Pilgermass fir d’Dekanat Lëtzebuerg

Méindes, de 7. November 2022 - Festdag vum Hellege Willibrord


Home GoBack Print Kontakt

Willibrordusoktav 2022

Méindes, de 7. November 2022
Festdag vum Hellege Willibrord
Pilgermass fir d’Dekanat Lëtzebuerg
Texter vum Festdag vum Hellege Willibrord a Ps 96(95)

Oktavpriedegt vum Josiane Mirkes



1. Lesung 1 KOR 1,18-25

Lesung aus dem ersten Brief an die Korinther
Denn das Wort vom Kreuz ist denen, die verlorengehen, Torheit; uns aber, die gerettet werden, ist es Gottes Kraft.
Es heißt nämlich in der Schrift: Ich lasse die Weisheit der Weisen vergehen und die Klugheit der Klugen verschwinden.
Wo ist ein Weiser? Wo ein Schriftgelehrter? Wo ein Wortführer in dieser Welt? Hat Gott nicht die Weisheit der Welt als Torheit entlarvt?
Denn da die Welt angesichts der Weisheit Gottes auf dem Weg ihrer Weisheit Gott nicht erkannte, beschloß Gott, alle, die glauben, durch die Torheit der Verkündigung zu retten.
Die Juden fordern Zeichen, die Griechen suchen Weisheit.
Wir dagegen verkündigen Christus als den Gekreuzigten: für Juden ein empörendes Ärgernis, für Heiden eine Torheit,
für die Berufenen aber, Juden wie Griechen, Christus, Gottes Kraft und Gottes Weisheit.
Denn das Törichte an Gott ist weiser als die Menschen, und das Schwache an Gott ist stärker als die Menschen.


Psalm 96(95)

Kv Kündet den Völkern die Herrlichkeit des Herrn!
Singet dem Herrn ein neues Lied, *
singt dem Herrn, alle Lande,
singt dem Herrn, preist seinen Namen! *
Verkündet sein Heil von Tag zu Tag! – (Kv)
Erzählt bei den Nationen von seiner Herrlichkeit, *
bei allen Völkern von seinen Wundern!
Denn groß ist der Herr und hoch zu loben, *
mehr zu fürchten als alle Götter. – (Kv)
Hoheit und Pracht sind vor seinem Angesicht, *
Macht und Glanz in seinem Heiligtum.
Bringt dar dem Herrn, ihr Stämme der Völker, *
bringt dar dem Herrn Ehre und Macht! – (Kv)
Verkündet bei den Nationen: * Der Herr ist König!
Fest ist der Erdkreis gegründet, er wird nicht wanken.*
Er richtet die Völker so, wie es recht ist. – Kv


Evangelium MK 16,15-20

Aus dem Evangelium nach Markus
Dann sagte er zu ihnen: Geht hinaus in die ganze Welt, und verkündet das Evangelium allen Geschöpfen!
Wer glaubt und sich taufen läßt, wird gerettet; wer aber nicht glaubt, wird verdammt werden.
Und durch die, die zum Glauben gekommen sind, werden folgende Zeichen geschehen: In meinem Namen werden sie Dämonen austreiben; sie werden in neuen Sprachen reden;
wenn sie Schlangen anfassen oder tödliches Gift trinken, wird es ihnen nicht schaden; und die Kranken, denen sie die Hände auflegen, werden gesund werden.
Nachdem Jesus, der Herr, dies zu ihnen gesagt hatte, wurde er in den Himmel aufgenommen und setzte sich zur Rechten Gottes.
Sie aber zogen aus und predigten überall. Der Herr stand ihnen bei und bekräftigte die Verkündigung durch die Zeichen, die er geschehen ließ.


Priedegt

Léif Pilgerinnen a Pilger aus dem Dekanat Lëtzebuerg, schéin, dass Dir hei sidd. Um Festdag vum Hellege Willibrord freeë mir eis besonnesch, fir mat Iech ze feieren.

Eng lieweg Gemeinschaft, net op Sand gebaut! Dat ass déi Hoffnung, déi den Hellege Willibrord a sech gedroen huet, wéi hien sech 690 mat 11 Gefährten aus dem iresche Klouschter zu Rathmelsigi op de Wee gemaach huet fir Friesland ze missionéieren. Wann Dir haut déi 2. Kierchefënster op der rietser Säit kuckt, da gesitt Dir an den 3 mëttleren Deeler uewen de Willibrord, éier hien sech op de Wee mécht mat senge Gefährten. Sou wéi déi 12 Apostel sinn si ënnerwee. „Im Alter von 33 Jahren wuchs in dem aussergewöhnlichen Mann ein immer stärkeres Glaubensfeuer im Innern, so dass es ihm unbefriedigend schien, sich nur für seine eigene Person in der Heiligung abgemüht zu haben, wenn er nicht auch anderen durch die Verkündigung der Wahrheit von Nutzen wäre.“ (Alcuin)

De Willibrord läit an enger Haltung vu Gebiet um Buedem fir de gëttleche Seegen ze erbieden. Hannert him sti seng Gefährten vun deenen e puer de Märtyrerdoud stierwe wäerten. Si hunn e Buch dobäi, warscheinlech dat Evangeliar, dat haut zu Paräis versuergt gëtt an nom Willibrord bezeechent gëtt. Op sou Reese sinn a Wierklechkeet wuel méi handlech Kopie vun der Helleger Schrëft matgeholl ginn. Eng Käerz deit op d’Liicht vum Glawen hin, wat a Friesland soll opschéngen.

Déi Rees war en Abenteuer. Et war sécher kee Croisièresschëff, wou se dra souzen. Den Här Seiler sot eis am Lycée, si wieren an enger Nossschuel iwwer d’Mier komm. Dat seet eppes aus iwwer d’Abenteuerlust vum Willibrord a senge Leit, iwwer seng Risikofreedegkeet, einfach emol eppes ze woen, eppes ze probéieren, an, et weist wuel och säi Gottvertrauen. Si haten just sech selwer, d’Helleg Schrëft an dat Allernéidegst dobäi. “Wer wagt, gewinnt.”

Dat bréngt mech an eis Zäit. Mir woen net méi gären, a schonns guer net fir eise Glawen. Wann, dann fir eise perséinleche Pleséier. Mee fir de Glawen: no risk! An leider och ëmmer méi: no fun.

Mir hunn et ze laang bäi feste Strukture gelooss, hänken dorunner, klammeren eis un Dogmen, u Reegelen. Wann de Willibrord sou ugepasst gewiescht wier, géife mir hei haut net iwwer sengem Graf stoen, um Fundament vu sengem Graf. Da wier hei net am 7./8. Joerhonnert missionéiert ginn, et wier keng Schreiwschoul entstanen an och keng Abtei. Do war schonns deemools méi Wuppes an och méi Konzentratioun op dat Wesentlecht. Kloer, mir kënnen d’Zäit vun deemools net op haut 1 zu 1 iwwerdroen an och net an den direkte Vergläich setzen. An awer, se kann eis inspiréieren, emol nozedenken a Kraaft ze tanken fir d’Zukunft. De Willibrord huet deemools net gefaart. Haut fäerte mir. Zwar net fir engem emol d’Wourecht ze soen, mee fir eppes Neies ze woen, fäerte mir, eppes richteg Neies, op dem urale éierwierdege Fundament vum Message vu Gott, deen och schonn de Willibrord geleet, ugedriwwen huet. Ech denken, d’Fundament op der helleger Schrëft, d’Fundament vum Glawen huet him Flilleke gemaach, fir emol e Bild ze gebrauchen.
Wéi gären hu mir d’Helleg Schrëft an de Message vu Gott, d’Zeechness vu Jesus Christus? Si mir prett, eppes ze woen?

Kloer, et ka geféierlech ginn, well et kann een eventuell d’Kontroll verléieren, wann een Neies zouléisst. Wann een d’Kontroll awer partout wëll behalen, dann gëtt et langweileg. D’Langweil ass eng reell Gefor, eng Gefor, déi mir net ënnerschätzen däerfen.

E Beispill: Mir hunn dëst Joer, sou wéi schonn Ufank 30 Joer virdrun elo fir Allerhellegen Kierfechter geseent. Ass dat e Ritus? Just e Ritus? E Ritual? Oder kucke mer, wien do steet, wéi d’Leit reagéieren, ob hinnen dat, wat mir soen a maachen, nach eppes seet? Schwätze mer mol mat hinnen do driwwer oder maache mer sou wéi ëmmer? Seet dann een eng Kritik, si mir dann op dofir oder verfale mir dann an dat üblecht Selbstmitleid, dass mir awer net eescht geholl ginn, an net wouer geholl ginn an Allem wat mir jee gemaach hunn etcpp?

Wéi mir déi synodal Consultatioun ugefaangen hunn, si mir ugetrueden, dass mir d’Leit géifen eescht huelen a lauschteren. Fir dass eist Lauschteren e Fundament hätt, an d’Aussoen, déi d’Leit maachen, och, hu mir eis ëmmer ënner e Gebiet gestallt, an der Offenheet fir d’Kraaft vum Geescht vu Gott, déi eis leeden an inspiréiere soll. Mir hate schonns méi oft sou Momenter, wou mir de Leit gesot hunn, dass mir géife lauschteren: Lëtzebuerger Synod, Kierch 2005, pak mat un. Mir hunn eist ganzt Vertrauen an dësen oder dee Personalwiessel geluecht, an der Hoffnung, dass en neie Bëschof, en neie Paschtouer, en neie Laiemataarbechter géif déi Wonner wierken, déi bis elo net gewierkt waren. Mir hu ze wéineg op Gott vertraut a vill ze vill op anerer gewaart, statt selwer aktiv ze ginn an ze maachen, net blannemännerches, mee op engem seriöe Fundament. Deemools wéi de Motto war „Pak mat un” erënneren ech mech un eis dach platt Witzen: „Pak mat an”. Apaken ass dach dat, wat mir net wëllen. Also musse mir Konsequenzen zéien a selwer eppes änneren, maachen. Wann ech haut d’Texter vum Festdag vum hellege Willibrord kucken, dann gi mir all opgeruff, d’Botschaft vum Jesus ze verkënnegen. Mir all, net nëmme männlech zölibatär liewend Persounen, mee jiddereen, jo, dir an ech souguer och! Bäi Gott si mir all gewollt. Ech beleeën dat net theologesch, bewosst net. Et ass eng mënschlech Wourecht. Déi kierchlech Gemeinschaft brauch eis all, Männer a Fraen, Kanner, eeler Leit, Gesonder a Kranker. Wat si mir bereet ze ginn?

„Wéini hu mer opgehalen, eis echt ze investéieren fir d’Pastoral?“ dat war eng Ausso, déi virun enger Zäit ee vu menge Cheffen am Bistum gemaach huet, enfin de Wortlaut war méi drastesch, mee dëst ass de Message. Wat si mer bereet ze ginn?

De Willibrord läit a Gebietshaltung do fir de Seege vu Gott ze erbieden, éier hien sech op de Wee mécht. Leeë mir eis an d’Gebietshaltung, gi mir zréck op eist Fundament, op déi frou Noriicht vu Gott an den Texter vun der helleger Schrëft, oder kucke mer roueg no, wéi d’Mënschheet no an no um Buedem läit, ouni Orientéierung oder ouni Kraaft, ouni Richtung am Liewen?

Hei an der Basilika gëtt nawell heiansdo dat Lidd gesongen „Hier liegt vor deiner Majestät im Staub die Christenschar.” Ech well net no Schold sichen firwat dass d’Chrëschtemannschaft um Buedem läit. Wuel net well se grad amgaang wier ze bieden, mee well se net méi eens gëtt, an et hinnen u Liewensperspektive feelt. Fir all déi Kéieren wou ech dozou bäigedroen hunn, dass een um Buedem läit, deet mir dat jiddefalls leed.

Wat huet Iech haut heihinner gefouert? Also et geet net ëm den Auto oder de Bus, mee ëm är Beweeggrënn, är déif ënner Beweeggrënn. Huet een Iech nogelauschtert a gefrot, wéi et Iech als Chrëschte geet? Jo, haut hei geet?

Dir sidd wichteg, an et ass all Dag derwäert, dass mir een op den anere kucken an een op den aneren lauschteren. Ech hunn dat fest Vertrauen, dass mir Gott dee Moment ufänken, ze verkënnegen, wa mir eis an d’Aen kucken an de Bléck ee vum aneren aushalen. Genee da fänkt eis Gemeinschaft un, lieweg ze ginn. All Joer sange mir hei mehrmools e Psalmvers „Kündet den Völkern die Herrlichkeit des Herrn”. Jo, un eis all ass et, d’Herrlechkeet vu Gott ze verkënnegen, grad der Chrëschtemannschaft, déi am Stepps vum Buedem läit. Wéi kënne mir besser op si lauschteren an sou e Schimmer vum Gottvertrauen vum Willibrord eriwwerbréngen?

En 690, Willibrord embarquait pour la Frise avec onze disciples. Dans leurs bagages, ils avaient les saintes écritures, la bonne nouvelle de Dieu et de Jésus et la volonté inébranlable de l’annoncer aux gens qu’ils rencontraient sur leur chemin. Qu’en est-il pour nous ? Sommes-nous prêts de nous investir ? Quelle est la nouvelle que nous sommes prêts d’annoncer ? Avons-nous reconnu de quoi les gens ont besoin ? Écoutons-nous, sommes-nous sensibles et prêts pour les changements qu’exige notre temps ? Laissons-nous inspirer par le courage et la confiance en Dieu de Saint Willibrord.


Links:

Willibrordusoktave 2022

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement