiden das Brot in seine Hände, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens! Gott, unser Vater, wir gedenken deines Sohnes: Gott, wir bitten dich: Sende den Geist Jesu Christi jetzt in dieser Stunde, Lass uns seinen heiligen Leib nicht zum Gericht werden, Gib uns einen neuen Geist, den Geist der Buße und der Geduld. Gedenke unserer Verstorbenen, die uns mit dem Siegel des Glaubens Wir Sünder hoffen auf deine Barmherzigkeit. Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
De Jesus gouf vu verschiddenen Versuchungen geplot. Mir selwer kennen dat an eisem Liewen och ëmmer nees. Heiansdo kënnen mir net widderstoen a ginn esou munchem no, wat fir eis selwer dann net gutt ass. Biede mir mat dem Gebiet vum Jesus, dass Gott selwer eis hëlleft, aus Léift an aus Respekt virun enaner a virun him, verschount bleiwen vun all deem, wat net gutt ass. Vater unser … Friddensgebiet
Jesus Christus huet de Mënschen ëmmer nees Versönung geschenkt. Hie selwer ass de Fridden vu Gott fir eis. Dofir froe mir: Här Jesus kuck net op eis Feeler mä op eise gudde Wëllen a schenk eis ëmmer nees nei däi Fridden. De Fridden vu Jesus Christus sief mat iech all. Schlussgebiet
Gudde Gott, du hues eis d’Brout vum Himmel ginn, fir datt Glawen, Hoffnung a Léift an eis wuessen. Erhal an eis d’Verlaangeren no dësem echte Brout, dat der Welt d’Liewe gëtt, a stäerk eis mat jidder Wuert, dat aus dengem Mond ervirgeet. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen. Le pain que nous avons reçu de toi, Seigneur notre Dieu, a renouvelé nos cœurs: il nourrit la foi, fait grandir l’espérance et donne la force d’aimer; apprends-nous à toujours avoir faim du Christ, seul pain vivant et vrai, et à vivre de toute parole qui sort de ta bouche. Par Jésus. Gott und Vater unseres Herrn Jesus Christus. Du hast uns in Jesus das Brot geschenkt, das der Welt Leben gibt. Wir danken dir dafür und bitten dich: Verbanne Ichsucht und Lieblosigkeit aus unserer Mitte und führe uns durch deine Liebe zu mehr Engagement für dein Reich in dieser Welt. Darum bitten wir durch Christus, unsern Herrn. Seegen
Gib uns den Mut, Gott, schwere Entscheidungen anzugehen. So segne uns und alle, die uns wichtig sind, der gütige Gott:
|