Härläichendag 2026


Home Back Print Parbüro

Härläichendag ass e besonnescht Fest vun eisem Glawen. Mir hunn op dräi Plazen eng Prëssessioun.
  • Samschdes, den 6. Juni zu Bur
  • Sonndes, den 7. Juni zu Iechternach
  • Sonndes, den 7. Juni zu Rouspert

Mir invitéieren Iech ganz häerzlech fir mat eis ze feiern, d’Haiser ze rëschten an d’Fändelen erauszehänken.

Bur

Samschdes, den 6. Juni feieren mir d’Mass um 18 Auer an der Kierch zu Bur, duerno geet d’Prëssessioun duerch d’Schlass- an Duerfstrooss laanscht déi verschidde Kapellen aus dem Duerf erëm an d’Kierch zréck, wou de Schlusssege gespent gëtt.

Opstellung: Massendinger mam Kräiz, Musik, Kanner a Kommiounskanner, Massendinger, Allerhellegst, Autoritéiten, Gesangveräin, d’Leit all.

D’Kommiounskanner aus der Gemeng huelen, wéi et Brauch ass, an hirem festleche Kommiounsgezei un der Mass an un der Prëssessioun deel. D’Kommiounsmeedercher vun dësem, sinn invitéiert an hirem festlechen Gezai Blummen ze streeën. Si treffen sech um 17.30 Auer

Blummebléie gi gebraucht fir d’Streekanner: Vu Freides u steet e Kuerf an der Kierch fir d’Bléien aus Gaard a Flouer ofzeginn.
 

Iechternach

Sonndes den 7. Juni feiere mir um 9.00 Auer d’Mass an der Basilika. Duerno geet d’Prëssessioun dee selwechte Wee, wéi déi läscht Joeren. De sakramentale Segen ass bei den Altär vum Dechenshaus (rue de la Montagne), um Moart (Place du Marché), bei der aler Jugendherberg (rue André Duchscher) an an der Basilika, wou den Ofschloss ass.

Opstellung: Massendénger mam Kräiz, Harmonie municipale, d’portugiesesch Kommunotéit, d’Statue vun der Tréischterin, d’Schoul-an d’Kommuniounskanner, Massendénger, dat Allerhellegst, Basilika-Chouer an d’Leit alleguer.

D’Kommuniounskanner vun de Gemengen Bech, Befort, Berdorf, Consdorf, Iechternach a Lënster sinn invitéiert matzefeieren. Si kommen mat hirer Famill an hire Frënn an d’Mass a ginn duerno mat an der Prëssessioun.
 

Rouspert

Mir feieren d’Mass Sonndes, den 7. Juni em 9.30 Auer an der Kierch, duerno geet d’Prëssessioun den Tudorsbeerg erof bis bei de Kiosk, da laanscht de Kierfecht zréck bis virun d’Kierch, wou et um Irminebuer de Schlusssegen gëtt.

Opstellung: Massendinger mam Kräiz – Pompjeen – Muttergottesfändel – Meedercher an Dammen – Musik – Männergesangveräin – de Kannerfändel – Kanner a Kommiounskanner – Massendinger – Allerhellegst – Autoritéiten – Männer – de Mëchelsfändel.

D’Kommiounskanner D’Kommiounskanner aus der Gemeng huelen, wéi et Brauch ass, an hirem festleche Kommiounsgezei un der Mass an un der Prëssessioun deel. D’Kommiounsmeedercher vun dësem, sinn invitéiert an hirem festleche Gezei Blummen ze streeën. Si treffen sech um 9.00 Auer.
 

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement