Auf der Spur des unbekannten Gottes.

Christsein in moderner Welt


Home GoBack Print Kontakt

De studéierten Theolog, Journalist a Publizist, Johannes Röser, geet a sengem Buch op eng wierklech grouss an interessant Rees no der Fro vu Gott an eiser moderner Zäit. A 15 Kapitelen deklinéiert hien an enger ganz liesbarer a fir jiddereen verständlecher Sprooch déi grouss Froen, déi ee grad haut huet, wann een sech e wéineg méi genee a méi déif mat eisem chrëschtleche Glawe wëll beschäftegen. Ganz dacks gi mir mat Meenungen konfrontéiert, déi scheinbar géint eng Existenz vu Gott schwätzen. Net seelen gëtt awer an deene Meenungen och een äusserst primitiivt Bild vu Gott ënnerstallt, dat weder an der Vergaangenheet nach haut d’Iwwerzeegung vun engem Gleewege ka sinn. Natierlech hunn och mir als Kierch iwwer vill Joerhonnerten ewech ee Bild vu Gott gezeechent, dat wierklech net besonnesch charmant a scho guer net richteg war. Ee Gott, dee strooft an dee wéi en Ierbessenzieler all Feeler vum Mënsch notéiert, ass laang als Menace opgebaut ginn, fir Mënschen an eng bestëmmte Richtung ze lenken. Mä och primitiv oder kannereg Virstellungen vu Gott, dee quasi wéi een Zauberer an eis Welt géif agräifen, wa mir hien nëmmen genuch dofir géifen uruffen, ginn enger Virstellung vun engem echten, plausibele Gott net gerecht.

Mir mussen deemno haut ganz gutt oppassen, wat mir eis virstellen, wa mir vu Gott schwätzen. Den Johannes Röser diskutéiert vill Aspekter, déi eis d’Aen kënnen opmaachen fir ee kritescht an och der haiteger Zäit entspriechend Bild vu Gott. Mir dierfen eis do och net scheien an neie Kategorien ze denken. Eist reliéist Denken ass ganz dacks zimmlech ënnerentwéckelt an och primitiv. (S. 136) Mir mussen eis deemno selwer ëmmer nees drëm beméien, dass eist Denken iwwer Gott deem duer hält, wat mir soss an eisem Liewen maachen. Et gi vill Weeër sech Gott ze denken. Déi musse mir jeeweils sichen.

Et muss ee sécherlech net an alle Punkten mam Johannes Röser averstane sinn. Awer dëst Buch bitt eng grouss Ureegung, fir selwer iwwer deen eegene Glawen nozedenken. Et gëtt engem ganz gutt Argumenter un d’Hand, déi een als Grondlag fir eng fair Diskussioun an eiser Zäit ka gebrauchen, wann een säi Glawen wëll plausibel erklären. Do sinn an den éischte Kapitelen munch Gedanken zu den Naturwëssenschaften an der Evolutioun vum Liewen, déi engem hëllefen och haut säi Glawen u Gott ze begrënnen.

Ee groussen Deel vum Buch erzielt dann och d’“Evolutioun“ vum Glawen u Gott un sech. Wéi koumen d’Mënschen a fréieren Zäiten iwwerhaapt dozou fir sech lues a lues un een transzendente Gott erun ze taaschten? (vgl. Kapitel V. Wie Gott Gott wurde, S. 89ff.) Da ginn et och Passagen, wou den Röser d’Denke vun aktuellen Philosophen duerstellt, wéi beispillsweis den Jean-Luc Marion (S. 141-144), wat äusserst opschlossräich ass.

Awer natierlech musse mir eis och mat eisen eminent chrëschtlechen Iwwerzeegungen ausenaner setzen. Villes ass nu mol haut a Fro gestalt. A grad do musse mir eis nei opstellen. Sécher musse mir endlech erëm eis Relioun als „Liebesreligion“ (S. 167) nei entdecken a kritesch op esou munch falsch Entwécklungen an eiser Geschicht, jo och nach haut, kucken. De Glawen insgesamt muss ee wuel am Kontext vun der Evolutioun gesinn. En ass selwer eppes, dat sech entwéckelt. Mä do hu munch Glawensautoritéiten bis haut Angscht virdrun. (Vgl. S. 172) Mir dierfen eis net an een Traditionalismus verléieren. Grad „Denkfaulheet a Meenungschwächt“ schafen net Toleranz mä Intoleranz. (S. 175)

Op weidere Säiten diskutéiert den Auteur dann och mat ville Facetten eist kierchlecht a sakramentaalt Liewen. Vill Aspekter hunn ech do kënnen entdecken, déi ech perséinlech duerchaus esou kann ënnerschreiwen. Natierlech soll een ëmmer gesinn, wat Sënn mécht a wat eben net. Mir mussen eis onbedéngt haut froen, wat wesentlech ass fir dat kierchlecht Liewen. (Vgl. S. 354f.) Et féiert kee Wee derlaanscht fir sech deene Froen éierlech ze stellen. Mir kënnen net waarden bis et nach méi schlëmm gëtt. An awer dierf een d’Hoffnung net opginn a weider ee Liewe laang ëm a mat deem Gott kämpfen. (Vgl. 357ff.)

Carlo Morbach


Johannes Röser: „Auf der Spur des unbekannten Gottes. “ Christsein in moderner Welt
Verlag Herder, Freiburg 2021, 380 Seiten, 28,00 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement