E Message fir Ouschteren

vum Francis Erasmy curé-modérateur et recteur de la Basilique


Home Back Print Kontakt Link

E Message fir Ouschteren
vum Francis Erasmy
curé-modérateur et recteur de la Basilique

Dëst Joer ass alles anescht: eng Ouschternuecht kënne mer net zesumme feieren, grad wéi all aner Gottesdéngschter, déi bis op weideres wéinst der Corona-Kris annuléiert sinn. An awer feiere mer an der ganzer Welt Ouschteren: d’Opersteeung vum Jesus, d’Invitatioun zum Liewen.

D’biblesch Texter, déi fir d’Ouschternuecht virgesi sinn, erzielen eis vun engem Gott, dee säi Vollek ni ellen gelooss huet, duerch all Zäiten an all Schwieregkeeten erduerch. D’Welt verännert sech, mir veränneren eis, mä den Härgott verännert sech net, hie bleift sech selwer trei.

Op Ouschteren erzielt eis de Johannes a sengem Evangelium vun engem eidele Graf. A vun engem Jünger, dee net mam Numm genannt gëtt, mä “der Jünger, den Jesus liebte”: Hien huet gesinn a gegleeft. Dëse Jünger ass der Traditioun no de Johannes. Hie gesäit dat eidelt Graf a gleeft. Hien ass am Fong geholl den eenzegen, deen direkt versteet ëm wat et geet. Wéi säi Numm et schonns seet: Duerch d‘Léift, de Bléck vum Häerz, kann hie verstoen a gleewen. ’Léift/Frëndschaft gesäit Saachen, spiert villes, wat d’Aen vum Verstand net verstoe kënnen, do brauch et keng Beweiser.

Den Johannes mécht d’Erfarung, datt mam Doud vum Jesus net einfach alles eriwwer war, mä datt d’ Léift méi staark ass. Gott zitt säi Jo zu eisem Liewen net zréck. Seng Léift begleet ons grad a Momenter vun Däischtert a Sënnlosegkeet, Angscht, Krankheet, Elengsinn: Dem Härgott seng Léift ass méi staark, wéi den Doud!

En Text vum Dietrich Bonhoeffer dréckt dat ganz gutt aus:
„Bei Gott wohnt die Freude, und von ihm kommt sie herab und ergreift Geist, Seele und Leib, und wo diese Freude einen Menschen gefasst hat, dort greift sie um sich, dort reißt sie mit, dort sprengt sie verschlossene Türen.

Es gibt eine Freude, die von Schmerz, Not und Angst des Herzens gar nichts weiß; sie hat keinen Bestand, sie kann nur für Augenblicke betäuben.

Die Freude Gottes ist durch die Armut der Krippe und die Not des Kreuzes gegangen; darum ist sie unüberwindlich, unwiderleglich.

Sie leugnet nicht die Not, wo sie da ist, aber sie findet mitten in ihr, gerade in ihr, Gott; sie bestreitet nicht die ernste Sünde, aber sie findet gerade so die Vergebung; sie sieht dem Tod ins Auge, aber sie findet gerade in ihm das Leben. Um diese Freude, die überwunden hat, geht es. Sie allein ist glaubwürdig, sie allein hilft und heilt.

in: Dietrich Bonhoeffer Werke, Band 16: Konspiration und Haft 1940-1945, hrsg. v. Jørgen Glenthøj, Ulrich Kabitz und Wolf Krötke, München: Chr. Kaiser Verlag 1996, S. 373f.

Ech wënschen Iech, och am Numm vun der Pastoralekipp, e geseentent Fest vun Ouschteren. Ech wënschen Iech an all deenen, déi iech uvertraut sinn, datt Dir an dëser Zäit vun der Kris, d’Erfarung maacht, datt mir vum Liewe gedroen sinn. E Liewen, dat méi staark ass wéi den Doud, e Liewen, dat Gott eis geschenkt huet.


Links:

Top

Gedanken

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement