Muttergottesoktave op der Giischterklaus

Programm 2025


Home GoBack Print Kontakt


Sonndes, 11. Mee + Sonndes 18. Mee

09.00 Hl. Messe
15.30 Rosenkranz
16.00 Oktavandacht


Méindes, 12. Mee bis Freides 16. Mee +
Méindes 19. Mee bis Freides 23. Mee

18.30 Rousekranzgebiet
19.00 Mass


Sonndes, 25. Mee- Schlussoktave

09.00 Mass
15.30 Rosenkranz

400 Joer Maria als Tréischterin zu Lëtzebuerg mat um Wee

esou feiert d’Kierch zu Lëtzebuerg bis de Schlussoktavsonndeg. An eiser Par wäerten et den 10. Mee 80 Joer hier sinn, datt d’Gnodebild vun der Giischterklaus aus der Evacuatioun zréckkomm ass. Wéi am Oktober 1944 d’Leit aus der Ënnersauergéigend wéint dem Gekrichs ronderëm ’däitsch Grenz Haus an Haff verloosse mussten, hat déi jonk Marie Schou d’Initiative ergraff d’Muttergottesstatue vun der Klaus mat aus der Geforenzone ze retten. Am Stater Bistum krut déi al Mariefigur e séchert Ënnerdaach ier si du fir d’Oktav 1945 an d’Rousperter Kierch koum. Zwee Deeg nom Enn vum II. Weltkrich an op deem Dag, wou fënnef Joer virdrun Nazidäitschland Lëtzebuerg besat hat, gouf ’Muttergottes op Christi Himmelfaart nees an hir Klaus heembruecht.

Well mir viru fënnef Joer coronabedingt dat net feiere konnten, wëlle mir um 1. Oktavsonndeg, den 11. Mee 2025 um 80. Anniversaire dorun erënneren. Och op de
schwéiere Weeër vun de Mënschen haut wëllt d’Maria matgoen. Hiert Beispill an hiert Gebiet kënnen eis Trouscht a Courage schenken.

8.00 Pilgergang zu Fouss vu Rouspert op d’Klaus
9.00 Mass mat Widmung vun den Eischtkommiounskanner un d’Muttergottes. Duerno Pilgerkaffi amBrudderhaus
11.00 Concert organiséiert vun der Iechternacher Musiksschoul.
15.30 Rousekranzgebied
16.00 Oktavandacht

Wéint der Priisterwei, déi ewell um Fest vun der Tréischterin an eiser Diözes gehale gëtt, a wéint dëser Commémoratioun entfalen dofir d’Dingschter Samsdes de 17. Mee muerges op der Klaus.

Luc Schreiner

Links:

Oktave
Giischterklaus

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement